Aarbecht

Aarbechtsrecht

Aarbechtsrecht: Beruffs- a Privatliewe besser openaner ofstëmmen

Ënnert der Féierung vum Premier Xavier Bettel, huet d’Regierung d’Land sécher duerch d’Pandemie an duerch d’Energie- an Inflatiounskris bruecht. Zemol a Krisenzäiten huet d’DP bewisen, datt si kee Mënsch eleng stoe léisst. Mir hunn zéngdausenden Aarbechtsplaze mat decidéiertem Handelen an intelligente Krisemesuren erhalen. D’DP steet och an Zukunft fir eng responsabel Wirtschafts- an Aarbechtspolitik, déi sécher a gutt bezuelt Aarbechtsplazen a Wuelstand schaaft, amplaz se ze menacéieren.

D’DP huet mat dräi ofgeschlossenen Tripartite-Verhandlungen de Sozialdialog als Erfollegsmodell zu Lëtzebuerg gestäerkt. Mir hunn den Index-Mechanismus erhalen an d’Kafkraaft mat sozial gestaffelten Direkthëllefen a Steierkreditter a Milliarden-Héicht gestäerkt, nodeems mir virdru schonn de Mindestloun an der Pandemie ëm 100 Euro netto erhéjt hunn.

D’DP steet fir e modernt Aarbechtsrecht, dat de Besoine vun de Beschäftegten a vum Patronat Rechnung dréit, an och de Independanten erëm déi néideg Wäertschätzung entgéint bréngt.

D’DP setzt sech fir eng héich Liewensqualitéit an alle Phase vum Liewen an. Dozou gehéiert eng besser Ofstëmmung vu Beruff a Famill. Duerch flexibel Aarbechtszäitmodeller wëlle mir de Mënsche méi Zäit fir Famill a Fräizäit bidden.

D’DP wäert déi staatlech Pensiounen ofsécheren, déi privat Alters-Präventioun méi staark ënnerstëtzen an de fräiwëllegen Iwwergang an d’Pensioun méi flexibel gestalten.

Eist Aarbechtsrecht bitt de Salariéen en héije Schutz. Et ass awer a verschiddener Hisiicht vereelst an entsprécht neméi den haitegen Ufuerderungen a Wënsch vu ville Beschäftegten no méi Flexibilitéit. Verschidden aarbechtsrechtlech Instrumenter hunn hire gewënschten Zweck net erfëllt, si féieren zu engem héijen administrativen Opwand, bleiwe wierkungslos oder sinn net am Interessi vun de Beschäftegten; esou wéi di rigid an onflexibel Aarbechtszäitreegelen. D’DP wäert dat ganzt Aarbechtsrecht op seng Zilorientéierung hin iwwerpréiwen a wann néideg iwwerschaffen. Fir d’DP brauch et och méi Flexibilitéit bei betribsinternen Accorden tëschent de Beleegschaften an de Patronen.

Jidderengem säi Liewen ass verschidden an ënnerschiddleche Liewensphasen, an deenen de Mënsch eemol méi an eemol manner schaffe wëll. D’DP wëll där Individualitéit Rechnung droen. Schonn an den viregte Legislaturperioden huet d’DP mat der Reform vum Congé parental, mat der Opwäertung vum Pappecongé a mat der Aféierung vun zousätzleche Feier- a Congésdeeg fir méi Zäit fir Famill an Hobby gesuergt.

Gläichzäiteg refuséiere mir awer wéineg duerchduechten Experimenter, déi d’Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg a Gefor bréngen. Déi vun der Regierung lancéiert Etude iwwer d’Chancen a Gefore vun enger allgemenger Aarbechtszäitverkiirzung huet kloer gewisen, dass esou e Schrack aktuell méi Geforen ewéi Chancë bitt. Besonnesch a wirtschaftlech delikaten Zäite wier et iresponsabel, Aarbechtsplazen op d’Spill ze setzen. D’DP wäert sech enger Diskussioun iwwer modern Aarbechtszäitmodeller net verschléissen an ass gewëllt, d’Entreprisen dobäi z’ënnerstëtzen, Aarbechtszäitverkierzunge fräiwëlleg ze testen.

D’DP wäert et de Mënschen erméiglechen, hir Aarbecht esou z’organiséieren, datt si kënne méi Zäit mat hirer Famill verbréngen. Mir si weider fir eng familljefrëndlech Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit, andeem mir déi rigid Reegelunge wëllen opléisen an eng Joresaarbechtszäit aféieren (Z.B. 1.800 Stonnen). Dobäi soll d’Protectioun vum Salarié, z.B. a Form vun Héchstaarbechtszäite pro Dag a pro Woch, garantéiert bleiwen. Just an Ausnaame solle méi laang Aarbechtszäiten – mat enger entspriechender finanzieller Kompensatioun – erlaabt ginn, fir datt d’Patronat, wéi z.B. Handwierksbetriber, besser op onerwaarten Situatioune reagéiere kann.

Déi entspriechend Bonusse fir Sonndes- a Feierdagsaarbecht gëlle selbstverständlech weider. Och déi digital Disponibilitéit vun de Beschäftegte muss fir d’DP kloer Grenzen hunn. Eng flexibel Reegelung vun der Aarbechtszäit soll den Entreprisen erlaaben, sech engem flexibelen Ëmfeld unzepassen an d’Produktivitéit ze steigeren. Mir wëllen dofir eng Reform vun der europäescher Aarbechtszäit-Direktiv.

Aarbechtszäite sollen an Zukunft kënnen individuell tëscht Salariat a Patronat ausgehandelt ginn, ouni datt se vun engem onflexibelen Aarbechtsrecht dorunner gehënnert ginn. Mir wëllen op kee Fall déi traditionell 40-Stonne-Woch ofschafen, ma deene Leit méi Flexibilitéit erméiglechen, déi net un engem 9-bis-17-Auer-Job interesséiert sinn. Salariéen an Arbeitgeber, déi dat net wëllen, kënne sech weider op déi besteeënd Reegele beruffen.

Absënns jonk Famillen an der Rush hour vum Liewen, wäerte vun eiser Initiativ fir eng Flexibiliséierung profitéieren. Vill Eltere wëllen hir Aarbechtszäit esou organiséieren, datt se méi Zäit fir hir Kanner hunn. Och d’Patrone wäerte vun dëser Organisatioun profitéieren, well si hiert Personal méi effikass asetze kënnen – a virun allem dann, wa si et am meeschte brauchen. Déi vun eis preconiséiert Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit soll mat enger genereller Aféierung vun Aarbechtszäitkonten a mat enger méi staarker Notzung vum Home-Office kombinéiert ginn.

Aarbechtszäitkonte sinn en Erfollegsmodell am ëffentlechen Déngscht an a verschidden anere Beräicher. Mat esou Konte kënnen déi Beschäftegt sech hir Aarbecht an hir Fräizäit besser andeelen. D’DP wäert dat Instrument fir all Salarié per Gesetz accessibel maachen. Déi Beschäftegt sollen Iwwerstonnen an de Rescht vum Congé kënnen op e perséinlechen Aarbechtszäitkont iwwerdroen. Déi a méi intensiven Zäiten ugespuerte Stonne kënnen z.B. fir Zäit mat der Famill, eng länger Vakanz, eng Auszäit oder fir eng Weiderbildung genotzt ginn.

Déi genee Modalitéite vun den Aarbechtskonte solle mat de Sozialpartner diskutéiert ginn, fir nuancéiert Entscheedungen tëschent Salariat a Patronat auszeschaffen. Am Zesummespill mat där vun der DP geplangter Flexibiliséierung vun den Aarbechtszäite, wäert d’Aféierung vun Aarbechtszäitkonten dem Patronat bedeitend méi Sputt bei der Organisatioun vun der Aarbecht a vun der Fräizäit verschafen.

Am Laf vun der Digitaliséierung ass den Homeoffice fir vill Leit eng Alternativ ginn. Spéitstens zanter der Pandemie huet den Teletravail seng Virdeeler bewisen: Laang Aarbechtsweeër falen ewech, a Leit, déi vun doheem aus schaffen, hu méi Zäit fir Famill a Fräizäit. D’Regierung huet d’Reegele fir den Teletravail am ëffentlechen Déngscht verbessert a bilateral Okommes mat eisen Nopeschlänner ofgeschloss, fir datt och d’Frontaliere kënnen deels am Teletravail schaffen, ouni dowéinst steierlech Aboussen ze hunn. D’DP wäert mat de Sozialpartner kucken, wéi den Homeoffice an de Betriber ka weider gefërdert ginn.

Nieft dem traditionellen Teletravail, wëlle mir de Beschäftegten eng zousätzlech Flexibilitéit beim Choix ginn, vu wou aus hie schaffe wëll. Esou soll et méiglech ginn, zäitweis vun enger anerer Plaz wéi vun doheem aus ze schaffen. Dat kann zu Lëtzebuerg, ma och zäitweis am Ausland geschéien. Dofir wëlle mir e gesetzleche Kader fir de remote working schafen, fir de Beschäftegten an den Entreprisen déi néideg Rechtssécherheet ze bidden. Patrone sollen duerch Fërderungen ënnerstëtzt ginn.

Déi zouhuelend Digitaliséierung vun der Aarbechtswelt kann dozou féieren, datt d’Grenzen tëschent der Aarbecht an der Fräizäit méi flou ginn. Doduerch kann et zu enger Kultur kommen, datt Salariéen ëmmer mussen erreechbar sinn, déi sech negativ op d’Wuelbefannen, d’Gesondheet an d’Work-Life-Balance auswierkt. Mir wäerten eis mat de Sozialpartner dofir asetzen, datt d’Recht op Deconnectioun an alle Beräicher respektéiert gëtt.

Et gëtt eng ganz Partie speziell Congésdeeg, déi d’Salariéen am Kader vu Weiderbildungen oder vu sportlechen a kulturellen Aktivitéiten ufroe kënnen. D’DP wäert all déi speziell Congésdeeg op hir Kohärenz hi préiwen a gegeebenefalls harmoniséieren. Déi Beschäftegt sollen déi zweckgebonne Congésdeeg zentral iwwert hiren Aarbechtszäitkont ufroe kënnen an esou déi nach disponibel Deeg am Iwwerbléck behalen.

Re-skilling an Up-skilling spillen eng entscheedend Roll fir déi Beschäftegt, fir den Ufuerderunge vun enger flexibler Aarbechtswelt gerecht ze ginn. D’DP wäert déi d’Méiglechkeeten an Offere mat Suergfalt préiwen an upassen, wann dat noutwendeg wier. An deem Zesummenhang soll och d’Fërderung vu beruffleche Weiderbildungen am Betrib selwer analyséiert ginn.

Cf. Kapitel Digitaliséierung a Medien

Cf. Kapitel Familljepolitik

D’Kafverhalen huet sech an de leschte Jore verännert an d’Mënsche kafen ëmmer méi iwwer Internet, dee 24/7 mat engem Mausklick disponibel ass. Eis Ziler si méi Flexibilitéit an e Pragmatismus, deen den Entreprisen, de Beschäftegten an de Clienten entgéintkënnt. Dofir setzt d’DP sech fir eng Reform vun der Sonndesaarbecht an: Fir datt den E-Commerce net zu enger onerreechbarer Konkurrenz vum Eenzelhandel gëtt, ma sech op eng komplementar Manéier an de System areit.

Zousätzlech zur Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten (cf. Kapitel Wirtschaft), wäert d’DP et all Salarié erlaben, sonndes bis zu aacht Stonnen ze schaffen. Dobäi gëtt selbstverständlech de gesetzleche Supplement bäibehalen. Vun esou enger Reform géinge virun allem déi Salariéë profitéieren, déi méi e laange Wee op d’Schaff hunn – besonnesch d’Frontalieren. Doriwwer eraus géing d’Ouverture vun de Geschäfter um Sonndeg de Cliente méi Flexibilitéit ginn.

De Verloscht vun engem Kand ass eng traumatesch Experienz; dat gëllt och fir de Verloscht vun engem ongebuere Kand. Fir den Elteren Zäit ze ginn, eng Feel- oder Doutgebuert ze verschaffen, wäert d’DP de spezielle Congé fir d’Elteren am Fall vum Dout vun engem mannerjärege Kand och beim Dout vun engem ongebuerene Kand aféieren.

D’Belsch a Frankräich hu virun e puer Joer Chèques-service fir verschidde privat Servicer ageféiert (Hëllef am Stoot, Gaardenaarbecht, Kannerbetreiung, etc.). An der Belsch ginn déi Schecke vum Staat matfinanzéiert. Eng Privatpersoun keeft sech domadder Aarbechtszäit. Zousätzlech kann déi Privatpersoun vu Steiererliichterunge profitéieren.

D’DP gesäit an esou engem System fir d’éischt emol eng gutt Manéier, fir géint privat Schwaarzaarbecht virzegoen. Da sinn esou Chèques-services och an anere Beräicher – ewéi der Gastronomie oder an der Event-Branche – vu Virdeel, wou an intensiven Zäite spontant méi Personal gebraucht gëtt. Dat ass den Ament net einfach, wéinst de komplizéierte Prozedure beim Umellen bei der Sécurité Sociale. Esou Schecke géingen dat awer fir d’Entreprise vill méi séier a méi einfach maachen.

D’DP huet de Sozialdialog mat den dräi ofgeschlossenen Tripartite-Verhandlungen als Lëtzebuerger Erfollegsmodell gestäerkt. Mir hunn den Index-Mechanismus och a Krisenzäiten erhalen an d’Kafkraaft vun de Mënschen iwwer zousätzlech steierlech Mesuren an Direkthëllefe gestäipt.

D’DP hält um aktuellen Indexsystem fest, fir och an Zukunft ze garantéieren, datt d’Gehälter reegelméisseg un d’Präisdeirecht ugepasst ginn. D’DP ass nëmme bereet, de System z’änneren, wann d’Sozialpartner sech op eng Reform eenegen (z.B. duerch eng Upassung vum Wuerekuerf oder fir gesondheets- a klimaschiedlech Produiten ze neutraliséieren).

D’DP steet zu der geplangter, gesetzlecher Upassung vum Mindestloun. Doriwwer eraus sollten d’Repercussioune vun all Erhéijung vum Mindestloun op d’Wirtschaft an op d’Aarbechtslosegkeet iwwerpréift ginn. An der leschter Legislaturperiod huet d’Regierung de Mindestloun ëm 100 Euro netto erhéicht, ouni datt déi Hausse ganz op d’Käschte vun de Betriber gaangen ass. D’DP wäert och an Zukunft méi staark op Leeschtungen an op sozial ugepasste Steierkreditter zugonschte vun den niddregen Revenuë setzen, déi net op d’Käschte vun der Konkurrenzfäegkeet vun de Betriber (besonnesch vun de Kleng- a Mëttelbetriber) goe sollen.

De Sozialdialog gehéiert zu de grousse Stäerkte vun eisem Land. Esouwuel bei Verhandlungen op nationalem Plang, ewéi och um Niveau vum Patronat a vum ëffentlechen Déngscht, dréit de Sozialdialog zu konstruktive Léisunge bäi. D’DP wäert d’Traditioun vum Sozialdialog weiderféieren. D’DP ass dovunner iwwerzeegt, datt Decisiounen iwwer d’Aarbechtszäitorganisatioun sollte méi dacks um Niveau vun den Entreprisë selwer geholl ginn, well d’Salariat an d’Patronat d’Besoine vun hire Betriber am beschte kennen. D’DP wëll dofir d’Personaldelegatioune stäerken an d’Verhandlungsméiglechkeeten op Betribsniveau fërderen. An engems sollen ze vill rigid Reegele vum Aarbechtsrecht iwwerpréift ginn.

D’Corona-Kris huet eis verschidden Ongerechtegkeete gewisen, mat deenen Independanten am Verglach mat Salariéë konfrontéiert sinn. D’DP schätzt d’Aarbecht vu Fräiberuffler a vun Independanten a wëll d’Ongläichheeten an der Behandlung vu deeene zwou Gruppen aus der Welt schafen; besonnesch fir méi jonk Leit zur Selbststännegkeet hin ze beweegen. Mir wäerten z.B. d’Recht op Kuerzaarbecht fir Independanten aféieren an d’Ongläichheet beim Cumul fir d’Preretraite mat engem kommerzielle Revenu oder d’Demande fir e vollzhäitege Chômage ofschafen.

Den Ament kënne just Beschäftegter vum Chômage profitéieren, déi vun hirem Patron entlooss gi sinn. D’DP ass der Meenung, datt Salariéen net sollte bestroft ginn, wa si sech op hirer Plaz neméi wuel fillen an dofir selwer kënnegen. Mir wäerten dofir de Chômage och fir déi Leit accessibel maachen. Fir e Mëssbrauch ze verhënneren, dierf all Salarié eemol a senger Beruffscarrière vun deem neie Recht Gebrauch maachen. Ausserdeem gëtt de Chômage deene Leit erëm ewechgeholl, wa si sech net genuch dru ginn, fir eng aner Plaz ze fannen.

Déi kierperlech an déi mental Gesondheet vum Salarié muss ëmmer garantéiert sinn. D’DP wëll nom franséische Modell en nationalen Observatoire fir d’Liewensqualitéit op der Aarbecht aféieren, fir esou d’Wuelbefannen op der Schaff ze fërderen. Dozou gehéieren net nëmme gutt Aarbechtskonditiounen, ma och d’Berücksichtegung vum Privatliewe vun de Beschäftegten.

D’DP wëll d’Qualifikatioun vun den Aarbechtsmedeziner kloer definéieren an et hinnen erlaben, a fräien Doktesch-Cabineten ze schaffen. Medeziner, déi fir déi national Administratioun vun der Aarbechtsmedezin schaffen, sollen d’Recht kréien, fir Sanktiounen auszeschwätzen: Bei Deliten, ewéi z.B. der Mëssuechtung vu Friste bei enger medezinescher Kontroll, fir op enger Plaz agestallt ze ginn.

D’DP wäert Mesuren ergräifen, fir d’Büroe vun der Aarbechtsmedezin däitlech z’entlaaschten, fir d’Gesondheetsprevoyance an d’Assistance an der Aarbechtswelt z’optimiséieren an de Manktem un Aarbechtsdokteren ze reduzéieren.

D’DP wäert Mesuren ergräifen, fir de Monitoring vun der Verwaltung am Kontext mat Krankeschäiner z’optiméieren, fir Mëssbräich virzebeugen.

Et kënnt vill ze dacks vir, datt d’Verwaltunge vun der Aarbechts- a vun der Kontrollmedezin widderspréchlech Avisen iwwer d’Aarbechtsfäegkeet vun engem Salarié ofginn. Déi Verséchert riskéieren an esou Fäll net sielen, fir hir Plaz oder d’Krankegeld onverschëllt ze verléieren. D’DP wäert dofir en obligatoreschen, gemeinsamen Avis iwwer d’Aarbechtsfäegkeet vum Versécherten duerch den Aarbechts- an de Kontrolldokter préiwen.

Eis Rente-Reservë sinn den Ament nach gutt gefëllt. Si hu sech tëschent 2013 an 2020 ëm 88% ehéijt. Fir och an Zukunft secher Renten ze garantéieren, wäerte mir d’Depensen an d’Recettë reegelméisseg evaluéieren, an – wann néideg – Upassunge maachen, fir d’Ofsécherung vum staatleche Rentesystem a vun der Generatiouns-Gerechtegkeet ofzesécheren.

D’DP wëll déi rechtlech Barrièren, déi der Aféierung vum Rentesplitting am Wee stinn, iwwerwannen a sécherstellen, datt Koppelen an Zukunft vum Rentesplitting profitéiere kënnen. Mir wäerten och eng Versicherungsflicht wärend beruffleche Pausen iwwerpréiwen, fir d’Altersaarmut – besonnesch bei Witfraen a -männer – ze verhënneren.

D’DP wäert Salariéen a Patronen dobäi hëllefen, fir eng gemeinsam Léisung fir e méi laangen Emploi am Alter ze fannen, wann déi Betraffen dat wëllen. Zu Lëtzebuerg kann déi regulär Pensioun mat 65 Joer an Usproch geholl ginn. Ënner verschiddene Konditioune kréie vill vun eise Matbierger awer schonn eng Pension de vieillesse anticipée mat 57 oder mat 60 Joer. Den ablackleche Gesetzkader begrenzt an de meeschte Fäll d’Méiglechkeeten, fir dann eppes dobäi ze verdéngen, op een Drëttel vum soziale Mindestloun. Wann d’Akommes doriwwer läit, gëtt d’Rent gekierzt oder esouguer annuléiert.

Als DP wëlle mir de Pensionairen erlaben, fir beruffstäteg ze bleiwen, wa si dat wëllen. An hinnen d’Fräiheet ginn, esou vill ze verdéngen, ewéi si wëllen. Op dat zousätzlecht Akommes musse Sozialbäitreeg a Steiere bezuelt ginn a si féieren zu méi héije Rentenuspréch.

Nieft dem Wonsch vu ville Pensionairë, fir och am Alter aktiv ze bleiwen, ass esou e méi laangt Schaffen och d’Geleeënheet, fir Wëssen un déi jonk Generatiounen ze vermëttelen a fir d’Penurie u Fachkräften ofzefiederen.

De gesetzleche Kader vum conjoint aidant ass vereelzt a muss reforméiert ginn. Den Ament gesäit d’Gesetz vir, datt de Partner vun enger selbststänneger Persoun muss als conjoint-aidant bei der Sécurité sociale affiliéiert sinn, fir sozialverséchert ze sinn. De Konzept vun der Deelzäit gëtt et fir de conjoint-aidant bis elo net. D’DP setzt sech dofir an, datt esou Ongläichheeten ofgeschaf ginn, an datt och de conjoint-aidant ka bis zum fënnefache vum Mindestloun bei der Pensioun bäidroen. Doriwwer eraus wëlle mir méi Flexibilitéit, andeem mir him d’Méiglechkeet ginn, fir tëschent de verschiddene Bäitragsvarianten ze wielen. Jee nodeem, wéi héich d’Recette vun der Entreprise oder vun der selbststänneger Aktivitéit sinn, kéint den/déi mat-schaffend(e)e Mann/Fra oder Partner z.B. dat duebelt, dräifacht oder véierfacht vum Mindestloun zur Pensioun bäidroen.

D’DP veruerteelt all Zort vu Mobbing oder Diskriminatioun. Mir bekennen eis zum Anti-Mobbing-Gesetz, dat an der leschter Legislaturperiod a Kraaft getrueden ass. Mir wäerten d’Gesetz no zwee Joer evaluéieren, fir d’Auswierkungen op de Leescht ze huelen an eventuell Upassungen ze maachen.

Eise Chômagetaux läit bei relativ niddrege 4,9 Prozent. Fir de Chômage an de Mangel u Fachkräfte konsequent ze bekämpfen, wäerte mir Weiderbildungs-Initiative fërderen an d’Bedeelegung vum Betrib dorunner finanziell ënnerstëtzen.

D’DP wäert awer och de Besoin vum Aarbechtsmaart analyséieren, fir de Mangel u Fachkräfte fréi ze detectéieren an entspriechend Mesurë séier anzeleeden.

Dacks gi jonk Fachkräften am Privatsekter forméiert, fir da méi spéit an den ëffentlechen Déngscht, bei d’Gemengen oder parastaatlech Organisatiounen ze wiesselen. Dat kann zu engem Ongläichgewiicht féieren, well de Privatsekter méiglecherweis net genuch qualifizéierten Nowues kritt, wärend déi ëffentlech Hand vun den ausgebilte Fachkräfte profitéiert. D’DP wäert sécherstellen, datt en Equiliber tëschent der Formatioun vu jonke Leit am Privaten an hirer Rekrutéierung duerch de Staat, de Gemengen an dem Parastaat besteet. D’DP ass der Meenung, datt déi ëffentlech Hand op d’mannst esou vill Leit forméiere soll, wéi se vum Privatsekter recrutéiert.

D’DP wäert eng Weiderbildungs-Offensiv fir schwéier vermëttelbar Chômeure starten. Bannent nëmmen engem Mount no senger Aschreiwung bei der Adem muss d’Administratioun dem Chômeur e Weiderbildungs-Plang virleeën. Mir wëllen de Chômeur awer och responsabiliséieren a fuerderen Eegeninitiativ. Mir wäerten auch d’Toleranzgrenzen nei definéieren, fir ze verhënneren, datt e Chômeur déi offréiert Plazen express refuséiert. Bei Mëssbrauch wëlle mir, datt déi finanziell Strofen och konsequent applizéiert ginn.

Déi kënschtlech Intelligenz entwéckelt sech immens séier a wäert hiren Afloss op all Liewensberäicher ausbreeden. Mit däer Entwécklung si Risiken, ma och Chancë fir d’Aarbechtswelt verknäppt. Monoton an zäitopwendeg Aarbechte wäerten an Zukunft net méi vum Mënsch ausgeféiert ginn, déi hir hir Zäit méi produktiv, kreativ an innovativ notze kënnen. D’DP wäert d’Weiderentwécklung vun der kënschtlecher Intelligenz am A behalen, noutwendeg Regulatiounen zum Schutz vum Mënsch aféieren an déi Beschäftegt an d’Patronat aktiv begleeden, fir datt si sech der neier Konstellatioun kënne mat enger breeder Offer u Weiderbildungsofferen upassen.

D’Affer vum Sozialdumping, deen och zu Lëtzebuerg opkënnt, sinn d’Salariéen an d’Betriber. D’DP wäert déi sozial Ausbeutung konsequent bekämpfen. Och bei méi klenge Verstéiss géint geltend Recht, sollen d’Strofe vun der ITM ëmmer ugemiess sinn an an engem faire Verhältnis zu den Delikter stoen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp