AGO – DP Garnech

Date

12 Avr 2024
Expiré!

Heure

19:00 - 21:00

D’Generalversammlung vun der Sektioun Garnech (déi op der AG gegrënnt gëtt) ass den 12. Abrëll um 19 Auer zu Garnech am Café Baesch.

 

Léif Memberen,

mat dësem Schreiwes géinge mer Iech gären op eis Assemblée Générale vun der DP-Sektioun Garnech invitéieren. Dës fënnt den 12. Abrëll um 19 Auer am Café Baesch (32 Rue des Trois Cantons, L-8354 Garnich) zu Garnech statt. 

Well et sech ëm eng nei DP-Sektioun handelt, ass den Ordre du Jour liicht aneschters am Verglach zu deenen anere Sektiouns-AG’en. 

*Ordre du Jour*

1. Begréissung vum JDL Vize-President souwéi President f.f. vun der JDL Süden Steven Milbert

2. Wal vum neie Comité 

3. Designatioun vun de Keesereviseuren

4. Informatiounen zur kommunaler Politik vun der Gemengeconseillère Nancy Peters

5. Informatiounen zu der Aarbecht vun de Kommissiounen

6. Messagë vun den Invitéen 

7. Divers

Kandidature fir de Comité vun der neier Sektioun souwéi fir d’Poste vum President, Vize-President, Tresorier a Sekretär musse bis den 10. Abrëll un de Steven Milbert geschéckt ginn (steven.milbert@jonkdemokraten.lu)

Léif Gréiss a bis den 12. Abrëll zu Garnech,

Steven Milbert