FCCD-Ëmfro

D’FCCD ass den Akronym fir Fédération des conseillers communaux démocrates.

D’FCCD huet virun allem follgend Missiounen:

  • all Froe mat engem Zesummenhang zu der Gemengepolitik, de Gemengestrukturen, der Kompetenzverdeelung tëscht dem Staat an de Gemengen ze iwwerpréiwen an doriwwer Positiounen ze entwéckelen,
  • bei der Entwécklung vun de Basisprogrammer fir d’Gemengewale matzeschaffen,
  • d’Membere vun der DP, déi d’Poste vun de Buergermeeschteren, Schäffen, Conseillere besetzen oder Deel vun de Berodungskommissiounen an hire Gemenge sinn, z’informéieren, ze consultéieren an ze forméieren.