Zesumme mat iech Header

Zesumme mat iech

Politik fonctionéiert nëmmen als Ekipp. Dofir wëlle mir Lëtzebuerg mat iech zesumme gestalten. Informatioune ginn et op eise Kommunikatiounsplattformen. Do gitt dir och gewuer, wou dir eis begéine kënnt a wéi dir konkret matschaffe kënnt.

Stay tuned

Ob am Print, am Audio oder am Video – am DP Magazin an an eisem Podcast Kaffispaus gitt dir méi iwwert eis Aarbecht an iwwert d’Käpp vun der DP gewuer. An eisem Live Q&A-Format An d’Blot gefrot kënnt dir eise Politiker är Froe stellen.

FutureLab

Déi nei Iddis- an Talentschmëdd vun der DP fir Iddien an Talenter schaaft Raum fir déi politesch Entfalung a setzt op Participatioun. Am Kader vu reegelméissege Workshoppe a Formatioune wëlle mir zesummen iwwer politesch Themen diskutéieren, Positiounen ausschaffen an Erfarunge weiderginn!

Begéint eis

An eisem Meet & Greet kënnt dir perséinlech mam Xavier Bettel an aner DP-Perséinlechkeete schwätzen. Op eisen thematesche Konferenze kënnt dir iech mat eisen Experten austauschen. An op enger Chambervisitt entdeckt dir de Krautmaart zesumme mat eisen Deputéierten.

Schaff mat

Du hues eng gutt Iddi fir Lëtzebuerg weiderzebréngen? Da setz däi Virschlag an eise Iddiebox, maach mat bei engem vun de reegelméissege Workshoppen oder schreif dech an en Aarbechtsgrupp an. Am Future Lab kënne politesch Newcomer u Formatiounen deelhuelen.

Join the family