DP Helperknapp – Floumaart
Léif Damen a Hären,
mir invitéieren Iech häerzlech op de Flooumaart zu Beiewen-Atert, deen den 8. November 2026 am Centre Lëtschert stattfënnt.
Dir hutt Saachen doheem, déi Dir net méi braucht a gären verkaafe wëllt?
Ob Chrëschtsaachen, Porzeläin, Spillsaachen oder aner Gebrauchs- an Dekoratiounsartikelen – bei eis hutt Dir d’Méiglechkeet, dës un aner Leit weiderzeginn.
Informatiounen zum Flooumaart:
📅 Sonndeg, 8. November 2026
📍 Centre Lëtschert, Beiewen-Atert
🕘 9:00 bis 17:00 Auer
🍽️ Fir Iessen an Drénken ass gesuergt.
Wann Dir selwer e Stand reservéiere wëllt, kënnt Dir Iech per E-Mail umellen:
📧 dp.helperknapp.floumaart@gmail.com
Mir géifen eis freeën, Iech als Verkeefer oder als Visiteur begréissen ze kënnen, a wënschen Iech schonn elo vill Spaass beim Stöberen an Entdecken.
Mat beschte Gréiss
Demokratesch Partei
Helperknapp
