Déi europäesch Liberal sinn am Mee 2014 fir d’éischte Kéier ënnert dem neien Numm „ALDE-Partei” an d’Europawale gaangen. Den 33. Kongress vun der ELDR zu Dublin huet den neien NummAlliance of Liberals and Democrats for Europesouzesoen eestëmmeg ugeholl.
Fir d’Europawalen 2024 ass déi folgend Deklaratioun ugeholl ginn.
Äert Europa, Är Fräiheet: de Wandel gestalten [méi…]
ALDE Individuell Memberen
De Statut vun engem individuelle Member steet bei der ALDE fir de Support vun den europäesch liberale Wäerter vu Fräiheet, Eegeverantwortung, Demokratie a Rechtsstaatlechkeet, Respekt virun de Mënscherechter an Toleranz. Fir d’ALDE ass dëtt en neie Wee, fir interesséiert europäesch Bierger an d’Aktivitéite vun der ALDE mat anzebezéien. Individuell Memberschaften an der ALDE sti fir eng geliefte Basisdemokratie a spillen ëmmer méi eng aktiv Roll an der ALDE.
D’DP ass mat engem Deputéierten am Europaparlament vertrueden. Als Liberaler setze mir eis fir en demokratescht a rechtsstaatlecht Europa an, dat no beim Bierger ass.