Parteistrukturen - Titel

Parteistrukturen

D’DP besteet aus lokalen, regionalen an nationale Strukturen, an deene sech déi méi wéi 6000 Membere kënnen engagéieren, austauschen an hir Iddien abrénge fir d’Land no vir ze bréngen.

Kongress

De Nationalkongress ass all Joer am Fréijoer e feste Rendez-vous fir all d’Memberen. Hei ginn d’Rapporte vun ënnert anerem dem Generalsekretär, dem Tresorier an de Bezierkspresidente presentéiert, d’Konte vun der Partei validéiert an d’Parteispëtzt grad ewéi d’Membere vum Comité Directeur gewielt.

Conseil National

De Conseil National ass dee gréisste Gremium vun der DP, wat d’Zuel u Participante betrëfft. De Comité Directeur kann ee Conseil National aberuffe fir säin Avis iwwer e bestëmmte politesche Sujet ofzeginn. Ausserdeem gëtt de Walprogramm fir déi legislativ Walen um Conseil National diskutéiert a validéiert.

Comité directeur

De Comité Directeur ass dat héchste Gremium an der DP, a këmmert sech ëm déi politesch an administrativ Leedung vun der Partei. Hei gëtt souwuel reegelméisseg déi aktuell politesch Situatioun diskutéiert, wéi och déi wichtegst Decisiounen an der Partei geholl, z.B. den Datum an d’Plaz vum Nationalkongress, d’Aberuffe vun engem Conseil national, oder nach d’Zoustëmmung zum Koalitiounsaccord an d’Nominatioun vun den DP-Vertrieder an enger Regierung.

Bureau exécutif

D’Aufgab vum Bureau exécutif ass et, d’Decisioune vum Comité Directeur auszeféieren an d’Aarbecht an der Partei ze koordonnéieren.

Regionalcomité

Déi véier Walbezierker ginn all vun engem regionale Comité geleet, deen souwuel d’Aarbecht an an tëscht de lokale Sektiounen ënnerstëtzt a koordinéiert.