D’FCCD ass den Akronym fir Fédération des conseillers communaux démocrates.
D’FCCD huet virun allem follgend Missiounen:
all Froe mat engem Zesummenhang zu der Gemengepolitik, de Gemengestrukturen, der Kompetenzverdeelung tëscht dem Staat an de Gemengen ze iwwerpréiwen an doriwwer Positiounen ze entwéckelen,
bei der Entwécklung vun de Basisprogrammer fir d’Gemengewale matzeschaffen,
d’Membere vun der DP, déi d’Poste vun de Buergermeeschteren, Schäffen, Conseillere besetzen oder Deel vun de Berodungskommissiounen an hire Gemenge sinn, z’informéieren, ze consultéieren an ze forméieren.