Wéi ass déi national Kommissioun vun de Sites et Monuments opgestallt?

Am Kulturministère sollen Honnerte vun Dossiere fir d'Klasséiere vun Objete leien, fir déi zwar schonn e positiven Avis vun der nationaler Kommissioun vun de Sites et Monuments virläit, awer nach keng ministeriell Entscheedung geholl ginn ass. Ob dat wierklech stëmmt a wéi d'Sekretariat vun der COSIMO de Moment schafft, huet eisen Deputéierten André Bauler déi zoustänneg Ministesch gefrot.

Et schéngt en offent Geheimnis ze sinn, datt am Beräich Denkmalschutz de Moment e puer Honnert Dossieren am Kulturministère leien, déi positiv aviséiert goufen, awer wou nach ëmmer keng Entscheedung geholl gi wier, fir déi respektiv Objeten ze klasséieren.

An deem Kader wollt ech der Madamm Kulturministesch folgend Froe stellen:

  1. Stëmmt et, datt den Ament eng grouss Zuel un Dossieren am Ministère leien, wou déi national Kommissioun vun de Sites et Monuments (COSIMO) e positiven Avis ginn huet, mä wou awer nach guer keng ministeriell Entscheedung geholl ginn ass?
  2. Ass et wouer, datt d’Sekretariat vun der COSIMO am Ament personell ënnerbesat ass, an dofir einfach net  mat den Aarbechten nokënnt? Wéi vill Leit schaffen zurzäit am Sekretariat?
  3. Wéi vill Leit wäerten an Zukunft am Service vum Inventar agestallt ginn? Ass et méiglech fir gutt ausgebilten Experten ze fannen?

Äntwert

D’Zuel vun den Dossieren déi vun der Denkmalschutzkommisisoun (COSIMO) aviséiert goufen, an déi nach fir eng Proposition de Classement opstinn, beleeft sech op 119, an net op “e puer honnert”. 95 vun dësen Dossiere betreffen d’Gemeng Helperknapp. De wëssenschaftlechen Inventaire ass an dëser Gemeng ofgeschloss an déi leschten Dossiere sinn Enn Abrëll 2021 vun der Commissioun aviséiert ginn.

Effektiv gouf ugestrieft déi 95 Dossiere vum Helperknapp mateneen ënnert dem Denkmalschutzgesetz vun 1983 z’évakuéieren. Vu datt mer awer am Hierscht 2021 dovunner ausgaange sinn, datt dat neit Denkmalschutzgesetz kéint am Mäerz 2022 a Kraaft trieden, goufe keng Classementsprozedure fir den Helperknapp méi ugefaangen, virun allem well tëscht dem Ufank an dem Enn vun der 1983’er Prozedur d’Poprietaire minimal 6 Méint Zäit hu fir op en „arrêté proposant le classement“ ze reagéieren. Eréischt nom Oflafe vun dësem Delai kann de Kulturminister Dossieren an de Regierungsrot ginn fir de Classement konfirméieren ze loossen. D’Chamber huet dës Prozedur awer den 10. Februar mam Vott vum neien Denkmalschutzgesetz ofgeschaf.     

An enger Rei vun den Dossiere vum Helperknapp hat de Service des sites et monuments nationaux (SSMN) am September 2021 nach net all d‘Informatioune beienee fir all d’Proprietaire vun de betraffenen Haiser mateneen uerdentlech ze saiséieren. Dat ass net op e Personalmangel zréckzeféieren, ma huet mat enger ganz normaler Recherche ze dinn, déi eben net konnt a 4 Méint (vu Mee bis Enn August)  fir 95 Dossieren ofgeschloss ginn. Och aner Verwaltungen, déi hir Zäit brauche fir dem SSMN z’äntwerten, sinn do mat agebonnen.

An de nächste Woche wäerten déi 95 Dossiere vum Helperknapp vum zukünftegen Institut national pour le patrimoine architectural (INPA) fäerdeg opgeschafft ginn, sou datt, ënnert der Regie vum neie Gesetz, de nationale Schutz wäert no enger ëffentlecher Enquête kënnen iwwert e groussherzoglecht Reglement a Kraaft trieden.    

De Service vum Inventaire vum zukënftegen INPA gëtt et zanter 2016. Am Moment huet e 9 Leit. 2022 kommen der nach op d’mannst 5 dobäi.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéini kënnt d’Pollen-App ?

De Gesondheetsministère hat annoncéiert, datt ugangs 2020 eng gratis App sollt ugebuede ginn, déi de Bierger Informatiounen iwwert d’Pollenkonzentratioun an der Loft liwwert.

No iwwer dräi Joer gëtt et déi App nach ëmmer net. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet dowéinst bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Aarbechten un dëser App dru sinn a wien mat hirer Entwécklung beoptragt ginn ass ?

weiderliesen...

Wäert Europa deemnächst méi séier handele kënnen?

Op Initiativ vun Däitschland hunn sech 10 europäesch Memberstaate an engem ‘Frëndeskrees’ zesummegedoen, fir Entscheedunge mat enger qualifizéierter Majoritéit ze promovéieren. Och Lëtzebuerg ass Deel vun dësem Grupp. Wat ass den Impakt heivun an Europa? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet bei Ausseministère nogefrot.

weiderliesen...

Ass de Grupp Wagner eng Terrororganisatioun ?

De 9. Mee huet déi franséisch Assemblée générale an enger Resolutioun dozou opgefuerdert, de Grupp Wagner an d’Lescht vun den Terrororganisatiounen opzehuelen. Wéi steet eisen Ausseministère zu dëser Demande ? Wäert Lëtzebuerg nozéien ? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet beim zoustännege Ministère nogefrot.

weiderliesen...