Wien ass am meeschte vu Phishing -Attacke betraff?

D’Zuel vun de Phishing-Attacken ass an der leschter Zäit zu Lëtzebuerg explodéiert. Och d’Methode wéi d’Leit bedru ginn ëmmer méi dreist a vill Leit falen op dës Arnaquen eran. Wien ass am meeschte betraff a wéi kann een sech schützen. Eisen Deputéierten André Bauler huet sech ëmfrot.

„Rezent gouf an enger parlamentarescher Fro matgedeelt, datt d’Zuel vun de Phishing-Attacken an der leschter Zäit zu Lëtzebuerg explodéiert wier. Et ass mer souguer zougedroe ginn, datt dës Ugrëff souwäit kënne goen, datt d’Anarquë Versteesdemech ausdrécken, wann d’Leit hinnen um Telefon matdeelen, dass si net bereet sinn, perséinlech Date präiszeginn. Si soen dann, datt se bei d’Leit heem géife kommen. Dat ass dann och geschitt an etlech Leit sinn op dësen Trick eragefall.

An deem Kader wollt ech dem Här Inneminister folgend Froe stellen:

  • A wéi ville Fäll, an deene Plainte gemeet gouf, hunn Anarquen zënter 2020 Leit doheem opgesicht?
  • Wat sinn déi geleefegst Methode fir d’Leit ze bedréien?
  • Wat fir eng Leit goufen an deene meeschte Fäll Affer vun engem Phishing? Sinn do spezifesch Alterskategorië betraff ?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Missten d’Urgencen fir Kanner am Norden ausgebaut ginn?

Och Kanner mat klenge Blessuren ginn oft aus dem Norden bis an d’Kannerklinik an der Stad geschéckt. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, firwat déi pädiatresch Urgencen vum CHdN net 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg an der Woch garantéiert kënne ginn a wéi vill Kanner aus dem Norden an d’Kannerklinik geschéckt ginn.

weiderliesen...

Wéi kann d’Gesondheet vun de Kanner verbessert ginn ?

D’Gesondheetsproblemer bei de Kanner klammen an den Accès zu Pediatere gëtt ëmmer méi schwiereg. D’DP-Deputéiert Mandy Minella a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesüre virgesi sinn fir d’Situatioun ze verbesseren, ob eng national Strategie fir d’Gesondheet vun de Kanner envisagéiert gëtt an ob een nationale Coordinateur fir d’Kannergesondheet agesat sollt ginn.

weiderliesen...

Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

weiderliesen...