• Kategorien

  • Politiker

  • Politesch Themen

Concasséiere vu Material an der Gréngzone
D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.
weiderliesen...
Wéi vill Autorisatiounen fir Bauten an der Gréngzone goufen an de leschte Joren autoriséiert ?
D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hu sech beim Ëmweltminister renseignéiert, wéi vill Autorisatiounen fir Bauten an der Gréngzone an de leschte 5 Joer ugefrot a wéi vill Demanden refuséiert goufen, a wéini de Prinzip vum « silence vaut accord » bei den Autorisatiounsprozeduren wäert agefouert ginn.
weiderliesen...
Ëmweltschutz: Manner Konfrontatioun a méi Collaboratioun
An der Tribune Libre vun der DP schwätzt eisen Deputéierte Luc Emering dës Woch iwwert e moderne Naturschutz, deen net mat Feindbiller schafft a sech net an onwichtegen Detailer verrennt.
weiderliesen...
Wéi steet et ëm d'Grondwaasser zu Lëtzebuerg?
D'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas wollte wëssen, wéi de Grondwaasserpeegel déi lescht Méint evoluéiert huet.
weiderliesen...
Wéi een Impakt hunn d’Waasserbüffelen op d’Waasserqualitéit vun der Sir ?
Den Deputéierte Gusty Graas huet nogefrot, wéi een Impakt d’Präsenz vu Waasserbüffelen op d’Waasserqualitéit vun der Syr huet. Wéi kann d’Syr besser geschützt ginn, a wat sinn d’Alternativen ?
weiderliesen...
Wéi eng Suitte kritt d'Verknaschtung vun der Drosbech bei Leideleng?
Nodeems d'Drosbech an der Industriezon zu Leideleng an der Lescht e puer Mol verknascht gi war, huet den DP-Deputéierte Gusty Graas nogefrot, wat déi genee Ursaachen dovu sinn a wéi eng Suitten dës Verknaschtunge wäerte kréien.
weiderliesen...
Wat ass d'Ursaach vun der Verknaschtung vun der Sauer bei Maartel?
Nodeems bei Maartel Bensin an d'Sauer gelaf ass, huet den DP-Deputéierte Gusty Graas nogefrot, wat d'Ursaach heifir wier a wéi een Impakt dës Verknaschtung op d'Sauer huet.
weiderliesen...
Op wéi enge Plazen ass geplangt d'Sauer ze botzen?
Well aktuell zu Steenem e Säitenaarm vun der Sauer gebotzt gëtt, an et och op anere Plazen ubruecht wier, sou Aarbechten duerchzeféieren, huet den DP-Deputéierten André Bauler nogefrot, op wéi engen anere Plaze geplangt ass d'Sauer ze botzen.
weiderliesen...
Gëtt d’Bauschuttdeponie vu Colmer-Bierg 2023 zougemaach?
D’Bauschuttdeponie vu Colmer-Bierg soll un hir maximal Kapazitéite gerode wat kéint bedeiten dass se schonn am Laf vum Joer 2023 misst hir Dieren zou maachen. Eisen Deputéierten André Bauler huet sech informéiert ob dës Informatioune stëmmen, a wou am Land nei Deponie virgesi sinn.
weiderliesen...
Wat sinn d'Auswierkunge vun der Kerosensfuite zu Iechternacherbréck op d'Ëmwelt?
Wat sinn d'Auswierkunge vun der Kerosensfuite zu Iechternacherbréck op d'Ëmwelt, a besonnesch op d'Sauer? D'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gusty Graas hu bei der zoustänneger Ministesch nogefrot.
weiderliesen...
Net genuch Bauschuttdeponien – an elo ?
D’Problematik vum Manktem u Bauschuttdeponien zu Lëtzebuerg ass zënter laangem bekannt. D’Konsequenze si laang Weeër fir d’Camioen, eng vergréissert Belaaschtung fir d’Ëmwelt, a méi Käschte fir d’Endclienten. Gëtt et Pläng fir d’Zukunft a wéi wëll een der Situatioun Meeschter ginn. Eisen Deputéierte Max Hahn huet beim zoustännege Ministère nogefrot.
weiderliesen...
Wat sinn d'Perspektive vun eiser Landwirtschaft?
Wéi kann sech eis Landwirtschaft un de Klimawandel upassen ? D’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu beim Landwirtschaftsminister nogefrot, ob et an deem Kontext eng Klima-Task-Force gëtt, déi zesumme mam Secteur no laangfristege Léisunge sicht ?
weiderliesen...
Engagement vun den DP-Gemengepolitiker: Energie spuere fir manner Ofhängegkeet a méi Klimaschutz
D’DP steet fir eng ambitiéis an nohalteg Klima- an Energiepolitik, och an eise Gemengen. Déi aktuell Energie-Kris huet d'DP-Gemengepolitiker nach eng Kéier doranner bestäerkt, fir hir lokal Efforten am Sënn vun engem nohaltegen a verantwortungsvollen Energieverbrauch auszebauen...
weiderliesen...
Wéi eng Schlussfolgerunge vum leschte Biodiversitéitsrapport vun der IPBES fir Lëtzebuerg?
De leschte Rapport vun der IPBES huet gewisen, wéi staark d'Mënschheet vu wëllen Déieren a Planzen ofhängeg ass. Virun der COP15 am Kanada iwwer d'Biodiversitéit hunn d'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn nogefrot, wéi eng Konklusiounen d'Regierung aus deem Rapport fir Lëtzebuerg zitt.
weiderliesen...
Wéi steet d'Regierung zu de Pläng vun der Kommissioun a puncto Biomass?
D'EU wëll bis 2050 20% vun de landwirtschaftleche Fläche fir Biomass notzen an d'Importatioun vun Holz fir Energie ze produzéieren vervéierfachen. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hunn nogefrot, wéi d'Regierung zu deene Pläng steet.
weiderliesen...
Ee Joer nom Héichwaasser vum 14. a 15. Juli 2021: Wou stinn eis Gemengen?
Ee Joer nom Héichwaasser vum 14. a 15. Juli huet DP-Deputéiert Carole Hartmann ënnert anerem bei der Inneministesch nogefrot, wéi héich am Ganzen d'Schied um Gemengenniveau waren a wéi vill Gelder schonn un déi jeeweileg Gemengen ausbezuelt gi sinn.
weiderliesen...
Wéi vill Bëschbränn goufen et an de leschte Joer zu Lëtzebuerg?
Eng vun de Konsequenze vum Klimawandel ass, dass wéinst de méi héijen Temperaturen a verlängerten Drécheperioden de Risiko vu Bëschbränn an d’Luucht geet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dowéinst nogefrot, wéi vill Bëschbränn et an de leschte Joer gouf a wéi de CGDIS sech op eng méiglech Heefung vun deem Phänomeen preparéiert.
weiderliesen...
Wien ass den Haaptverursaacher vun der Phosphorbelaaschtung vun eise Gewässer?
Eng rezent däitsch Etüd ass zur Konklusioun komm, datt net d’Landwirtschaft, mä éischter d’Kläranlage fir d’Phosphorbelaaschtung vun de Gewässer responsabel sinn. Den DP-Deputéiert Gusty Graas freet d’Ëmweltministesch ob dës Konklusioun och kann op Lëtzebuerg iwwerdroe ka ginn a wéi héich d’Phosphat-Konzentratioun an eise Gewässer ass.
weiderliesen...
Wat sinn d'Ursaache fir déi krank Beem laanscht d'Sauer?
Laanscht d‘Uelzecht an d‘Sauer schéngt eng ganz Rëtsch Beem krank ze sinn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot, wat d'Grënn heifir sinn.
weiderliesen...
Wat bedeit eng Landwirtschaft ouni Kéi?
Wat bedeit eng Landwirtschaft ouni Kéi? Ginn domadder d’Emissioune vun Zäregasen erof? Huet dat aner Konsequenzen op d’Ernierungssécherheet. Amerikanesch Wëssenschaftler hunn dozou eng Etude gemaach. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet de Landwirtschaftsminister gefrot ob hien dës Etude kenne géif an ob déi selwecht Konklusioune fir Lëtzebuerg gezu kéinte ginn ?
weiderliesen...
Drénkwaasser aus der Musel?
Aktuell ginn Etüde gemaach fir an Zukunft méiglecherweis Waasser aus der Musel zu Drénkwaasser opzebereeden. D'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hunn nogefrot, wéini dës Etüden ofgeschloss wäerte sinn a wéi et ëm d'Waasserqualitéit vun der Musel steet.
weiderliesen...
Wéi een Impakt huet d'Dréchent op eis Gewässer?
Wéi schonn 2018 an 2019, kënnegt sech och dëst Joer als aussergewéinlech dréchen un. D'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hunn der Ëmweltministesch dowéinst e puer Froe gestallt.
weiderliesen...
Wéi entwéckelt sech d'Populatioun vun de Wäschbieren zu Lëtzebuerg?
De Wäschbier ass eng invasiv Spezies, déi sech zu Lëtzebuerg ëmmer méi ze verbreede schéngt. Ëmmer nees géif et zu Kontakter mat Mënsche kommen. D'DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn hunn dowéinst nogefrot, wéi d'Populatioun sech entwéckelt huet an ob d'Mesurë fir d'Populatioun ze reguléieren och gräifen.
weiderliesen...
Wéi steet d'Regierung zur geplangter geologescher Endlagerung vun Atommüll an der Belsch?
An der Belsch geet d'Diskussioun ëm d'Endlagerung vun Atommüll an eng nei Phase. De geologesche Stockage schéngt beschlosse Saach ze sinn. D'DP Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hu beim zoustännege Minister nogefrot, wat d'Positioun vun der lëtzebuerger Regierung ass a wéi si an dee Decisiounsprozess agebonn ass.
weiderliesen...
Kritik un der aktueller Politik betreffend dem Wollef
Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet beim zoustännege Minister nogefrot wéi et mat der Preventiounspolitik vum Wollef ausgesäit, nodeems e Schéifer an engem rezenten Zeitungsartikel seng Onzefriddenheet iwwert déi aktuell Politik betreffend dem Wollef zu Lëtzebuerg zum Ausdrock bruecht huet.
weiderliesen...
Firwat gëtt déi franséisch Juegdprüfung elo net méi unerkannt?
Wéi laang ass bekannt, dass déi franséisch Juegdprüfung net eise Standarden entsprécht? Firwat ass eréischt elo d'Decisioun geholl ginn, déi franséisch Juegdprüfung net méi unzeerkennen? Den DP-Deputéierte Guy Arendt huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot.
weiderliesen...
Wéi steet et ëm d'Bamalleeën uerchter d'Land?
Den DP-Deputéierten André Bauler huet de concernéierte Minister e puer Froen iwwer ë.a. den Zoustand vun de Bamalleeën uerchter d'Land gestallt.
weiderliesen...
Stopp vun den Aarbechten un der Ettelbrécker Gare: Wéi konnt et dozou kommen?
Wéi ass et méiglech, dass den Environnement d'Aarbechten un der Ettelbrécker Gare eréischt gestoppt huet, nodeems dës schonn ugefaang haten? Firwat goufen déi Schmuebelnäschter eréischt dunn entdeckt? Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot.
weiderliesen...
Wéi vill Fäll, wou d'Leit hiren Offall einfach an der Natur entsuergen, goufen et an de leschte Joren?
Ëmmer nees gesäit ee Plazen an der Natur, wou Leit hire Knascht entsuergt hunn. D'DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn hunn nogefrot, wéi vill där Fäll et an de leschte Jore gouf.
weiderliesen...
Verknaschtung vun der Musel duerch d'Atomzentral zu Cattenom?
Wéi et schéngt, ass et zu enger Verknaschtung vun der Musel op der Héicht vu Cattenom komm. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hu bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, fir weider Detailer ze kréien.
weiderliesen...
Wéi steet et ëm d'Drénkwaasserquellen zu Lëtzebuerg?
Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot, wéi et ëm d'Waasserqualitéit vun de Quellen zu Lëtzebuerg steet an ob schonn en Effekt duerch déi nei Waasserschutzzone festzestellen ass?
weiderliesen...
Wéi vill Subside fir den Héichwaasserschutz si schonn ausbezuelt ginn?
Nom Héichwaasser vum leschte Juli hu vill Leit a Gemengen decidéiert, an Héichwaasserschutzmoossnamen z'investéieren, déi och vum Waasserfong finanziell ënnerstëtzt ginn. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Carole Hartmann hunn ënnert anerem nogefrot, wéi vill Demandë scho rakomm sinn a wéi vill dovu schonn traitéiert goufen.
weiderliesen...
Net autoriséiert Ewechmaache vun Hecke laanscht eng Autobunn
Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet nogefrot, wéi et ka sinn, dass de Staat Hecken op engem Terrain, deen enger Gemeng gehéiert, ouni ze froen einfach ewechmécht.
weiderliesen...
Froen zu de Fëschereilousen zu Lëtzebuerg
Wéi vill Fëschereilousen a -syndikater gëtt et zu Lëtzebuerg? Wat ass d'duerchschnëttlech Längt vun de Lousen? Wéi vill sinn der an de leschte Joren aus der Pacht erausgeholl ginn? Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet der zoustänneger Ministesch eng Rei Froe gestallt.
weiderliesen...
Kënnt et zu enger Verlängerung vun der Autorisatioun vum Glyphosat an der EU?
An hirem Prerapport kommen déi véier Memberstaaten, déi d'Verlängerung vun der Autorisatioun vum Glyphosat an der EU bewäerte sollen, zur Konklusioun, dass et kee Grond géif ginn, dat ëmstriddent Planzeschutzmëttel ze verbidden. Allerdéngs gëtt d'Expertise vun dësem Prerapport vu verschiddene Säiten a Fro gestallt. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet nogefrot, wéi d'Lëtzebuerger Regierung d'Saach gesäit...
weiderliesen...
Startschoss fir de Klimabiergerrrot : Zesumme fir e bessere Klimaschutz
Fir d’Leit méi staark an d’Diskussioune ronderëm d’Klimapolitik anzebannen, hat de Premier Xavier Bettel am Oktober d’Schafe vun engem Klimabiergerrot annoncéiert - viru kuerzem huet hien déi genee Detailer dozou presentéiert. A senger Tribune libre geet de Generalsekretär vun der DP, de Claude Lamberty op dësen zu Lëtzebuerg eenzegaartege Projet an, an ënnersträicht d’Wichtegkeet vun enger ambitiéiser...
weiderliesen...
Wat sinn d'Resultater vun der ëffentlecher Consultation am Kader vum drëtte Plan de gestion?
Sou wéi et d'Directive cadre iwwer d'Waasser virgesäit, ass am Kader vum drëtte Plan de gestion eng ëffentlech Consultatioun organiséiert ginn, bei där souwuel Privatleit wéi och Gemengen hir Remarquen a Meenungen eragi konnten. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet nogefrot, wat d'Resultat vun dëser Consultatioun ass.
weiderliesen...
Wou ass de Projet vun enger Digue zu Clierf drun?
Viru Joren gouf de Projet vun enger Digue zu Clierf virgestallt, fir den Héichwaasserschutz an der Entrée vun der Uertschaft ze verbesseren. Well deen Dossier awer wéi et schéngt net richteg virugeet, hunn d'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas nogefrot, ob de Projet nach ëmmer aktuell ass a wa jo, wou en drun ass.
weiderliesen...
Wéini ginn d'Héichwaasserschied un enger Mauer zu Veiane gefléckt?
Duerch d'Héichwaasser vum Juli ass zu Veianen eng Mauer, déi eng Strooss stäipt, agefall. Den DP-Deputéierten André Bauler wollt wëssen, wéini dëse Schued gefléckt gëtt.
weiderliesen...
Verknaschtung vun der Noutemerbaach: Wat sinn d'Ursaachen a wat sinn d'Konsequenzen?
Wéi et schéngt si ronn 100.000 Liter Piff an d'Noutemerbaach bei Holtz gelaf. Den DP-Deputéierte Gusty Graas wollt dowéinst wëssen, wat d'Ursaachen heifir wieren a wéi eng Suitten dëse Virfall kritt.
weiderliesen...
Wéi steet et ëm d'Reguléierung vun de Muffelen zu Iechternach?
Wéinst dem héije Wëldschued hat d'Ëmweltministesch ufanks 2020 eng administrativ Juegd op d'Muffelen zu Iechternach ugekënnegt. Den DP-Deputéierte Guy Arendt huet nogefrot, ob dës Juegd tatsächlech stattfonnt huet a wa jo, wat d'Resultat dovu war.
weiderliesen...
Wéi steet et ëm den Ënnerhalt vun eise Baachen a Flëss?
Nom Héichwaasser vum Juli läit nach vill Knascht an eise Gewässer, zousätzlech zu Offall, deen d'Leit sou dra geheien. D'DP-Deputéiert Gusty Graas an André Bauler hunn dowéinst nogefrot, wéi den Entretien vun de Waasserleef koordinéiert gëtt an ob virgesinn ass deemnächst de Knascht ewechzemaachen.
weiderliesen...
Wéini ginn d'Roulotten, déi an der Sauer leien, wechgeholl?
Duerch d'Héichwaasser vum leschte Juli sinn ë.a. zu Méchela Roulotten an d'Sauer geschwemmt ginn. Fënnef Méint méi spéit huet nach keen dës aus dem Floss gefëscht. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dowéinst bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéini dës wechgeholl géife ginn.
weiderliesen...
Gefor duerch de Japankiewerlek?
D’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu beim Landwirtschaftsminister nogefrot, wéi et dem Japankiewerlek zu Lëtzebuerg steet : wat fir Kulture sinn am meeschten a Gefor ? Wat kann een eng Ausbreedung verhënneren a wou kann een sech melden wann een e Japankiewerlek entdeckt?
weiderliesen...
Wéi héich ass de Schued duerch Fiiss?
Den DP-Deputéierte Guy Arendt huet bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wéi vill Déieren de Fuuss déi lescht Jore gerass huet a wéi héich de wirtschaftlech Schued ass, deen doduercher entstanen ass. Hien huet och nogefrot, wéi et aktuell ëm d'Krankheete steet, déi bei de geteste Fiiss festgestallt ginn, steet a wërft och d'Fro op, ob een net misst erëm de Fuussbestand reguléieren. 
weiderliesen...
Gëtt et d'marmoréiert Bamwanz schonn zu Lëtzebuerg? 
D'marmoréiert Bamwanz ass en invasiivt Insekt aus Asien wat de Wënzer, Uebst- a Geméisgäertner vill Kappzerbrieches mécht. Dës Käffere kënnen effektiv ganz grouss Schied an de Wéngerten, Bongerten oder Geméisgäert uriichten. D'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu bei den zoustänneg Ministeren nogefrot, ob dës Käfferen sech och schonn zu Lëtzebuerg breet gemaach hunn an ob scho Schied an de Kulture...
weiderliesen...
E "Reparatur-Bonus" fir d'Kreeslafwirtschaft ze fërderen?
Mat enger Primm wëll den Ëmweltministère an Thüringen d'Leit encouragéieren, hir elektresch Apparater flécken ze loossen amplaz se wechzegeheien. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet dowéinst nogefrot, ob dat net eng Pist wier, d'Kreeslafwirtschaft och hei zu Lëtzebuerg méi staark ze fërderen.
weiderliesen...
Méi Renaturéierung an e bessere Warnsystem
D’Iwwerschwemmungen dëse Summer hunn eist Land onerwaart schro getraff. Am Verglach mat den Nopeschlänner, hat Lëtzebuerg Chance, dass kee Mënsch blesséiert ginn ass. Ma och bei eis hu sech dramatesch Zeenen ofgespillt an d’Waasser huet en enorme Schued gemaach. Dat zousätzlech zu enger Corona-Kris, déi scho fir sech eleng vill Leit a Betriber belaascht.
weiderliesen...
Gefor duerch Bamstämm an der Atert?
D’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas weisen d’Ëmweltministesch dorop hin, datt an der Atert nach Bamstämm leien, déi eng Gefor fir d’SEBES-Bréck duerstellen. Si froen d’Ministesch dofir wat gemaach gëtt fir dës Gefor ze behiewen an ob et nach aner Plaze laanscht d’Atert ginn, wou ëmgefalle Beem zu Stau-Situatiounen am Fall vun Héichwaasser kéinte féieren?
weiderliesen...
Wéi vill hunn de Baueren hir Recolte wéinst dem Wieder an de leschte Wochen gelidden?
An Deeler vun Europa schéngen d’Recolte vu Kären a Gromperen ënnert dem Wieder vun de leschte Wochen staark gelidden ze hunn. Wéi eng Informatioun konnten d'Servicer vum Ministère diesbezüglech scho kréien a wéi eng Konsequenze ginn et fir zukünfteg Recolte. Eis Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu beim zoustännege Ministère nogefrot.
weiderliesen...
Reclassement vu ganz Randschelt an eng Zone verte?
Engem rezenten Zeitungsartikel no hätt den Ëmweltministère proposéiert, ganz Randschelt an eng Zone verte ze reclasséieren. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot, wat d'Grënn heifir sinn a wéi eng Auswierkungen sou Decisioune kéinten hunn, besonnesch wat méiglech Demanden no Schuedensersatz betrëfft.
weiderliesen...
Wechmaache vun engem Eisebunnstunnel zu Rëmeleng: Wat ass den Impakt op d'Natur?
Zu Rëmeleng wëll d'CFL en historeschen Eisebunnstunnel opmaachen, d.h. de Buedem iwwer dem Tunnel ofdroen, fir d'Streck ze moderniséieren. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hunn nogefrot, wat fir en Impakt op d'Natur dës Aarbechten hunn.
weiderliesen...
Wat fir Auswierkungen hunn d’Iwwerschwemmungen op de Fëschbestand?
Duerch déi kierzlech Iwwerschwemmungen hu vill Fësch et net méi gepackt fir zréck an hir Baach oder hire Floss ze schwammen. Den DP-Deputéierte Gusty Graas freet déi zoustänneg Ministesch ob si schonns d’Auswierkunge vun de rezenten Iwwerschwemmungen op den nationale Fëschbestand kennt an ob de Plan de repeuplement elo eventuell misst ugepasst ginn.
weiderliesen...
Koum et viru kuerzem zu enger Verknaschtung vun der Our bei Lieler?
Den DP-Deputéierten André Bauler a Gusty Graas ass zu Ouere komm, dass et rezent zu enger Verknaschtung vun der Our bei Lieler komm wier. Si wollten dowéinst vun der zoustänneger Ministesch wëssen, ob si weider Informatiounen zu dësem Virfall hätt.
weiderliesen...
Manner Héichwaasserrisiko duerch zousätzlech Retentiounsmoossnamen laanscht d'Flëss?
Kéint duerch d'Installatioun vu Polder, déi d'Waassermasse bei Héichwaasser opfänken, den Iwwerschwemmungsrisiko bei Flëss reduzéiert ginn? D'DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hunn nogefrot.
weiderliesen...
Wéi staark sinn d'Kläranlage vun de rezenten Iwwerschwemmunge betraff?
Duerch d'Héichwaasser wieren och eng Rei Kläranlage beschiedegt ginn, soudass de Risiko bestoe géif, dass knaschtegt Waasser an d'Flëss leeft. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, ob dat tatsächlech de Fall ass, wéi eng Kläranlage betraff sinn, a wat den Impakt op d'Waasserleef ass.
weiderliesen...
Informatiounsaustausch tëscht den alen an neie Juegdsyndikater
Den DP-Deputéierten André Bauler a Guy Arendt ass zu Ouere komm, dass d’Sekretäre vun deene fréiere Juegdsyndikater net däerfen d’Kontosnummere vun de Bësch-, Wisen a Feldbesëtzer un déi nei Sekretäre rausgi wéinst dem Dateschutz. Dowéinst hu si bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi dëse Problem kéint behuewe ginn.
weiderliesen...
Agroforstwirtchaft: eng Léisung fir dem Klimawandel besser ze widderstoen?
Déi global Erderwiermung an ëmmer méi heefeg Dréchenten hunn negativ Konsequenze fir de landwirtschaftlechte Buedem zu Lëtzebuerg. Agroforstwirtchaft kéint eng Léisung sinn fir eisem Buedem géint d'Dréchent ze hëllefen. An dësem Kontext huet den DP-Deputéierten André Bauler de Landwirtschaftsminister no méi Informatioune iwwert Agroforstwirtchaft gefrot.
weiderliesen...
Stad Lëtzebuerg: Méi Plaz fir d’Mënschen
Déi douce Mobilitéit weiderbréngen, de Mënsche méi Plaz am ëffentleche Raum ginn, d’Stad nach méi attraktiv maachen: Scho virun der Pandemie ass um Knuedler vill doru geschafft ginn, ma Covid huet ouni Zweiwel gehollef, fir Projeten nach méi séier ëmzesetzen.
weiderliesen...
Ëmwelt a Gesondheet ginn Hand an Hand
Eis Ëmwelt huet en direkten Afloss op eis Gesondheet – an dat a villerlee Hisiicht. Dat huet d’Covid-Pandemie däitlech gewisen. D’DP wëll dofir de Stellewäert vun der Ëmweltmedezin a vun der Gesondheetspolitik stäerken.
weiderliesen...
Fir en internationale Verbued vum Geo-engineering?
Grouss Spigelen am Weltall, d'Verspreeë vu Partikelen an der Atmosphär oder d'Schafe vu kënschtleche Wolleke fir d'Sonn ze reflektéieren: Dat si just e puer Beispiller vum sougenannten "Geo-engineering", op dat verschidde Wëssenschaftler wëlle setze fir d'Äerderwiermung ze stoppen. Well d'Konsequenze vu sou déifgräifenden Agrëffer an d'Natur awer onberechenbar a souguer potenziell dramatesch kënne...
weiderliesen...
Reewaasseranlagen an ëffentleche Gebaier fir Drénkwaasser ze spueren?
D'Installatioun vun enger Reewaasseranlag, fir Reewaasser fir verschidden Zwecker ze notzen, ass eng Méiglechkeet fir Drénkwaasser ze spueren, grad wann Dréchent an Hëtzt dem Grondwaasser zousetzen. D'DP-Deputéiert Max Hahn an André Bauler hu beim zoustännege Minister nogefrot, wéi et an där Hisiicht bei den ëffentleche Gebaier ausgesäit.
weiderliesen...
Wéi steet et ëm d’Kapazitéiten vun der Offallentsuergung?
Mam Wuesstem vun eiser Populatioun klëmmt och d’Quantitéit un Offall deen vun de Gemengenautoritéiten entsuergt muss ginn. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gilles Baum hu bei der Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung ë.a. nogefrot, ob eventuell geplangt gëtt fir d’Kapazitéiten vun der Verbrennungsanlag zu Leideleng an der Décharge Muertendall ze erhéijen.
weiderliesen...
Wéi vill Krankheeten goufe bei Fiiss entdeckt ?
Et ass gewosst, datt d’Fiiss oft Krankheeten iwwerdroen. Elo huet de Minsitère vun der Staute-Krankheet bei Fiiss gewarnt, déi och op d’Hënn iwwedrdroen ka ginn. Den DP-Deputéierte Guy Arendt freet bei den zoustännege Ministeren no, wéi vill Krankheeten déi lescht Jore bei Fiiss entdeckt goufen a wéi ee ka verhënneren datt dës Virus sech verbreeden.
weiderliesen...
Verknaschtung vun der Syr duerch de Findel
Virun allem am Wanter kënnt et ëmmer nees zu Verknaschtunge vun der Syr, déi op d'Entäise vun de Fligeren um Findel zréckzeféieren sinn. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet nogefrot, op et Analyse gëtt, wéi staark d'Syr doduerch belaascht ass, a wat ënnerholl gëtt, fir d'Situatioun ze verbesseren.
weiderliesen...
Wéi kann een d’Juegd zu Lëtzebuerg optimiséieren ?
De Mouvement écologique huet kierzlech kritiséiert, datt de Wëldschued zu Lëtzebuerg ze héich ass a méi muss gejot ginn. Den DP-Deputéierte Guy Arendt proposéiert e puer Iddie wéi ee kéint d’Effikassitéit vun de Juegte verbesseren a freet d’Ëmweltministesch wat fir Mesuren si gedenkt ëmzesetze fir d’Juegd ze optimiséieren.

Upassung vun de Bëscher un de Klimawandel
D'Bëscher spillen eng wichteg Roll am Kampf géint de Klimawandel. Gläichzäiteg setzen hinnen d'Drécheperioden an déi héich Temperaturen ëmmer méi zou. D'DP-Deputéiert Gilles Baum a Max Hahn hu bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi vill Demande fir eng Subventioun am Kader vum Programm "Klima-Bonus" deposéiert goufen, wéi wäit d'Aarbechten un der Reform vum Aidekatalog sinn a wéi et ëm verschidden...
weiderliesen...
Zousätzleche Lärmschutz laanscht d'Autobunnen?
Am Aktiounsplang géint de Kaméidi bei grousse Verkéiersachsen ass a priori näischt virgesi fir de Lärmschutz laanscht d'A1 ze verstäerken. Der DP-Deputéiert Carole Hartmann ass awer zu Ouere komm, dass awer vill Leit, déi an der Géigend wunnen, sech weider Mesure géife wënschen. Dowéinst huet d'Carole Hartmann bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, ob net awer weider Mesure méiglech wieren.
weiderliesen...
Invasiv Kriibsen-Aarten an eise Gewässer: Gräifen d'Mesuren?
De Signalkrebs an de Kamberkrebs sinn zwou invasiv Aarten, déi sech a ganz Europa zënter Joren ausbreeden - dëst mat engem gravéierenden Impakt op déi lokal Ökosystemer. D'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas wollte vun der zoustänneger Ministesch wëssen, ob d'Mesuren déi am Aktiounsplang virgesi sinn, bis lo de gewënschte Succès haten, wéi vill där Déieren an de leschte Jore konnte gefaangen oder...
weiderliesen...
Verschidde Froen zum Stauséi
Wéi huet de Waasserstand am Stauséi an de leschte Joren evoluéiert? Wéi ass den Zoustand vun der Staumauer? Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei den zoustännege Ministeren nogefrot.
weiderliesen...
Réikitzrettung per Dron
D'Regierung hat leschte Summer e Pilotprojet annoncéiert fir d'Réikitzrettung per Dron virum Mädrescher z'ënnerstëtzen. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Gusty Graas hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wou dee Pilotprojet drun ass.
weiderliesen...
Wat ass d'Reaktioun vun der Ëmweltministesch op d'Demissioun vum President vun der Jeeërfederatioun?
Als Grond vu sengem Récktrëtt gëtt de President vun der Jeeërfederatioun e Mangel u konstruktiver Zesummenaarbecht an e "Missachten" vu Säite vun der Ëmweltministesch vis-à-vis vun de Jeeër un. D'DP-Deputéiert Guy Arendt a Gusty Graas hunn nogefrot, wéi d'Ministesch zu de Virwërf steet a wéi d'Zesummenaarbecht an Zukunft verbessert soll ginn.
weiderliesen...
Ze vill Phosphat am Stauséi?
Wéi aus engem rezenten Interview am Wort ervirgeet, hat d'Landwirtschaftskummer dem Ëmweltministère eng Etüd presentéiert iwwer déi héich Konzentratioun vu Phosphat am Stauséi an d'Ursaachen dovunner, déi bei verschiddene Kläranlagen an der Géigend géife leien. Well d'Kummer allerdéngs keng Reaktioun dorop kritt hätt, huet den DP-Deputéierte Gusty Graas bei der zoustänneger Ministesch nogefrot.
weiderliesen...
Wat ass den Impakt vum Goldschakal op déi einheimesch Déieren?
Wéi et schéngt, ass de Goldschakal méiglecherweis eng éischte Kéier zu Lëtzebuerg gesi ginn. D'DP-Deputéierten André Bauler a Max Hahn hu bei der Ëmweltministesch nogefrot, wat den Impakt vu senger Presenz virun allem op d'Beutedéieren ass, a wéi et allgemeng ëm d'Bekämpfung vun den invasiven Déierenaarten hei am Land steet.
weiderliesen...
Wat ënnerhëlt Lëtzebuerg fir d'Unerkennung vum Ekozid als Verbriechen op internationalem Niveau virunzebréngen?
Am aktuelle Koalitiounsaccord schwätzt sech d'Regierung dofir aus, den Ekozid als Verbriechen op internationalem Niveau unzëerkennen. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wat da bis lo konkret an déi Richtung ënnerholl ginn ass.
weiderliesen...
Waasser aus der Musel fir jonk Riewen ze nätzen?
Zu Lëtzebuerg gëtt et haut schonn d'Méiglechkeet, Waasser aus der Musel ze huele fir jonk Riewen ze nätzen, wann et ze waarm an dréchen ass. Dat lescht Joer ass keng Demande beim Waasserwirtschaftsamt rakomm, quitt dass de President vun de Privatwënzer an engem rezenten Interview awer dofir plädéiert huet. Wat ass de Grond dofir? Misst méi iwwer dës Méiglechkeet informéiert, respektiv den administrativen...
weiderliesen...
Firwat ginn d'Klappjuegten elo verbueden?
Den Ëmweltministère consideréiert d'Juegd als "activité récrérative" an verbitt dowéinst d'Klappjuegte bis de 15. Dezember. Den DP-Deputéierte Guy Arendt freet bei der Ministesch no ob wat fir e legislativen Text si sech baséiert fir d'Juegd esou anzestufen. Dem DP-Deputéierten no, wier d'Juegd net explizitt iwwert dat neit Covid-Gesetz ofgedeckt an et misst ee weiderhi kënne Klappjuegten, mat der...