D‘Bauere sollen sech erëm op dat Weesentlecht konzentréiere kënnen

Mat der neier Agrarstrategie, déi de Lëtzebuerger EU-Kommissär Christophe Hansen kierzlech virgestallt huet, sollen d’Weiche vun der europäescher Landwirtschaft an déi richteg Richtung gestallt ginn.

Eng staark Landwirtschaft mat Réckewand vu Bréissel, soll de Beruff vum Bauer méi attraktiv maachen an och  seng wichteg Roll am Kampf géint de Klimawandel spillen. Et steet net zum beschten ëm d’Attraktivitéit vum Beruff: Eleng zu Lëtzebuerg hunn iwwer d’Hallschent vun de Baueren iwwer 50 Joer keen, deen den Haff iwwerhëlt. Vill vun de Betriber riskéieren dofir bannent den nächsten 10-20 Joer ze verschwannen. 

D’DP ënnerstëtzt all Efforten, fir d’Zukunft vum Bauerewiesen ze verbesseren. Dofir mussen d‘Prozeduren op ville Niveauen iwwerschafft a vereinfacht ginn. Sief dat bei der Reprise vum Haff, bei den Investissementer, bei de Subsiden oder och an den Ëmweltfroen. Virun allem am Beräich vun den Autorisatiounsprozedure fir d’Bauten an der Gréngzon, esou wéi d’Geneemegunge vun Nischeproduktiounen ass nach ganz vill Loft no uewen. D‘Bauere sollen sech erëm op dat Weesentlecht konzentréiere kënnen amplaz sech mussen duerch komplizéiert Prozeduren ze ploen.

Op der anerer Säit musse mer méi Méiglechkeete schafen, fir d’Erléiere vum  Beruff vum Bauer a vun der Weiderbildung z’erliichteren. Et ass bei der Landwirtschaft nämlech net anescht ewéi a soss Secteuren… et dierf een den Uschloss un d’Entwécklung net verpassen.

Schlussendlech muss och garantéiert ginn, datt de Bauer en adequate Präis fir seng Wuer kritt. Mat faire Präisser gëtt dem Bauer seng Existenz geséchert, virun allem an Zäiten, an deenen d’Klima ëmmer méi Spréng mécht. D’Landwirtschaft spillt eng aktiv Roll am Kampf géint de Klimawandel: mat pragmatesche Léisungen an engem flexibele Kader muss d’Bauerewiesen op deem Niveau ënnerstëtzt ginn, fir seng Responsabilitéit am Naturschutz z’iwwerhuelen. Den Naturschutz muss konsequent belount ginn, an net just Produktiounsdefiziter ausgeglach ginn! Et gëtt oft vergiess, dass d’Baueren Unternehmer sinn, an den Unternehmergeescht ass deen zentralen Hiewel, deen e Betrib um Liewen hält. Et ass an Zukunft keng Plaz méi fir Leit, déi der Landwirtschaft Steng an de Wee geheien, well Liewensmëttel am eegene Land ze produzéieren ass deemnächst keng Selbstverständlechkeet méi, wann d’Politik d’Schrumpfe vum Agrarsecteur net gebremst kritt. Dat alles verlaangt finanziell Mëttel, Courage, Respekt a gesonde Mënscheverstand!

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Entrevue mat de Gewerkschaften

D’DP Fraktioun hat haut eng konstruktiv Entrevue mat der Union des syndicats OGBL-LCGB. Wéi eng Roll ka kënschtlech Intelligenz op der Aarbechtsplaz spillen? Wéi steet et ëm déi aktuell Gesetzgebung ronderëm de Reclassement professionnel?

weiderliesen...

1 Milliard Euro fir de Findel

De Lëtzebuerger Flughafe wiisst a wiisst: den zivillen Transport an dee vum Cargo. Den Ament passéieren eng 5,3 Millioune Passagéier d’Joer de Findel. Op déi lescht 10 Joer gekuckt ass dat eng Hausse vun 100 Prozent.

weiderliesen...

Staark Familljen. Staark Kanner.

D’DP setzt iwwert déi nächst Joren eng Reform ëm, déi d’Realitéit vun eiser Gesellschaft vun haut erëmspigelt. Dir hat d’Erklärungen dës Woch an ärer Bréifboîte. Hei fannt dir eisen Depliant an anere Sproochen a weider Dokumenter mat detailléierten Informatiounen.

weiderliesen...