Evolutioun vun der Staatsquot

Eis Staatsfinanze sinn an de leschte Joren duerch déi verschidde Krise méi belaascht ginn. De liberalen Deputéierten André Bauler huet beim Finanzministère nogefrot wéi sech d'Staastquote iwwert déi lescht Joer entwéckelt huet.

Fro

„An Däitschland ass déi sou genannt „Staatsquote“, also de Rapport tëscht den Depensë vum Staat am Verglach zum PIB, op 49,50% geklommen. Déi niddregst „Staatsquote“ ass aktuell déi vun Irland (23,50%) an déi héchst ass déi vu Finnland (57,60%).

An deem Kader wollt ech dem Här Finanzminister follgend Froe stellen:

  • Wéi huet sech „d’Staatsquote” hei zu Lëtzebuerg zanter 2010 entwéckelt?
  • Wéi situéiert sech Lëtzebuerg am Verglach mat allen aneren EU-Staaten?
  • Wat fir Facteuren hunn zur Entwécklung vun der haiteger „Staatsquote“ bäigedroen a wéi gesinn d’Perspekcve bis zum Joer 2030 aus? 

Wéi huet sech d’Staatsschold am Verglach zum PIB zanter 2010 entwéckelt a wéi situéiert sech Lëtzebuerg an deem Kontext am Verglach zu deenen anere Länner? “

Äntwert

  1. Wéi huet sech „d’Staatsquote” hei zu Lëtzebuerg zanter 2010 entwéckelt?

Déi sougenannte Staatsquote entsprécht dem Verhältnis tëscht den Ausgabe vum Gesamtstaat an dem nominale Brutoinlandsprodukt (PIB). Der europäescher Norm SEC 2010 no ëmfaassen d’Ausgabe vum Gesamtstaat déi vum Zentralstaat, dem Gemengesecteur an der Sécurité sociale. 

Zu Lëtzebuerg louch d’Staatsquote 2010 bei 42,0% an 2024 bei 46,9%, wat enger Progressioun vun 4,9 Prozentpunkten entsprécht. 

  • Wéi situéiert sech Lëtzebuerg am Verglach mat allen aneren EU-Staaten?

Mat enger Staatsquote vu 46,9% läit Lëtzebuerg 2024 ënnert dem Duerchschnët vun der EU (49,2%) an der Eurozon (49,6%) (méi Detailer an der Annexe 1). 

  • Wat fir Facteuren hunn zur Entwécklung vun der haiteger „Staatsquote“ bäigedroen a wéi gesinnd’Perspekve bis zum Joer 2030 aus?

D’Entwécklung vun der Staatsquote iwwer déi lescht 15 Joer erklärt sech doduerch, dass d‘Ausgabe vum Gesamtstaat am Duerchschnët méi séier gewuess sinn (6,1%) wéi de nominale PIB (5,4%).

An der Grafik A. sinn déi verschidden Kategorien vun Ausgabe vum Gesamtstaat opgelëscht, déi zur Progressioun vun der Lëtzebuerger Staatsquote bäigedroen hunn. D’Remuneraounen,

Sozialausgaben a lafend Transferten stellen dobäi déi Haapacteuren duer. 

Laut dem Budget pluriannuel, deen zejoert am Oktober virgestallt gouf, géif d‘Staatsquote déi nächst Joren an d’Luut goen fir sech 2028 bei 49,2% vum PIB anzependelen.  

4. Wéi huet sech d’Staatsschold am Verglach zum PIB zanter 2010 entwéckelt a wéi situéiert sech Lëtzebuerg an deem Kontext am Verglach zu deenen anere Länner?

D’Staatschold louch 2010 bei 19,1% vum PIB. Op Enn 2024 belee sech dëse Wäert op 26,3%. Lëtzebuerg läit domat op der drëter Plaz vun de EU-Memberstaate mat der niddregster Verscholdung.

Déi duerchschnëtlech Staatsschold an der EU belee sech iwwerdeems op 82,2%, wärend se an der Eurozon bäi 88,9% läit. Heizou méi Detailer an der Annexe 2.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi vill Persoune leiden un Anorexie ?

Nieft dem Iwwergewiicht ass och d’Anorexie ee Problem an eiser Gesellschaft. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot, wéi vill Anorexie-Patienten zu Lëtzebuerg hu missen hospitaliséiert ginn, wéi laang den Traitement an der Moyenne dauert a wéi sech d’Käschte vun den Traitementer an de leschten 10 Joer entwéckelt hunn.

weiderliesen...

D’Participatioune vum Staat

De liberalen Deputéierten André Bauler huet de Finanzminister gefrot wéi eng Participatiounen de lëtzebuerger Staat huet, wéi sech dës iwwer d’Zäit verännert hunn an wéi eng Stratégie dohannert stécht.

weiderliesen...