Ginn och zu Lëtzebuerg manner Bioproduite verkaf?

Geet de Konsum vu Bioproduiten zu Lëtzebuerg erof ? A wa jo, firwat ? Dës a weider Froe ronderëm d’Biolandwirtschaft hunn d’DP-Deputéiert Gusty Graas an André Bauler de Ministere fir Wirtschaft a Landwirtschaft gestalt.

„A Frankräich ass am Joer 2021 eng Baisse vum Konsum vu Bio-Liewensmëttel am Verglach zum Virjoer festgestallt ginn. D‘lescht Joer louch de Gesamtwäert vun de verkaafte Bio-Liewensmëttel bei 12.66 Mrd. Euro, eng Baisse vun 1.4% par Rapport zu 2020. D’Entwécklung am Liewensmëtteleenzelhandel, wéi Supermarchéen a Biobutteker war änlech. De Gesamtverkaf vun de grousse Supermarchéen ass op 6,67 Mrd. Euro gefall, 3.9% manner wei d’Joer virdrunner.

Am Géigesaz huet d’Kultivéierung vu biologesche Flächen a Frankräich 2021 2,78 Milliounen Hektar entsprach, eng Hausse vun 9,0% am Verglach zu 2020.

Deementspriechend ass déi franséisch Associatioun fir Bio-Landwirtschaft FNAB besonnesch alarméiert a gesäit dës Entwécklung als “heftege Réckschlag”.

An deem Kader wollte mir dem Här Wirtschaftsminister an dem Här Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung folgend Froe stellen:

  • Sinn zu Lëtzebuerg änlech Tendenze wéi a Frankräich, wat de Verkaf vu Bio-Liewensmëttel ugeet, ze erkennen? Wéi huet sech de Gesamtwäert vun de verkaafte Bio-Liewensmëttel iwwer déi lescht 2 Joren zu Lëtzebuerg entwéckelt?
  • Falls et och zu Lëtzebuerg zu engem Réckgang vum Verkaf vu Bio-Liewensmëttel komm ass, wat sinn d’Ursaache fir dëse Réckgang?
  • Sinn d’Präisser vu Bio-Liewensmëttel am Eenzelhandel tendenziell méi oder manner vun der aktueller Präisdeierecht betraff wéi déi konventionell Produiten?
  • Wéi gesäit et mat de Produktiounskäschten aus? Si Biobauere méi oder manner vun der aktueller Präisdeierecht betraff?
  • Kann ee schlussfolgeren, datt de Marché vu Bioproduite saturéiert ass, oder mengen d’Häre Ministeren, datt d’Demande no Bioproduiten an Zukunft weider steige wäert?
  • Här Landwirtschaftsminister, wat ass am nächsten Agrargesetz virgesinn, fir den Iwwergang op d’Bio-Landwirtschaft besser ze fërderen?“

Äntwert

1.-3.)

All Joer sammelt de Statec iwwer seng permanent Ëmfro zum Haushaltsbudget (enquête permanente sur le budget des ménages – EBM[1]) d’Zomm vun den Ausgabe fir Liewensmëttel vun de Lëtzebuerger Stéit, och den Montant vun den Ausgabe fir Bio-Liewensmëttel gëtt esou erhuewen. D’Donnéeën op déi de Statec sech fir d’Aschätzungen hei drënner berifft bezéien sech just bis op d’Joer 2021, et sinn nach keng méi rezent Donnéeë verfügbar well d’Ëmfro zum Haushaltsbudget 2022 nach amgaangen ass, déi Resultater wäerten net virum Fréijoer 2023 kenne publizéiert ginn.

An der Publikatioun „Regards“ No 12 vun 2020[2] war duergestallt ginn dass den duerchschnëttleche Bio Undeel vun den Ausgabe fir Liewensmëttel vun de Lëtzebuerger Stéit am Joer 2018 12% war, woubäi et wesentlech Ënnerscheeder gëtt ofhängeg vun der Aart vu Produkt oder dem Akommes vum Stot. Déi beléiftste Bioproduite bei de Konsumente si Liewensmëttel fir Bëbeeën, Hunneg, Eeër, Miel a Kären, Mëllech an Uebst a Geméis.

    Méi rezenten Donnéeë vun der EBM weisen datt dësen Trend iwwert d‘Zäit zimmlech stabil bliwwen ass: et waren 12% am Joer 2019 an 11% am Joer 2021. Fir 2021 ass also just eng ganz liicht Baisse vum Undeel vun Ausgaben fir Bioliewensmëttel festgestallt ginn. Och d‘Variatioune jee no Produktkategorie an Akommes vum Stot sinn stabil bliwwen.

4.)

    D’Biobauere si vun der aktueller Praisdeierecht änlech betraff wéi déi konventionell Betriber, d’Produktiounsmëttel wéi Fudder, Mazout, etc. si fir all d‘Betriiber an d’Luucht gaangen.

5.)

    Op laang Siicht wäerten sech déi Liewensmëttel um Maart duerchsetzen, déi een nohaltegen Impakt hunn. D’Bioproduite sinn do gutt opgestallt.

6.)

    Am Kader vum neien Agrargesetz gi Mesuren aus dem aktuelle Plan d’Action National, kuerz PAN-Bio weidergefouert. Des Weideren ass virgesinn, dat d‘Ställ fir Investitiounsbäihëllefen nëmmen dann eligibel si wann se d’Norme vun der Biolandwirtschaft erfëllen. Domadder soll fir den eenzele Betrib d’Decisioun fir ob Biolandwirtschaft ëmzeklamme vereinfacht ginn.


[1] https://statistiques.public.lu/fr/enquetes/enquetes-particuliers/budget-menages-conditions-vie.html

[2] https://statistiques.public.lu/dam-assets/catalogue-publications/regards/2020/regards-12-20.pdf

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéini gi Gesondheetsbilanë beim Hausdokter agefouert ?

De Koalitiounsaccord vun der Regierung gesäit d’Aféierung vu reegelméissege Gesondheetsbilanen ab 30 Joer vir. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot wéi wäit d’Ëmsetzung vun dëser Initiative ass, ob spezifesch Formatioune fir d’Dokteren en place gesat wäerte ginn, an ob an deem Kader den DSP genotzt wäert ginn.

weiderliesen...

MILA Nofolleger

An der Sëtzung vun der Schoulkommissioun vum 17. Juni 2025 gouf ugekënnegt, datt d’Alphabetiséierungsprogramm MILA ausgeet an duerch e neie Schoulprogramm ersat gëtt. Nëmmen nach ronn 20 % vun de Kanner schaffen domat, an ëmmer méi Enseignanten setzen op aner Léiermëttel. Eis Deputéiert Gilles Baum a Barbara Agostino froen de Bildungsminister no den Haaptneierungen am neie Programm, senger Aféierung an de geplangte Formatiounscoursen fir d’Enseignanten.

weiderliesen...

D’Kooperatioun tëscht dem LNS an de private Laboratoiren an d’Automatisatioun am LNS

D’Analyse vu Biopsien spillt eng entscheedend Roll beim Erkennen vu schwéiere Krankheeten wéi dem Kriibs. Trotz Verbesserunge bleiwen d’Waardezäiten am LNS héich, besonnesch an der Onkologie, Gynäkologie an Dermatologie – eng psychologesch Belaaschtung fir Patienten. Eid Deputéiert Mandy Minella an Dr. Gérard Schockmel froen d’Gesondheetsministesch, wéi eng Schrëtt fir méi Automatisatioun, Digitaliséierung a méiglech Zesummenaarbechte mat privaten Laboratoiren virgesi sinn.

weiderliesen...

Administrativ Belaaschtung am Grondschoulunterrecht

Trotz der Vereinfachung vun der administrativer Aarbescht an de Grondschoulen duerch de Bildungsministère, gëtt vu Gewerkschafte betount, datt d’Bürokratie fir d’Enseignanten éischter zougeholl hätt. Wéi gesäit d’Realitéit aus, a wéi kann d’kënschtlech Intelligenz hei eng Roll spillen? Eng parlamentaresch Fro vun eisen Deputéierten Gilles Baum a Barbara Agostino sicht no Äntwerten.

weiderliesen...