FUTURE LAB : MASTERCLASS : NEI SEKTIOUNSSÄITEN

Location

Centre Atert
Bertrange

Date

23 Nov 2022
Expired!

Time

18:30 - 21:00

FUTURE LAB : MASTERCLASS : NEI SEKTIOUNSSÄITEN

En neie Look: déi nei Sektiounssäite stinn an de Startlächer.
Du wells wëssen, wéi s du den Internetsite um neitste Stand hälls?
Dann ass dës Masterclass genee dat richtegt fir dech. Designéiert wgl. eng oder zwou Persounen aus ärer Sektion, fir bei dëser Masterclass matzemaachen. Déi Leit sollen dann och den Internetsite vun der Sektioun um neitste Stand halen.
MASTERCLASS : NEI SEKTIOUNSSÄITEN
Wéini? E Mëttwoch, den 23. November 2022 um 18:30 Auer.

Wou? Am Centre Atert zu Bartreng.

Hybrid : 

https://bit.ly/3ELQfAc
ID: 893 7049 6650
Code secret: 385670

Inhalt:

1.     Umellen a Sécherheet
2.     News
Wéi setzt een eng News online? Wéi ännert oder läscht een eng News?
3.     Comité a Gemengemandatairen
Wéi aktualiséieren ech meng Memberen um Site?
4.     Weider wichteg Informatiounen 

*Jidderee soll e Laptop oder säin Handy matbréngen, fir direkt aktiv matzemaachen. D’Masterclass gëtt och opgeholl a kënnt duerno an de Memberberäich op dp.lu.