Einsamkeet zu Lëtzebuerg ?

Einsamkeet gëtt zu engem ëmmer méi grousse gesellschaftleche Problem. Enger Etüd no wieren eleng an Däitschland Millioune Leit betraff. D’DP-Deputéiert André Bauler a Mandy Minella hu beim Familljeminister nogefrot wéi hien d’Problematik vun der Einsamkeet zu Lëtzebuerg gesäit a wéi eng Mesüren de Ministère hëlt fir do dergéint virzegoen.

Fro

„Rezent huet déi däitsch Familljeministesch eng Studie virgestallt, déi sech mam Thema vun der Einsamkeet an hire sozialen a gesondheetleche Konsequenze beschäftegt. Einsamkeet géif effektiv ëmmer méi zu engem seriöse gesellschaftleche Probleem. An Däitschland wiere Millioune Leit betraff an dofir gëtt gekuckt, fir divers Hëllefsefforten unzebidden. 

An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir d’Famill, fir d’Solidaritéit, fir d’Zesummeliewen a fir den Accueil follgend Froe stellen:

  • Wéi gesäit den Här Minister d’Problematik vun der Einsamkeet hei zu Lëtzebuerg?
  • Wéi eng Mesüren hëlt de Familljeministère fir de Phänomen vun der Vereinsamung, besonnesch am Alter, ze bekämpfen?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéini gi Gesondheetsbilanë beim Hausdokter agefouert ?

De Koalitiounsaccord vun der Regierung gesäit d’Aféierung vu reegelméissege Gesondheetsbilanen ab 30 Joer vir. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot wéi wäit d’Ëmsetzung vun dëser Initiative ass, ob spezifesch Formatioune fir d’Dokteren en place gesat wäerte ginn, an ob an deem Kader den DSP genotzt wäert ginn.

weiderliesen...

MILA Nofolleger

An der Sëtzung vun der Schoulkommissioun vum 17. Juni 2025 gouf ugekënnegt, datt d’Alphabetiséierungsprogramm MILA ausgeet an duerch e neie Schoulprogramm ersat gëtt. Nëmmen nach ronn 20 % vun de Kanner schaffen domat, an ëmmer méi Enseignanten setzen op aner Léiermëttel. Eis Deputéiert Gilles Baum a Barbara Agostino froen de Bildungsminister no den Haaptneierungen am neie Programm, senger Aféierung an de geplangte Formatiounscoursen fir d’Enseignanten.

weiderliesen...

D’Kooperatioun tëscht dem LNS an de private Laboratoiren an d’Automatisatioun am LNS

D’Analyse vu Biopsien spillt eng entscheedend Roll beim Erkennen vu schwéiere Krankheeten wéi dem Kriibs. Trotz Verbesserunge bleiwen d’Waardezäiten am LNS héich, besonnesch an der Onkologie, Gynäkologie an Dermatologie – eng psychologesch Belaaschtung fir Patienten. Eid Deputéiert Mandy Minella an Dr. Gérard Schockmel froen d’Gesondheetsministesch, wéi eng Schrëtt fir méi Automatisatioun, Digitaliséierung a méiglech Zesummenaarbechte mat privaten Laboratoiren virgesi sinn.

weiderliesen...

Administrativ Belaaschtung am Grondschoulunterrecht

Trotz der Vereinfachung vun der administrativer Aarbescht an de Grondschoulen duerch de Bildungsministère, gëtt vu Gewerkschafte betount, datt d’Bürokratie fir d’Enseignanten éischter zougeholl hätt. Wéi gesäit d’Realitéit aus, a wéi kann d’kënschtlech Intelligenz hei eng Roll spillen? Eng parlamentaresch Fro vun eisen Deputéierten Gilles Baum a Barbara Agostino sicht no Äntwerten.

weiderliesen...