Wéi geet et weider mat Liberty Steel zu Diddeleng?

Am Stolwierk vu Liberty Steel zu Diddeleng soll elo emol fir 4 Méint net produzéiert ginn. De Süd-Deputéierte Gusty Graas freet beim Wirtschaftsminister no wéi et mam Stolwierk an och mat senge ville Mataarbechter weidergoe wäert?

„An enger Lëtzebuerger Dageszeitung konnt een haut liesen, datt d’Stolwierk vu Liberty Steel zu Diddeleng elo mol fir 4 Méint net wäert produzéieren. D’Aarbechter hunn awer kee Recht op Kuerzaarbecht well een heifir e „plan de maintien dans l’emploi“ bräicht.

An deem Kader wollt ech dem Här Wirtschaftsminister folgend Froe stellen:

  • Ass schonns eng Firma fonnt ginn, déi bereet ass d’Stolwierk zu Diddeleng ze iwwerhuelen?
  • Falls net, wat fir eng Optioune gi momentan studéiert fir datt weiderhin eng industriell Aktivitéit op deem Site kann erhale bleiwen?
  • Ass geplangt, datt de Wirtschaftsminister zäitno de Betribsrot vu Liberty Steel ëmfänkt fir mat hinnen iwwert d’Zukunft vun de concernéierten Aarbechtsplazen ze kucken?
  • Falls d’Stolwierk vu Liberty Steel zu Diddeleng géif an d’Faillite goen, kéint de Beschäftegungsfong d’Mataarbechter opfänken?“

Äntwert

D’Efforte vun der Regierung konzentréieren sech dorop fir an enker Zesummenaarbecht mat de Gewerkschaften an der Personalvertriedung Aarbechtsplazen an eng industriell Aktivitéit um Site vu Liberty Steel  ze erhalen. Eng méiglech Optioun dofir ass weiderhin datt een industriellen Acteur d’Wierk zu Diddeleng iwwerhëlt.   

D’Wirtschaftskommissioun vun der Chamber, an där den honorabelen Deputéierte Member ass, gëtt reegelméisseg iwwer déi rezent Entwécklungen am Dossier Liberty Steel informéiert. Dat war fir d’lescht an der Sëtzung vum 20. Oktober 2022 de Fall wéi de Wirtschaftsminister d’Deputéiert op de leschte Stand vum Dossier bruecht huet.

De Wirtschaftsminister an de Minister fir Aarbecht a Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft haten de 25. Oktober 2022 eng Entrevue mat Vertrieder vun OGBL, LCGB an der Personalvertriedung vum Site vun Diddeleng fir iwwer d’Zukunft vum Wierk ze schwätzen. An der Reunioun huet de Minister fir Aarbecht a Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft d’Gewerkschaften an d’Personalvertriedung informéiert a wéiwäit de Beschäftegungsfong a Saachen Ausbezuele vu Paien intervenéiert wann dat eemol néideg ass.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Soll Cattenom ausgebaut ginn?

Wéi et rezent an der Press stoung, huet de Buergermeeschter vu Cattenom d’Kandidatur vu senger Gemeng eragereecht fir dass nei Reakteren do gebaut solle ginn. D’DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hunn nogefrot, wéi d’Regierung heizou steet, an ob et Projeten am Beräich vun den erneierbaren Energië mat Frankräich gëtt fir eis Noperen z’encouragéiere Cattenom zouzemaachen.

weiderliesen...

Wisou hunn d’Aktivitéite vun der ONG ‘Eng oppen Hand fir Malawi’ mussen agestallt ginn?

Joerzéngtelaange waren d’Schwëstere vun der Lëtzebuerger Zithaklinik am St. Gabriel Spidol am Malawi aktiv fir der lokaler Bevëlkerung esou gutt et geet eng medezinesch Grondversuergung ze erméiglechen. Enn Januar hunn si hir Aktivitéiten awer missen op Uerder vum Bëschof an ouni Virwarnung astellen an de Site verloossen. Bis haut gëtt et keng Explikatioun. Eisen Deputéierte Gusty Graas huet sech beim Ministère fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten informéiert.

weiderliesen...