Du wëlls eng Kéier d’Chamber vu ganz no erliewen? D’Deputéiert vun der DP organiséiere reegelméisseg Chambersvisitten: Du kanns do e Bléck hannert d’Kulisse vun der Politik geheien a kriss gewisen, wéi d’Aarbecht am Parlament ofleeft. Donieft ginn et Erklärungen zur Geschicht vum Chambersgebai an och déi eng oder aner Anekdot.
Eis Deputéiert freeën sech fir dech, däi Veräin oder deng Schoulklass begréissen ze dierfen.