Wie mir sinn

D’Demokratesch Partei steet fir eng sozial a liberal Politik. D’DP setzt sech op all Niveau fir méi Liewensqualitéit an:  ob an der Regierung, an der Chamber, an Europa oder an eise Gemengen.

Partei

D’DP, dat si virop iwwer 6.000 Memberen, déi eis Valeuren an Iddien ënnert der Leedung vum President Lex Delles a vun der Generalsekretärin Carole Hartmann vertrieden.

D'DP an der Regierung

D’DP an der Regierung, dat ass de Garant fir eng oppen, sozial-liberal Politik zu Lëtzebuerg. Eise Vizepremier an Ausseminister Xavier Bettel suergt mat senge Ministerkolleegen a mat der ganzer Fraktioun dofir, datt d’Prinzippien an d’Iwwerzeegunge vun der DP weider hei am Land garantéiert bleiwen.

D'DP an der Chamber

D’Ekipp ronderëm de Fraktiounspresident Gilles Baum vertrëtt an der Chamber déi zéngdausende Wieler, déi der DP bei de leschte Walen hiert Vertraue geschenkt hunn.

D'DP an Europa

Mir sinn eng duerch an duerch pro-europäesch Partei. De Charles Goerens setzt sech am europäesche Parlament fir e méi staarkt Europa an. Och eis aner Vertrieder an den europäeschen Institutiounen gi Lëtzebuerg eng staark sozial-liberal Stëmm an Europa.

D'DP an de Gemengen

Lëtzebuerg huet eng laang Traditioun vu liberale Gemengepolitiker, déi sech fir déi lokal Interessie vun hire Matmënschen asetzen. D’DP an de Gemenge steet fir eng innovativ Politik, no bei de Bierger.

DP International

D’Ekipp ronderëm de President Artur Sosna an déi zwee Koordinateure Jean-Christophe Dauphin a Luis Oliveira, regroupéiert DP-Memberen aus dem ganze Land, deenen hir Mammesprooch net Lëtzebuergesch ass. D’DP International organiséiert Workshoppen, Aarbechtsgruppen, Visitten a soss Evenementer, déi meeschtens op Englesch an op Franséisch sinn.

Eis Geschicht

Eis Geschicht Colette Flesch

D’DP huet eng laang Geschicht mat villen Héichpunkten, politesche Succèsen, grousse Perséinlechkeeten a spannende Geschichten. D’Protagoniste vun deemools verzielen hir markansten Erliefnisser.

Eis Geschicht Colette Flesch

GËFF EN DEEL VUN DER DP