Am Mäerz huet et am Verglach zu de Jore virdrun extrem wéineg gereent sou dat d'Biedem aktuell relativ dréche sinn. Eis Deputéiert André Bauler a Luc Emering hunn nogefrot wéi d'Ministesch d'Lag hei zu Lëtzebuerg aschätzt an op verschidde Kulture Gefor lafe laangfristeg geschiedegt ze ginn.

Fro

„Sou wéi vill Géigenden a Mëtteleuropa ass och eist Land vun enger staarker Dréchent betraff. Dee leschte grousse Reen ass effektiv am Februar erofgaang. Am Mäerz huet et kaum gereent. Kee Wonner, datt d’Biedem de Moment schnaufdréche sinn. Eng änlech Situatioun gouf et fir d’läscht am Abrëll 2007 an am Fréijoer 2017. 

An deem Kader wollte mir der Madamm Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau folgend Froe stellen: 

  • Wéi schätzt d‘Madamm Minister d’Lag hei zu Lëtzebuerg de Moment an? Wat fir eng Kulturen si besonnesch vun der Dréchent betraff? Trëfft dat a speziellem Mooss op de Spargel zou?
  • Bei wat fir enge Kulture riskéiert déi aktuell Dréchent zu irreparabele Schied ze féieren?

Äntwert

Am Mäerz huet et iwwer Land ongeféier 80% manner gereent wéi an der Klimaperiod 1991-2020 (Asselbuer -80%, Kënzeg -89% an d’Stad Lëtzebuerg -80%). Nëmmen an der Muselgéigend war den Defizit manner staark, zu Réimech war dat ee Réckgang vun 38%. D’Dréchent huet sech haaptsächlech op flaachgrënge Biedem gewisen, déi net vill Waasser späichere kënnen.  

Wëll di landwirtschaftlech Kulturen eréischt um Ufank vun hirer saisonaler Entwécklung waren, sinn hei méiglech Schied elo nach ganz schwéier anzeschätzen. Di kal Nuechten hunn de Planzen hier Entwécklung hei warscheinlech méi ausgebremst wéi d’Dréchent. Dat ass och de Fall beim Spargel, dee jo a méi déiwe Biedem geplanzt gëtt, an deenen nach Waasserreserven zur Verfügung stoe missten.  

Am Wäibau hu just missten déi jonk Wéngerts-Planzen, déi dëst Joer geplanzt goufen, plazeweis bewässert ginn. 

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Administrativ Belaaschtung am Grondschoulunterrecht

Trotz der Vereinfachung vun der administrativer Aarbescht an de Grondschoulen duerch de Bildungsministère, gëtt vu Gewerkschafte betount, datt d’Bürokratie fir d’Enseignanten éischter zougeholl hätt. Wéi gesäit d’Realitéit aus, a wéi kann d’kënschtlech Intelligenz hei eng Roll spillen? Eng parlamentaresch Fro vun eisen Deputéierten Gilles Baum a Barbara Agostino sicht no Äntwerten.

weiderliesen...

Zweeten Intervenant an A-EBS am Cycle 1 vum Grondschoulunterrecht

Fir eng besser pedagogesch Differenzéierung a méi Chancë vu Ufank un ze garantéieren, gesäit de Koalitiounsprogramm en zweeten Intervenant am Cycle 1 vir. Och am Kader vum Projet Alpha kéint dësen Intervenant eng wichteg Roll spillen, besonnesch bei der phonetescher Virbereedung vun de Kanner. Zousätzlech si sougenannte A-EBS geplangt, déi d’Enseignanten ënnerstëtze sollen. Eis Deputéiert Gilles Baum a Barbara Agostino hu beim Educatiounsminister nogefrot, wéi wäit dës Initiativen fortgeschratt sinn a wéi de Kalenner ausgesäit.

weiderliesen...

Wéi vill Persoune leiden un Anorexie ?

Nieft dem Iwwergewiicht ass och d’Anorexie ee Problem an eiser Gesellschaft. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot, wéi vill Anorexie-Patienten zu Lëtzebuerg hu missen hospitaliséiert ginn, wéi laang den Traitement an der Moyenne dauert a wéi sech d’Käschte vun den Traitementer an de leschten 10 Joer entwéckelt hunn.

weiderliesen...