FCCD – Assemblée Générale 2027
Léif Memberen,
D’Assemblée Générale vun der FCCD fënnt e Méindeg, de 16. November, um 18:30 Auer an der Fraktioun statt.
📍 4, Rue du St. Esprit, 1475 Ville-Haute, Lëtzebuerg
Ab 19:00 Auer begréisse mir dann eisen Invité, den Europadeputéierte Charel Goerens. Hien wäert mat eis iwwer eng Rei spannend europäesch Sujeten diskutéieren, ënner anerem iwwer déi politesch Entwécklungen an eisen Nopeschlänner an iwwer de Budget.
Zum Schluss vum Owend gëtt et nach e Patt.
Kommt laanscht, diskutéiert mat!
Bis geschwënn!