#DPKongress22

Location

Centre Atert
Bertrange

Date

12 Jun 2022
Expired!

Time

09:00 - 15:00

Léif Memberen, léif Frënn,

Et ass eis eng grouss Freed, fir Iech op de Kongress 2022 vun der DP z‘invitéieren.

De Kongress ass eise wichtegste Rendezvous vum Joer.

Nodeems mir 2020, als éischt Partei an der Geschicht vum Land, e komplett digitale Kongress organiséiert hunn – an och d’lescht Joer just iwwert dee Wee konnten zesummekommen – ass et elo endlech nees esou wäit:

E Sonndeg, den 12. Juni um 10:00 Auer organiséiere mir erëm e klasseschen Nationalkongress.

De Kongress gëtt op Franséisch, Englesch, Däitsch an DGS (Deutsche Gebärdensprache) iwwersat an och live op Facebook a Youtube iwwerdroen.

Ab 9:00 Auer fänkt eise Virprogramm un. Zu deem Moment zerwéiere mir iech natierlech och Kaffi a Croissant.

Nom Kongress erwaart iech dann e flott Familljefest fir Grouss a Kleng.

Mir freeën eis, fir Iech alleguerten erëmzegesinn!

Mat liberale Gréiss,

CORINNE CAHEN
DP-PRESIDENTIN