Gëtt de Steierbüro vu Réiden zougemaach?

No der Annonce an der Press dass d'Steierbüroen zu Clierf a Wooltz zougemaach gi géifen, huet den DP Deputéierte beim Finanzminister nogefrot ob och virgesinn ass de Steierbüro vu Réiden zouzemaachen.

Fro


„Nodeems Enn Abrëll an der Press matgedeelt gouf, datt d’Steierbüroen zu Clierf a Woltz zougemeet solle ginn, well d’Raimlechkeeten net méi adäquat wieren, gëtt lo gefaart, datt och de Steierbüro vu Réiden mëttelfristeg op Ettelbréck verluegt kéint ginn.

Glécklecherweis wäert de Büro vu Clierf dem Kanton erhale bleiwen, well d’Gemeng Parc Housen dem Staat nei Raimlechkeete fir d’Steierverwaltung ugebueden huet. Zu Wooltz konnt dogéint nach keng definitiv Léisung offiziell festgehale ginn. Dës Verwaltung soll awer – leschten Informatiounen no – der Stad Wooltz erhale bleiwen, wat jo eng begréissenswäert Entscheedung am Interesse vun der ganzer Regioun ass.

An deem Kader wollt ech dem Här Finanzminister follgend Froe stellen:

  • Blei\ och de Steierbüro vu Réiden dem Kanton weiderhin erhalen? 
  • Wéi vill Beamte schaffen de Moment an dësem Büro?
  • Ass et virgesinn fir hir Zuel mëaelfristeg opzestocken?
  • Gëa driwwer nogeduecht fir och nei Raimlechkeete fir d’Steierverwaltung am Kanton Réiden ze amenagéieren?“

Äntwert

Bleift och de Steierbüro vu Réiden dem Kanton weiderhin erhalen ?

De Steierbüro vu Réiden ass aktuell zoustänneg fir d’Besteierung vun de physesche Persounen am Nord-Weste vum Land. De Büro wäert och weiderhin an der Uertscha Réiden bestoe bleiwen.

Wéi vill Beamte schaffen de Moment an dësem Büro ? Ass et virgesi fir hir Zuel mëtelfristeg opzestocken ?

D’Equipe vum Büro zu Réiden besteet fir de Moment aus 10 Agennnen an Agente. Fir déi mëtelfristeg Entwécklung vum Personalbedarf dréit d’Steierverwaltung e.a. dem Populaounswuesstem an de Besoine vun de Bierger Rechnung.

Gët driwwer nogeduecht fir och nei Raimlechkeete fir d’Steierverwaltung am Kanton Réiden ze amenagéieren ?

De Moment scha d’Administraon des bâments publics un der Realisaoun vun engem neie Centre administrav zu Réiden. Et gët aktuell domat gerechent fir dëst Gebai 2029-2030 kënnen a Betrib ze huelen.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéini gi Gesondheetsbilanë beim Hausdokter agefouert ?

De Koalitiounsaccord vun der Regierung gesäit d’Aféierung vu reegelméissege Gesondheetsbilanen ab 30 Joer vir. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot wéi wäit d’Ëmsetzung vun dëser Initiative ass, ob spezifesch Formatioune fir d’Dokteren en place gesat wäerte ginn, an ob an deem Kader den DSP genotzt wäert ginn.

weiderliesen...

MILA Nofolleger

An der Sëtzung vun der Schoulkommissioun vum 17. Juni 2025 gouf ugekënnegt, datt d’Alphabetiséierungsprogramm MILA ausgeet an duerch e neie Schoulprogramm ersat gëtt. Nëmmen nach ronn 20 % vun de Kanner schaffen domat, an ëmmer méi Enseignanten setzen op aner Léiermëttel. Eis Deputéiert Gilles Baum a Barbara Agostino froen de Bildungsminister no den Haaptneierungen am neie Programm, senger Aféierung an de geplangte Formatiounscoursen fir d’Enseignanten.

weiderliesen...

D’Kooperatioun tëscht dem LNS an de private Laboratoiren an d’Automatisatioun am LNS

D’Analyse vu Biopsien spillt eng entscheedend Roll beim Erkennen vu schwéiere Krankheeten wéi dem Kriibs. Trotz Verbesserunge bleiwen d’Waardezäiten am LNS héich, besonnesch an der Onkologie, Gynäkologie an Dermatologie – eng psychologesch Belaaschtung fir Patienten. Eid Deputéiert Mandy Minella an Dr. Gérard Schockmel froen d’Gesondheetsministesch, wéi eng Schrëtt fir méi Automatisatioun, Digitaliséierung a méiglech Zesummenaarbechte mat privaten Laboratoiren virgesi sinn.

weiderliesen...

Administrativ Belaaschtung am Grondschoulunterrecht

Trotz der Vereinfachung vun der administrativer Aarbescht an de Grondschoulen duerch de Bildungsministère, gëtt vu Gewerkschafte betount, datt d’Bürokratie fir d’Enseignanten éischter zougeholl hätt. Wéi gesäit d’Realitéit aus, a wéi kann d’kënschtlech Intelligenz hei eng Roll spillen? Eng parlamentaresch Fro vun eisen Deputéierten Gilles Baum a Barbara Agostino sicht no Äntwerten.

weiderliesen...