Tourismus an der Muselregioun an am ländleche Raum

Den André Bauler an de Luc Emering hunn nogefrot wei d'Offer vum Tourismus an eise Wäigebidder an am ländleche Raum sech entwéckelt an op d'Regierung plangt néi Projeten ze fërderen. Dobäi wollten si och wësse wat fir eenzegaarteg Iwwernuechtungsméiglechkeeten ugebuede ginn oder aktuell geplangt ginn. An der Äntwert gëtt de Minister fir Tourismus vill Detailer iwwer konkret Projeten déi aktuell lafen.

Fro

“Laut dem Koalitiounsaccord engagéiert sech d’Regierung den Oenotourismus an den Agrartourismus weider ze fërderen an zu engem feste Bestanddeel vun eiser lokalen Tourismus-Offer ze maachen. Sou soll zum Beispill e Wäinhaus zu Ehnen entstoen, wat representativ fir eis Muselregioun soll stoen. Ausserdeem soll och verstäerkt dru geschafft gi fir konventionell an och méi speziell Iwwernuechtungsméiglechkeeten am ländleche Raum méiglech ze maachen.   

An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir d’Ekonomie, Mëttelstand, Energie an Tourismus follgend Froe stellen:  

  • A wéi engem Stadium befannen sech d’Planifikatioune vu wichtege Projeten ewéi dem Wäinhaus zu Ehnen oder der „Maison du vin et des produits régionaux“ zu Bréissel?
  • Ginn et scho konkret Iddi’e wei een d’Verfügbarkeet vun Iwwernuechtungsméiglechkeeten am ländleche Raum gestalte kann?
  • Sinn am Kader vun dëse Projeten och Partnerschafte mat privaten Acteure virgesinn?
  • Sinn finanziell Ënnerstëtzungsmoossname fir ländlech Betriber oder Privatleit, déi Iwwernuechtungsméiglechkeeten ubidden, geplangt?
  • Sinn, zu dësem Zäitpunkt, scho Projeten ofgeschloss?”

Äntwert

“A wéi engem Stadium befannen sech d’Planifikatioune vu wichtege Projeten ewéi dem Wäinhaus zu Ehnen oder der „Maison du vin et des produits régionaux“ zu Bréissel? 

Ginn et scho konkret Iddi’e wei een d’Verfügbarkeet vun Iwwernuechtungsméiglechkeeten am ländleche Raum gestalte kann? Sinn am Kader vun dëse Projeten och Partnerschafte mat privaten Acteure virgesinn? 

Sinn finanziell Ënnerstëtzungsmoossname fir ländlech Betriber oder Privatleit, déi Iwwernuechtungsméiglechkeeten ubidden, geplangt? Sinn, zu dësem Zäitpunkt, scho Projeten ofgeschloss?“ 

Oenotourismus

Am Kader vun der Entwécklung vun Oenotourismus schafft de Wirtschaftsministère aktuell un engem Projet fir e Konzept an un engem Aktiounsplang. Bis Enn vum Joer ass deemno virgesinn e Konzept an en Aktiounsplang fir den Oenotourismus opzestellen, deen sech an déi bestoend national Tourismusstrategie integréiert. 

Dëst Konzept wäert d’Roll vum Oenotourismus fir Lëtzebuerg definéieren a kloer Aktiounen duerstellen déi an deem Kontext kennen ëmgesat ginn. De Prozess fir dëst auszeschaffen ass rezent ugelaf. Eng wichteg Etapp ass den 28. Mee, wann zu Gréiwemaacher de Projet all de betraffenen Acteure presentéiert gëtt. An de Méint dono ginn an engem partizipative Prozess mat den Acteure vum Terrain Ziler definéiert an Aktioune konzipéiert fir den Oenotourismus zu Lëtzebuerg z‘ënnerstëtzen an z‘entwéckelen. Dëse partizipative Prozess besteet aus individuelle Gespréicher a Workshoppe mat de verschiddenen Acteuren.  

Am Kontext vum Oenotourismus kann och nach op weider Projeten an Evenementer, déi Deel si vun der Promotioun an der Entwécklung vum Oenotourismus, higewise ginn. Esou ënnerhëlt den ORT Musel Initiativen am Beräich Oenotourismus, wéi zum Beispill de Wine Taste Enjoy an de Wine Lights Enjoy. Et ginn och geféiert Touren am Beräich Wäitourismus mat Degustatiounen ugebueden.  

Och d’Präsentatioun vum Guide Michelin 2025 zu Metz, déi am Partenariat mat Lëtzebuerg gemaach ginn ass, schreift sech an d’Promotioun vum Oenotourismus an. Et hunn ënnert anerem 5 Lëtzebuerger Wënzerbetriber Deel geholl an 3 Lëtzebuerger Wäiner goufe beim „Dîner des chefs“ proposéiert. An dësem gastronomesche Kontext ka schonn drop higewise ginn, datt 2026 déi nächst Expogast mam Culinary World Cup zu Lëtzebuerg stattfënnt. 

Allgemeng gi bei touristeschen Evenementer, wéi dem Season-Opening op der Place d’Armes, oder op verschiddene Foiren, Lëtzebuerger Wäiner ugebueden a promouvéiert. 

Bei de Projete ronderëm den Oenotourismus gëtt, esou wéi dat och aus de genannte Beispiller ervirgeet, reegelméisseg a konstruktiv mat Privatacteuren aus dem Secteur zesummegeschafft. 

Wäinhaus zu Éinen

Op ongeféier 1.300 m2 Ausstellungsfläch, mat Degustatiounssäll a Banquetsraim, wäert d‘Wäinhaus zu Éinen eng eenzegaarteg Vitrinn fir den Oenotourismus, d’Regioun Musel an de Lëtzebuerger Wäi ginn. D’Wäinhaus setzt an Zukunft op eng nei, zum Deel interaktiv, Ausstellung, e professionellen Accueil, eng regionaler Vinothéik, e Wäibistro wéi och eng Rent-a-Bike Statioun fir den Hub vum Lëtzebuerger Oenotourismus ze ginn.  

An 3 immersive Säll wäert de Visiteur d’Miselerland, mat senge Landschaften an Awunner entdecke. Dem Visiteur sollen de Wäibau an d’Regioun méi no ze bruecht ginn, fir en unzereegen, no der Visite am Wäinhaus, d’Géigend weider ze entdecken. En Haaptelement vun der Programmatioun sinn déi thematesch Workshoppe ronderëm d‘Oenologie. 

D’Wäinhaus wäert dem Visiteur eng breet Pallette vu Workshoppen ubidden, zum Beispill geféierter Degustatiounen an thematesch Degustatiounsatelieren. Et ass ugeduecht am Kader vun der der Vinothéik mat de Vertrieder aus dem Wäibau ze kooperéieren, a bei Animatiounen a Konferenzen zesummenzeschaffen. De Site bitt Privatpersounen, Betriber an aneren Acteuren d’Méiglechkeet an de Raimlechkeete Konferenzen, Reuniounen oder verschidden Evenementer ze organiséieren.  

D‘Aarbechten un der Enveloppe um Gebai grad ewéi d‘Bannenausbau- an Technikaarbechten sinn aktuell amgaang. Et ass virgesinn, datt all dës Aarbechte fir Ufank vum Joer 2026 ofgeschloss sinn. Wat d’Ausstellung ugeet, ass den definitiven Zenario ronderëm d‘Inhalter vun der Ausstellung Enn Abrëll validéiert ginn, elo preparéieren d‘Bureaux d’études déi ëffentlech Ausschreiwungen. D‘Aarbechte vun der Zeenografie sinn ab Januar 2026 virgesinn, am Juli 2026 ass viraussiichtlech alles ofgeschloss.

Luxembourg House

Zanter 2023 ass am Stadzentrum de Buttek „Luxembourg House“, deen sech zur Missioun gemaach huet, de Lëtzebuerger Savoir-Faire a lokal Produiten ze fërderen. Hei gouf d‘Zesummenaarbecht mam Institut Vini-viticole gestäerkt, fir d’Promotioun vun de lëtzebuergesche Wäiner a Cremanten nach weider ze verstäerken. 

Eng honnert Referenze vu Lëtzebuerger Wäiner a Cremante ginn dem nationale wéi och internationale Public ugebueden, an Degustatiounen an der Presenz vu Lëtzebuerger Kellereie gi reegelméisseg am Luxembourg House organiséiert. Am Sënn vun dëser dynamescher Entwécklung a konform mam Wëlle vun der Regierung, den Oenotourismus an déi regional Produite vum Land weider z’ënnerstëtzen, wäert d’Luxembourg House am Joer 2026 op méi grouss a modern amenagéiert Raimlechkeeten am Rez-de-Chaussée vum Gebai Konrodseck plënneren. Weider Detailer ginn nach virun Enn 2025 matgedeelt.  

Iwwernuechtungsméiglechkeeten am ländleche Raum

Mam „programme quinquennal d’équipement de l’infrastructure touristique“ ënnerstëtzt de Wirtschaftsministere Projete vu Gemengen an ASBL fir nei Iwwernuechtungsméiglechkeeten ze schafen oder bestoender ze moderniséieren an auszebauen.  

Betriber déi Iwwernuechtungsméiglechkeeten ubidden an aus dem Horeca-Beräich sinn, wéi all aner Betriber, fir Bäihëllefe vum Wirtschaftsministère eligibel, sief et fir Investissementer vu PMEe, fir Projeten am Beräich Ëmweltschutz an erneierbar Energien, oder och Projeten déi ënnert Innovatioun, Entwécklung a Fuerschung falen. 

Beispiller vu rezente Projeten, ofgeschloss oder an der Ëmsetzung, zum Beispill am Beräich Gîten an „Glamping Tuurm/Tiermchen“[1] sinn: 

  • d‘Gemeng Mondorf huet e Projet fir d’Konzept vum „Glamping Tuurm/Tiermchen“ ëmzesetzen; 
  • d‘Jugendherberg zu Lëltz schafft un engem Projet mam Konzept vum „Glamping Tuurm/Tiermchen“; 
  • d‘Kabaisercher am Minett; 
  • de Casinotuerm zu Éinen; 
  • déi al Post zu Käerch; 
  • d‘Paschtoueschhaus zu Randschelt; 
  • de Gîte „Beim Mulles“ zu Veianen (e private Projet). 

De Wirtschaftsministère féiert aktuell ëmwelttechneschen Etüden duerch, fir d’Méiglechkeet vum Bau vun engem Hotel op engem staatlechen Terrain zu Lëlz an der Gemeng Esch-Sauer ze préiwen. Wann dës Etuden sech schlësseg erweisen, lancéiert de Wirtschaftsministère en Appell à Projets fir op dësem Site en nohaltegen Hotel-Projet ze realiséieren an ze bedreiwen. 


[1] https://meco.gouvernement.lu/fr/actualites.gouvernement2024+fr+actualites+toutes_actualites+communiques+2023+05-mai+16-delles-remise-prix.html

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi laang ass d’Waardezäit an der « Travel Clinic » ?

Bei Reesen a méi tropesch Regioune kann een sech an der “Travel Clinic” vum CHL beroden a géint verschidde Krankheeten impfe loossen. D’Waardezäiten an dëser Klinick sollen den Ament awer nawell laang sinn.
D’DP-Deputéiert Dr Gérard Schockmel a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Patienten an de leschten 10 Joer an der “Travel Clinic” empfaange goufen, wéi d’Waardezäiten sech an dëser Period entwéckelt hunn an ob et net sënnvoll wier online ee Rendez-vous huelen ze kënnen, esouwéi dat fir vill aner Servicer vum CHL méiglech ass.

weiderliesen...

Wéi kann een de Beruff vum Aide-soignant revaloriséieren ?

De Manktem u Fleegepersonal gehéiert zu de gréissten Erausfuerderunge vun dëser Regierung. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum wollten an deem Kontext vun der Gesondheetsministesch ënnert anerem wëssen, wéi vill Aides-soignanten aktuell am Land schaffen, wéi vill de Beruff an de leschte Jore gewiesselt hunn a wéi eng Mesüren d’Regierung ze huele gedenkt fir de Beruff nees méi attraktiv ze maachen.

weiderliesen...

Medezinesch Transferten an d’Ausland

Zënter dem 1. Juni 2025 mussen d’Dokteren en neie Formulaire ausfëllen, wann si ee Patient fir Soinen an d’Ausland schécke wëllen. Den Dokter muss elo obligatoresch uginn, ob d’Prestatiounen zu Lëtzebuerg an engem “akzeptabelen Delai” ugebuede kënne ginn, oder net. Kräizt den Dokter un, datt d’Prestatiounen eigentlech och zu Lëtzebuerg ugebuede kéinte ginn, da gëtt d’Demande fir den Transfert automatesch refuséiert.
Den DP-Deputéierten Dr Gérard Schockmel huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob déi reng Reduzéierung op den “akzeptabelen Delai”, ouni d’Qualitéit vun de Soinen ze berécksiichtegen, net zu onberechtegte Refuse féiere kéint, an den neie Formulaire Dokteren net dozou zwénge kéint falsch Deklaratiounen ze maache fir hirem Patient déi beschtméiglechst Soinen ze garantéieren.

weiderliesen...

Wéi vill Doktere schaffen am Norde vum Land ?

Am Norde vum Land mussen d’Bierger oft wäit Deplacementer a Kaf huele fir an eng Klinick oder eng Maison médicale ze kommen.
D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hunn d’Gesondheetsministesch ënnert anerem gefrot, wéi vill Generalisten a Spezialisten am Norde vum Land schaffen, wéi d’Altersstruktur bei den Dokteren ass a wéini eng zweet Maison médicale am Norden opgemaacht kéint ginn.

weiderliesen...