Firwat a wéi dacks gi medezinesch Zouloossungen entzunn?

A senger parlamentarescher Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch freet den Deputéierten André Bauler, firwat a wéi dacks Zouloossunge vun Dokteren an Dokteschen entzu ginn.

Et kënnt ëmmer nees vir, datt hei am Land Dokteren hir Zouloossung zum Beruff ewechgeholl kréien.

An deem Kader wollt ech der Madamm Gesondheetsministesch follgend Froe stellen:

  • Wat sinn déi geleefegst Grënn, déi dozou féieren, datt een Dokter oder eng Doktesch hir Zouloossung verléieren?
  • Wéi vill Dokteren an Doktesche kruten an de leschten zéng Joer hir Zouloossung ewechgeholl?
  • A wat fir enge Spezialitéite war dat de Fall?
  • Wéi ginn d‘Doktere gepréift, déi ausserhalb vun der EU kommen an déi hiren Diplom och net an der EU kruten, iert se eng Zouloossung hei am Land kréien? Aus wat fir enge Grënn goufen der ënnert dësen net zum Déngscht zougelooss?

Äntwert

  • Wat sinn déi geleefegst Grënn, déi dozou féieren, datt een Dokter oder eng Doktesch hir Zouloossung verléieren? 

Wann en Dokter oder eng Doktesch hir Zouloossung verléieren, ass dat, laut dem ofgeännerte Gesetz vum 29.Abrëll 1983 iwwer den Exercice vun den Dokteren, Zänndokteren a Veterinairen, op engdisziplinaresch oder eng strofrechtlech Sanktioun zeréckzeféieren.

  • Wéi vill Dokteren an Doktesche kruten an de leschten zéng Joer hir Zouloossung ewechgeholl?

Säit dem Joer 2014, sinn 10 Suspensiounen a 4 Retrait’en vun Zouloossunge vum Gesondheetsministère gesprach ginn. 

  • A wat fir enge Spezialitéite war dat de Fall?

D’Suspensiounen déi säit 2014 gesprach gi sinn, concernéieren zwee Médecins généralistes, een ORL, zwee Veterinair’en, zwee Zänndokter, wouvun géint een och spéiderhin e Retrait vun senger Zouloossung gesprach ginn ass, een Urolog an zwee Gynekologen. 

D’Retrait’en déi säit 2014 gesprach gi sinn, concernéieren een Médecin-généraliste, een Gynekolog, een Psychiater an een Zänndokter. 

  • Wéi ginn d‘Doktere gepréift, déi ausserhalb vun der EU kommen an déi hiren Diplom och net an der EUkruten, iert se eng Zouloossung hei am Land kréien? Aus wat fir enge Grënn goufen der ënnert dësen netzum Déngscht zougelooss?

Déi Dokteren déi ausserhalb vun der EU kommen an déi hiren Diplom och net an der EU kruten, musse, laut dem ofgeännerten an uewen zitéierte Gesetz vum 29. Abrëll 1983, en Diplom an der medezinescher Grondausbildung souwéi en Diplom an enger medezinescher Spezialisatioun virweisen, déi op Basis vum ofgeännerte Gesetz vum 28. Oktober 2016 iwwer d‘Unerkennung vu beruffleche Qualifikatiounen unerkannt gi sinn. An deem Kader, an op Basis vum Artikel 23 (8) vum ofgeännerte Gesetz vum 28. Oktober 2016, muss den interesséierten Dokter kënnen eng Unerkennung vu sengen Diplomer op Basis vun de Mindestkrittären vun der EU duerch en anere Memberstaat virweisen an och de Beweis erbréngen dat dës Unerkennung him eng Zouloossung an deem Memberstaat vun der EU erméiglecht. Wann e Kandidat net zum Déngscht zougelooss ginn ass, ass et well déi genannte gesetzlech Conditiounen net erfëllt waren. 

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Missten d’Urgencen fir Kanner am Norden ausgebaut ginn?

Och Kanner mat klenge Blessuren ginn oft aus dem Norden bis an d’Kannerklinik an der Stad geschéckt. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, firwat déi pädiatresch Urgencen vum CHdN net 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg an der Woch garantéiert kënne ginn a wéi vill Kanner aus dem Norden an d’Kannerklinik geschéckt ginn.

weiderliesen...

Wéi kann d’Gesondheet vun de Kanner verbessert ginn ?

D’Gesondheetsproblemer bei de Kanner klammen an den Accès zu Pediatere gëtt ëmmer méi schwiereg. D’DP-Deputéiert Mandy Minella a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesüre virgesi sinn fir d’Situatioun ze verbesseren, ob eng national Strategie fir d’Gesondheet vun de Kanner envisagéiert gëtt an ob een nationale Coordinateur fir d’Kannergesondheet agesat sollt ginn.

weiderliesen...

Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

weiderliesen...