19 May 2022
De ChdN assuréiert op sengen zwee Sitte Wolz an Ettelbréck d’Gesondheetsversuergung fir de Norden an deelweis fir den Oste vum Land. Wat wäert an Zukunft ënnerholl ginn, fir datt déi zwee Sitten och an Zukunft attraktiv bleiwen? D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot, ob eng Kollaboratioun mat der Universitéit Lëtzebuerg geplangt ass,...
12 May 2022
D'DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn goufen dorops opmierksam gemaach, datt et zu Ettelbréck de Moment Schwieregkeete gëtt fir d'Ambulanze mat genuch Personal ze besëtzen. An dem Kontext, hunn béid Politiker ënnert anerem bei der Inneministesch nogefrot wéi et mat der Disponibilitéit vu Benevoller ausgesäit.
11 May 2022
Den Interêt un der Schéinheetsmedezin gëtt ëmmer méi grouss. Leider kënnt et awer och ëmmer nees vir, datt Agrëff vu Persounen ouni adequat Ausbildung virgeholl ginn. D’Konsequenz sinn reell Geforen fir d’Patienten. Den DP-Deputéierten Gusty Graas wollt vun den zoustännege Ministeren wëssen, ob et Zuelen zu de Schéinheetsagrëff zu Lëtzebuerg ginn a wéi oft Patienten wéinst onerwënschte Niewewierkungen...
06 May 2022
D’Zeckesaison fänkt nees un an nei Zeckenaarten fannen hire Wee op Lëtzebuerg. Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Krankheeten bis haut no Zeckebëss zu Lëtzebuerg nogewise goufen an ob net nees op méi visibel Manéier zum Sujet sensibiliséiert sollt ginn.
05 May 2022
Den CSSST, deen der Direction de la Santé ënnersteet, ass zanter 2018 net méi zesummekomm. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, firwat keng Reunioune méi stattfonnt hunn, an ob d’Ministesch an nächster Zäit eng Reunioun aberuffe wäert?
26 April 2022
Et schéngt de Fall ze sinn, datt d’Apdikt vu Veianen an d’Gemeng Tandel verluecht wäert ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob et eng konkret Demande fir dësen Transfert gëtt an ob et zu dësem Sujet schonn Entretienen mat de kompetenten Gemengenautoritéiten gouf.
20 April 2022
Zu Lëtzebuerg feelt et un Dokteren. Dat provozéiert laang Waardezäiten a wäit Deplacementer fir d’Patienten. Den André Bauler an de Gilles Baum, Deputéiert vun der DP, hunn d’Gesondheetsministesch gefrot, ob gewosst ass, wéi vill Dokteren aus all Fachrichtung zu Lëtzebuerg schaffen, a wéi vill Dokteren an de leschte fënnef bäikomm oder an d’Pensioun gaange sinn.
07 April 2022
No der Fermeture vun der Maternité um Site Ettelbréck vum Centre Hospitalier du Nord, wäert d’DP-Deputéiert Carole Hartmann eng erweiderdert parlamentarescher Fro an der Chamber un d’Gesondheetsministesch riichten. Wéi steet d’Ministesch zu der Fërderung vun Hausgebuerten, der Installatioun vun engem Gebuertshaus, wéi se an Däitschland scho laang üblech sinn, oder och d’Schafen vun enger Hiewanenambulanz.
04 April 2022
Den DP-Deputéierten Max Hahn a Gusty Graas ass zu Ouere komm, datt d’Spidol um Kierchbierg, wärend der „klenger Garde“, deelweis Patiente refuséiert, déi mat der Ambulanz an d’Urgence bruecht goufen. An enger parlamentarescher Fro wollte si dowéinst vun den zoustännege Ministere wëssen, ob dat stëmmt a wa jo, wat ënnerholl gëtt fir esou Fäll ze verhënneren.
01 April 2022
Den DP-Deputéierten André Bauler a Gilles Baum ass zu Ouere komm, datt um Ettelbrécker Site vum Centre hospitalier du Nord an den nächsten Deeg kee Pediater méi zur Verfügung steet an d’Maternité dowéinst riskéiert missen zouzemaachen. Aus dësem Grond hu si bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob dat stëmmt a wat an deem Fall d’Ursaache fir dësen Ëmstand sinn.
30 March 2022
Schonn haut schaffen net méi genuch Pediateren hei am Land. Zesumme mam Wuesstem vun eiser Bevëlkerung, wäerten sech och d’Waardezäiten nach weider verlängeren. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wéi vill Pediateren aktuell zu Lëtzebuerg schaffen, wéi vill Lëtzebuerger Pediatrie studéieren a wéi vill Pediateren bis 2025 gebraucht wäerte ginn.
28 March 2022
Bis haut gëtt et fir d‘Radiologie am Extrahospitalier keng Tariffer an der Nomenclature. Dat bedeit, datt z.B. een IRM just komplett vun der Krankekeess iwwerholl gëtt, wann en am Spidol gemaach gëtt. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gilles Baum hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wéini de Sujet an der Nomenclatureskommissioun nees thematiséiert gëtt an ob si net der Meenung sinn, datt eng...
16 March 2022
A Frankräich gouf dëse Mount eng national Strategie fir d’Bekämpfung vun der Endometriose annoncéiert. Eng Krankheet, déi weltwäit 180 Millioune Frae betrëfft. D’DP-Deputéiert Gusty Graas a Carole Hartmann wollte vun den zoustännege Ministere wëssen, wéi vill Fraen hei am Land un dëser Krankheet leiden a wat géint d’Endometriose ënnerholl gëtt.
10 March 2022
Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, datt d’Klinick zu Wolz an eng Dagesklinick ëmgewandelt soll ginn. An enger parlamentarescher Fro, wollt den Norddeputéierten dowéinst vun der Gesondheetsministesch wëssen, wéi d’Konzept vun dëser Dagesklinick soll ausgesinn, wat dat fir den Urgencendéngscht vun der Weelzer Klinick bedeit an ob dat een Impakt op den Ettelbrécker Site vum Centre Hospitalier...
09 March 2022
Virun e puer Jore gouf de Service "En oppent Ouer fir de Bauer, Wënzer a Gärtner" an d'Liewe geruff. D'Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu beim Landwirtschaftsminister nogefrot, wéi et em dëse Service steet an ob e pandemiebedéngt deslescht méi an Usproch geholl gëtt?
21 February 2022
Nuets a weekends musse Leit am héije Norden vum Land sech fir bei den nächsten Dokter oft wäit deplacéieren, wa si krank sinn. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum wollten dowéinst vun der Gesondheetsministesch wëssen, ob et net opportun wier eng wieder Maison médicale an der Nordspëtzt vum Land z’installéieren, a wat ënnerholl ka ginn fir d’Situatioun kuerzfristeg ze verbesseren?
03 February 2022
Lokal oder systemesch – d’Sklerodermie ass eng relativ onbekannten Autoimmunkrankheet mat verschiddene Pathologien. Eenzel Variante vun dëser Krankheet hu vu ‚liicht‘ bis déidlech Symptomer. Wien ass zu Lëtzebuerg betraff, wien sinn d’Spezialisten a wou kritt ee gehollef? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet sech renseignéiert.
03 February 2022
E Schütteltrauma ka bei Bëbeeën Bluddungen am Kapp provozéieren, am schlëmmste Fall zum Doud féieren. Wéi gi nei Elteren zu Lëtzebuerg informéiert, a wat gëtt gemaach fir d’Bëbeeën ze schützen. Eis Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu beim zoustännege Ministère nogefrot.
03 February 2022
Um Site vun der Patiente Vertriedung asbl ass, säit dem 26. Januar 2022, e Formulaire ze fannen, deen et de Leit erlaabt Impf-Niewewierkungen ze deklaréieren. D'Deputéiert Gusty Graas a Carole Hartmann froe sech, firwat et dee Formulaire gëtt, an ob dee konform zur Legislatioun ass.
31 January 2022
Am Koalitiounsaccord gouf festgehalen, datt een Entschiedegungsfong fir „aléa thérapeutique“ agefouert soll ginn. Wann Accidenter bei Behandlungen geschéien, mee kee Feeler beim Gesondheetsdéngschtleeschter virläit, soll dëse Fong d’Patienten entschiedegen. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gusty Graas hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wou d’Aarbechten dru sinn an ob dëse Fong nach an dëser...
31 January 2022
De Service audiophonologique offréiert eng Fréierkennung vu Sproochendefiziter bei Kanner am Alter vun 30 Méint. D’DP-Deputéiert Max Hahn, Claude Lamberty a Carole Hartmann hunn der Gesondheetsministesch Froen zu der Bedeelegung gestallt, wéi och zu den aktuelle Problemer ee Rendez-vous ze kréien.
31 January 2022
An der Tribune Libre um Radio huet eise Fraktiounschef Gilles Baum d’Argumenter zu der geplangtener Impfflicht géint de Corona-Virus duergeluecht.
25 January 2022
D’Patiente Vertriedung asbl. (PV) gëtt vum Staat subventionéiert an ass an diversen nationalen Organismen vertrueden. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, opgrond vu wéi enge Krittären d’Representativitéit vun der PV unerkannt gëtt a wéi héich hir Subventiounen an de leschte Jore waren.
25 January 2022
Zanter der Pandemie schéngen an Däitschland d’Fäll vun Diabetes Typ 2 bei Kanner a Jugendlechen an d’Luucht ze goen. D’DP-Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob och zu Lëtzebuerg eng Hausse ze verzeechnen ass a wéi oft eng Behandlung bei enger Dieteticienne rembourséiert gouf.
24 January 2022
Wann d’Kand krank, mee de Kannerdokter grad net disponibel ass, da kënnen d’Elteren mat hirem Kand an d’Kannerklinik, an d’Clinique Bohler oder an d’ambulant Pediatrie vum Nordspidol fueren. Nieft laange Waardezäiten, musse virun allem Elteren aus dem Norden an Oste vum Land dofir oft laang Trajeten op sech huelen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann wollten dowéinst vun der Gesondheetsministesch...
21 January 2022
Als Deel vum CGDIS kënnt de Groupe de Support Psychologique bei Accidenter, Katastrophen oder aneren Tëschefäll an den Asaz. Wou sinn déi fräiwëlleg Ekippe rezent agesat ginn, wéi steet et em hiren Effectif an huet d’Corona Kris d’Situatioun am Land och fir si verschäerft. Eis Deputéiert Claude Lamberty a Max Hahn hu beim zoustännege Ministère nogefrot.
18 January 2022
Well et aktuell zu gréissere Retarde beim Auststelle vun den Ordonnancë fir den Isolement, fir d’Quarantainen a fir PCR-Tester kënnt, hunn d'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gusty Graas nogefrot, wat d'Grënn dofir sinn a wéi d'Situatioun verbessert soll ginn.
12 January 2022
Mam Gesetz vum 31. Juli 2020 goufen d’Indemnitéiten fir Dokteren ugepasst, déi amgaang sinn hir Spezialisatioun ze maachen. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann an André Bauler wollte vun der Gesondheetsministesch ënnert Anerem wëssen, ob Dokteren, déi sech an der Spezialisatioun befannen schon dës adaptéiert Indemnitéit kréien, a wann net, ob ee retroaktiven Remboursement vun der Differenz virgesinn ass.
05 January 2022
Trotz Invitatioun fir d'Boosterimpfung, krute verschidde schwanger Fraen am Impfzentrum d'Impfung refuséiert. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Claude Lamberty hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, firwat dat esou ass a wat ënnerholl gëtt fir dëse Fraen den Zougang zu hirer Boosterimpfung z'erméiglechen.
14 December 2021
Den 11 Dezember huet déi interparlamentaresch Benelux Assemblée eng Recommandatioun am Bezuch op déi illegal Drogenindustrie an d’organiséiert Verbriechen eestëmmeg ugeholl. Wéi soll dës Kooperatioun funktionéieren a wéi gesäit d’Regierung déi zukünfteg Zesummenaarbecht op dësem Sujet. Eisen Deputéierte Gusty Graas huet nogefrot.
08 December 2021
Duerch d’Pandemie riskéiere mir Gesondheetspersonal ze verléieren, well si de Beruff opginn oder d’Fréipensioun froen. D’DP-Deputéiert Gusty Graas a Gilles Baum wollte vun den zoustännege Ministere wëssen, ob et Zuele fir Lëtzebuerg ginn a wat ënnerholl ka ginn fir ee Verloscht vu Gesondheetspersonal z’evitéieren.
02 December 2021
Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet sech bei der Gesondheetsministesch ë. A. renseignéiert, firwat een bei der Helpline net iwwert seng Positioun an der Waardeschläif informéiert gëtt.
08 November 2021
D'Infektiounszuele klamme nees an et ginn och nees méi Leit mat Covid-19 hospitaliséiert. D'DP-Deputéiert Gilles Baum an André Bauler wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, ob scho medezinesch Behandlungen hu missen verréckelt oder ofgesot ginn a wéi eng Spideeler am meeschte betraff sinn.
03 November 2021
Fir Entloossunge wärend dem duerch d’Covid-19 Pandemie verursaachten ekonomeschen Abroch ze verhënneren huet d’lëtzebuergesch Regierung de Chômage partiel agefouert. Des weideren huet de Ministère fir Aarbecht a Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft Bonge fir Formatiounen ugebueden. D’Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann froen den Aarbechtsminister no sengem Bilan iwwert des Formatiounsoffer.
02 November 2021
Eng neurologesch Reha ass immens wichteg wann ee Laangzäitschied no engem Hiereschlag wëll limitéieren. An engem Artikel aus dem Lëtzebuerger Wort vum 29. Oktober 2021 ass allerdéngs riets vu méiglech Inkoherenzen tëscht de Rehabilitatiounsbehandlungen zu Lëtzebuerg. An deem Kader huet Eisen Deputéierte Gusty Graas e puer Froen un déi zoustänneg Ministere gestallt.
30 September 2021
Verschidde Länner limitéieren d'Gültegkeet vun der Covid-19-Impfung fir d'Arees. Fir Persounen, déi Ufank des Joers geimpft goufen, leeft d'Gültegkeet vun der Impfung deemno geschwënn aus. D'DP-Deputéiert Claude Lamberty a Carole Hartmann hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob och Lëtzebuerg esou eng Limitt virgesäit a wat op EU-Niveau kann ënnerholl ginn.
24 September 2021
Et geet de Bewunner gréisstendeels gutt. Allerdéngs kréien ech all Dag vun eelere Mënsche gesot, se wéilten ni méi agespaart sinn. Ech kann dat ganz gutt verstoen. Mir wäerten dofir alles maachen, fir dass jidderee säi Liewe selbstbestëmmt liewe kann, och an den Alters- a Fleegeheemer.
24 September 2021
D’Iwwerschwemmungen dëse Summer hunn eist Land onerwaart schro getraff. Am Verglach mat den Nopeschlänner, hat Lëtzebuerg Chance, dass kee Mënsch blesséiert ginn ass. Ma och bei eis hu sech dramatesch Zeenen ofgespillt an d’Waasser huet en enorme Schued gemaach. Dat zousätzlech zu enger Corona-Kris, déi scho fir sech eleng vill Leit a Betriber belaascht.
24 September 2021
Vaccine sinn déi beschte Waff géint de Covid-Virus. Si sinn déi effikasste Léisung, fir en haarden Hierscht a Wanter ze vermeiden.
06 September 2021
Den Dengue Féiwer verbreet sech ëmmer méi an eise sougenannten temperéierten Regiounen. Dozou hunn d'Deputéiert vun der Demokratescher Partei, André Bauler a Gilles Baum, der Gesondheetsministesch e puer Froen gestallt, ënnert Anerem iwwer d'Virbereedung vun eise Spideeler, d'Iwwerwaachung vun der Verbreedung vum Virus an eisem Land an d'Perspektiven, déi d'WHO gesat huet.
02 September 2021
De Wuesstum vun der Bevëlkerung féiert zu enger klammender Nofro a ville Beräicher. D’Nofro vu Medikamenter an assimiléierte Produiten ass ee vun deene Beräicher. An deem Kader hunn eis Deputéiert Gilles Baum an André Bauler bei der Gesondheetsministesch, ënnert anerem nogefrot ob an dësem Joerzéngt virgesi wier de Contingent vun den Apdikten eropzesetzen.
27 August 2021
Studenten, déi nach bei hiren Eltere wunnen, mussen sech no engem Vakanzenjob nees iwwer een Elterendeel bei der CNS affiliéieren. Dem Deputéierte Gilles Baum ass zu Ouere komm, datt dat ville Betraffenen allerdéngs net bewosst ass. Fir am Krankheetsfall béis Iwwerraschungen z'evitéieren, freet den DP-Fraktiounschef, ob een am Kader vun der Coassurance net kéint een Automatismus aféiere fir d'Kanner...
22 July 2021
Vill Geschäfter, Hoteller, Restauranten, Caféen a Campingen, déi scho staark ënnert dem Confinement gelidden hunn, hunn elo enorme Schued duerch d’Iwwerschwemmungen erlidden. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet beim Mëttelstandsminister Lex Delles nogefrot, ob dës Entreprisen Avance kéinten ausbezuelt kréien a wéi séier si mat enger Hëllef kënne rechnen.
22 July 2021
Laut enger Etüd vun der franséischer Santé Publique wier bei Kanner, déi vill Biogeméis iessen, eng méi héich Kofferbelaaschtung festzestellen. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet nogefrot, wéi d'Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit.
12 July 2021
De „Lëtzebuerger Wee“ – also e Mix vun Impfung a sanitäre Reegelen – ass déi richteg Manéier am Kampf géint d’Pandemie. Dat sot eise Fraktiounschef Gilles Baum op der Bilans-Pressekonferenz vum Chambergrupp vun der DP.
12 July 2021
A senger Tribune Libre um Radio schwätzt eise Fraktiounschef Gilles Baum dës Woch iwwert déi politesch Prioritéite vum Land, och nieft deene vun der Lutte géint de Covid.
01 July 2021
D'Delta-Variant vu Covid-19 verbreet sech ëmmer méi an Europa. Domadder kënnt d'Suerg op, datt am Hierscht eng 4. Infektiounswell op eis duerkomme kéint. D'DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi si de Risiko vun enger 4. Well hei am Land aschätzt an ob scho Preparatioune lafen fir sech op dëse Fall virzebereeden.
29 June 2021
Defibrillatoren an éischt Hëllef Geste kënne Liewe retten, dat huet de rezente Fall vum dänesche Fussballspiller Christian Eriksen op en Neits gewisen. Well et a sou Situatiounen drop ukënnt, dass net nëmmen de Public genuch sensibiliséiert ass an déi richteg Geste kennt, mee et och genuch Defibrillatoren am ëffentleche Raum gëtt, hunn d'DP-Deputéiert Carole Hartmann, Claude Lamberty a Max Hahn bei...
17 June 2021
Serologesch Tester erlaben et engem erauszefannen, ob een an der Vergaangenheet mam Sars-CoV-2 infizéiert war an Antikierper géint d'Infektioun gebilt huet. Ma ee negativen serologeschen Test, e puer Méint no engem positiven PCR-Test, léisst d'Fro opkommen, ob de PCR-Test falsch-positiv war. Zu dësem Sujet, wollt den DP-Deputéierten Gusty Graas vun der Gesondheetsministesch ënnert Anerem wëssen, wéi...
14 June 2021
Aktuell dierfen homosexuell Männer 12 Méint kee Geschlechtsverkéier, wann si zu Lëtzebuerg Blutt spende wëllen. An anere Länner, wéi z.B. Groussbritannien, gëtt de Prinzip vum individuelle Risiko beim Sexualverhalen ugewannt, woumat et net zu enger Diskriminatioun vun Homosexuelle kënnt. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gilles Baum wollte vun der zoustänneger Ministesch wëssen, ob d'Diskriminatioun...
08 June 2021
Eng rezent Etüd vun der Universitéit vum Saarland deit dorobber hin, datt eng Kombinatioun vum AstraZeneca a vum Biontech/Pfizer Impfstoff zu enger héijer Immuniséierung féiert. D'DP-Deputéiert Claude Lamberty a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch ënnert Anerem nogefrot, ob esou eng Kombinatioun, no Bestätegung vun der Resultater, och ze Lëtzebuerg consideréiert géif ginn?
07 June 2021
Opgrond vum Klimawandel wäerten Hëtztwellen ëmmer méi heefeg ginn. Domadder klëmmt och de Risiko vun Dehydratiounen an Hëtztdoudegen, virun allem bei eeleren a kranke Leit. D'DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hunn der Gesondheetsministesch zu dësem Sujet e puer Froe gestallt, ënnert Anerem zu wéi villen Hëtztdoudeger an Dehydratiounen et hei am Land an de leschte Joren komm ass.
02 June 2021
Eis Ëmwelt huet en direkten Afloss op eis Gesondheet – an dat a villerlee Hisiicht. Dat huet d’Covid-Pandemie däitlech gewisen. D’DP wëll dofir de Stellewäert vun der Ëmweltmedezin a vun der Gesondheetspolitik stäerken.
02 June 2021
E qualitativ héichwäertege Gesondheetssecteur zeechent sech virun allem duerch genuch kompetent Personal aus – dem Grondstee vun all Gesondheetssecteur. Ouni Dokteren, Infirmieren, Aides-soignanten, Hiewanen an all déi aner wichteg Gesondheetsberuffer geet et net.
25 May 2021
D'Recht op Vergiessen am Kader vun der Reschtschold-Versécherung ass zanter Januar 2020 a Kraaft. Et gouf e Comité fir de Suivi an d'Reevaluatioun an d'Liewe geruff, fir sécherzestellen dass d'Bestëmmungen aus der Konventioun richteg ugewannt ginn an déi eenzel Parteien hir Verflichtungen anhalen. An deem Kader huet eisen Deputéierte Gusty Graas der Madamm Gesondheetsministesch eng Rei Froe gestalt.
20 May 2021
De Personalmangel an de Spideeler war an de leschte Méint ëmmer nees ee wichtege Sujet an der Gesondheetspolitik. Et schéngt awer esou ze sinn, datt ëmmer nees jonk Infirmièren an Infirmieren keng Plaz an engem lëtzebuergesche Spidol fannen. D'DP-Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas wollte vun der Gesondheetsministesch ënnert Anerem wëssen, wéi vill Infirmièren an Infirmieren, an de Spideeler hei am...
19 May 2021
A Russland gouf e Vaccin entwéckelt fir och d’Déiere géint de Coronavirus ze impfen. Den DP-Deputéierte Gusty Graas freet de Landwirtschaftsminister wat hie vun der Impfung vun Déieren hält an ob hien dat och zu Lëtzebuerg géif recommandéieren.
28 April 2021
Wéinst der Covidkris hu vill aner medezinesch Agrëff an Traitementer missen ofgesot oder verréckelt ginn. Dat trëfft och op Organtransplantatiounen zou, am besonneschen d'Transplantatioun vun Nieren. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann huet bei der Gesondheetsministesch ënnert Anerem nogefrot, wéi vill Nierentransplantatiounen hei am Land wärend der Pandemie hu missen deprogramméiert ginn, wéi vill Patienten...
26 April 2021
An der Tribune Libre um Radio huet eise Generalsekretär Claude Lamberty dës Woch iwwert d’Luucht um Enn vum Corona-Tunnel an iwwert déi politesch Zukunft vum Land no der Kris geschwat.
22 April 2021
D'Schwäiz huet eng Upassung vun de Quarantänregelen ugekënnegt. Am Fall vum Kontakt mat engem bestätegte Fall vu Covid-19, musse komplett geimpft Persoune wärend enger Period vu sechs Méint net a Quarantän goen, ugefaange 14 Deeg no der Administratioun vun der zweeter Impfdosis.
19 April 2021
D’Gebuert vun engem Kand ass ee vun deenen schéinste Momenter fir all Elteren. A vereenzelte Fäll kënnt et allerdéngs fir, dass d’Mamm oder de Papp eng „post-natal Depressioun“ entwéckelt an alles anescht ewéi Gléck a Freed verspiert. An deem Kader wollt d’DP-Deputéiert Carole Hartmann vun der Gesondheetsministesch wëssen, wéi déi betraffe Persounen zu Lëtzebuerg kënnen gehollef kréien.
16 April 2021
Geschlechtskrankheeten sinn nach ëmmer eng reell Gefor fir eis Gesondheet. Antibiotikaresistenzen droen zousätzlech dozou bäi, datt verschidde Krankheeten nees méi geféierlech ginn. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Claude Lamberty hunn dowéinst bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wéivill Fäll vu Geschlechtskrankheeten zu Lëtzebuerg optrieden a wéi eng Mesuren ergraff ginn fir hir Verbreedung...
02 April 2021
Operatiounen u Kanner déi ‚intersex‘ sinn, si keng Seelenheet. Oft gëtt Intersexualitéit als e medezinesche Problem ugesinn, den et ze behiewe gëllt. Onofhängeg dovun, dass dës Kanner gesond sinn, gëtt hinnen heimat e Choix geholl den si zu engem spéideren Zäitpunkt hätte missen dierfe selwer treffen. An Däitschland soll lo e Gesetz des Praxis verbidden an intersex Kanner an hirer Autodetermination...
02 April 2021
Eng Feelgebuert ass fir all Elteren e schreckleche Moment. En Enn vun engem neie Liewen, nach éier et ugefaangen huet. A Neiséiland gouf e Gesetz gestëmmt dat den Elteren an dëse Fall soll extra Congésdeeg accordéieren. Si sollen an dëser Situatioun Zäit kréien hire Verloscht ze betraueren. D’Deputéiert Carole Hartmann a Max Hahn hu nogefrot, ob och bei eis esou speziell Congésdeeg wäerten agefouert...
24 March 2021
Obwuel Spideeler streng Hygiènesmesuren anhalen, kann et virkommen, datt sech Patienten am Spidol mat Covid-19 ustiechen. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann an André Bauler hunn d'Gesondheetsministesch no Statistiken gefrot a wéi oft Schnelltester am Spidol an den Asaz kommen fir d'Patienten ze schützen.
18 March 2021
Et ass eis zu Ouere komm, datt verschidde liberal Hiewanen nach keng Invitatioun krute fir sech géint de Covid-19 impfen ze loossen. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob dëse Problem bekannt ass, an ob och aner Gesondheetsberuffer betraff sinn.
16 March 2021
Grad elo an der Pandemie brauchen déi Jonk Perspektive fir mat der psychologescher Belaaschtung kënnen ëm ze goen. An enger erweiderter Fro wollt den DP-Deputéierte Claude Lamberty dowéinst vum Bildungsminister wëssen, wat d'Auswierkunge vun der Kris op déi mental Gesondheet vun deene Jonke sinn, a wat a Saache Preventioun vu Jugendgewalt gemaach gëtt.
11 March 2021
D'Pandemie belaascht vill Leit psychesch. Héich Zäit, méi iwwer déi mental Gesondheet ze schwätzen.
11 March 2021
Eis Gesondheet an eise Gesondheetssystem sinn zënter dem Ufank vun der Pandemie nees an de Virdergrond vum Interessi geréckelt: zemol d’Gesondheetsberuffer. Aus deem Grond gouf an der Chamber an enger Interpellatioun iwwer dee Sujet diskutéiert.
11 March 2021
D’Corona-Kris huet gewisen ewéi wichteg e performant Gesondheetswiesen – a besonnesch och Spideeler – sinn.
09 March 2021
Den DP-Deputéierten André Bauler a Carole Hartmann ass zougedroe ginn, datt fir eeler Leit aus der Nordspëtzt, mat enger Invitatioun fir d'Covid-19-Impfung, am Impfzentrum zu Ettelbréck deelweis keng Zäitplagë méi fräi waren. Si kruten um Telefon gesot si missten ee Rendez-vous zu Munneref huelen. D'Deputéiert hu sech bei der Gesondheetsministesch renseignéiert, ob et sech dobäi ëm Eenzelfäll handelt...
04 March 2021
Am Aktiounsplang géint de Kaméidi bei grousse Verkéiersachsen ass a priori näischt virgesi fir de Lärmschutz laanscht d'A1 ze verstäerken. Der DP-Deputéiert Carole Hartmann ass awer zu Ouere komm, dass awer vill Leit, déi an der Géigend wunnen, sech weider Mesure géife wënschen. Dowéinst huet d'Carole Hartmann bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, ob net awer weider Mesure méiglech wieren.
02 March 2021
Nieft den Impfzenteren soll an Zukunft och an de Praxissen vun Hausdokteren géint de Covid-19 geimpft kënne ginn. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann an André Bauler hu bei der Gesondheetsministesch ënnert Anerem nogefrot, ab wéini dëst méiglech wäert sinn an ob jiddereen sech vu sengem Hausdokter wäert kënnen impfe loossen.
01 March 2021
Gesondheet: e séieren Accès zu enger qualitativ héichwäerteger Medezin An der Gesondheetspolitik leet d’DP de Fokus op e séieren Accès vun de Patienten zu enger qualitativ héichwäerteger Medezin. Gläichzäiteg huet fir d’DP déi laangfristeg Ofsécherung vum Gesondheets- a Rentesystem déi héchste Prioritéit. An der aktueller Legislatur huet d’DP sech fir däitlech Verbesserungen am Gesondheetssystem...
28 February 2021
Theorien zu der Covid-19-Impfung, d’Zouloossungsprozedur vun der EU, d’Impfstrategie zu Lëtzebuerg.
25 February 2021
Fir Professioneller aus dem Gesondheetsberäich, déi am Norde wunnen, ass et mat engem groussen Zäitopwand verbonnen fir hir 2. Impfung géint de Covid-19 bis op de Lampertsbierg ze fueren. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dowéinst bei der Gesondheetsministesch ënnert Anerem nogefrot, ob dës Leit hir 2. Impfung net och am neien Impfzentrum zu Ettelbréck kréie kéinten?
19 February 2021
Och an de Spideeler kann et virkommen, datt Patiente sech eng Infektioun zouzéien. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch ënnert Anerem no aktuellen Zuele gefrot a wéivill spezialiséiert Personal an dësem Beräich zu Lëtzebuerg schafft.
17 February 2021
An der Phase 1 vun der Impfstrategie gouf d'Personal aus dem Gesondheetssecteur oder déi, déi a Spideeler oder Altersheemer schaffen, prioritär geimpft. An der 2. Phas vun der Impfcampagne gi Persounen ab 75 Joer, souwuel gesond wéi och vulnerabel Persounen, ofsteigend nom Alter geimpft. D'DP Deputéiert Carole Hartmann a Claude Lamberty froen bei den zoustännege Ministere no, ob och aner Beruffsgruppen,...
16 February 2021
An enger Publikatioun vun enger globaler Liwwerfirma ass dorop higewise ginn, dass et fir Länner déi um technesche Niveau manner developpéiert sinn kéint dozou kommen, dass dat entspriechend medezinescht Material an Impfungen des Regiounen an der Pandemie nëmme schwiereg kënnen erreechen. Den Deputéierten Gusty Graas huet beim Ministère fir Kooperatioun nogefrot ob esou Problemer an dëse Länner effektiv...
15 February 2021
De First Responder spillt eng primordial Roll, fir Leit a liewesgeféierlechen Noutfäll ze versuergen a fir wichteg Informatiounen un d'Zentral weiderzegi bis de Rettungsdéngscht op der Plaz ass. An deem Sënn, huet den DP-Deputéierte Max Hahn beim zoustännege Minister nogefrot wéi sech de First Responder an de lëschten zwee Joer am CGDIS bewäert huet.
11 February 2021
Zu Lëtzebuerg gi chirurgesch Agrëff bei engem Lipödem ab dem 3. Stadium vun der Krankekeess rembourséiert. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann huet beim zoustännege Minister nogefrot, firwat net schonn ab dem 1. Stadium esou Agrëff rembourséiert ginn.
03 February 2021
D'Regierung huet rezent matgedeelt, datt eng drëtt Phase vum Large-Scale-Testing Mëtt Mäerz ulafe wäert. D'DP Deputéiert Carole Hartmann wollt an deem Kontext ë.a wëssen, wéi vill Prozent vun de Residente reegelméisseg um "Large schale Testing" deelhuelen.
29 January 2021
An den USA huet d'Administratioun fir Liewensmëttelsécherheet (FDA) kierzlech gentechnesch verännert Schwäi fir déi mënschlech Consommatioun zougelooss. D'DP-Deputéiert Gusty Graas an André Bauler froen d'Gesondheetsministesch an de Landwirtschaftsminister wat si dovunner halen an ob dës Schwäin och an Europa fir d'Medikamentenhirstellung oder an der Liewensmëttelhierstellung dierfe benotzt ginn.
28 January 2021
An enger Konventioun tëschent dem Staat an der Krankekeess (CNS) vun 2018 ass festgeluecht, datt Persounen iwwer 85 Joer de Vaccin géint d'Pneumocoquen net integral rembourséiert kréien. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann huet beim zoustännege Minister nogefrot, firwat dës Alterslimitt festgeluecht gouf.
25 January 2021
De Gesondheetsministère verschéckt Invitatiounen fir sech géint de Covid-19 impfen ze loossen. Mee muss ee sech ofmellen, wann een d'Impfung refuséiert? D'Deputéiert vun der Demokratescher Partei Gilles Baum an André Bauler hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot.
22 January 2021
De Süden an den Zentrum vum Land kréien 2 nei Maisons médicales. De Gesondheetsministère léisst awer och ënnersichen, wou nei Maisons médicales am Norden an am Oste vum Land opgebaut kéinte ginn. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann an André Bauler hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéieng Kantoner als Standuert consideréiert ginn.
21 January 2021
Wéi steet et ëm déi mental Gesondheet vun de Leit zu Lëtzebuerg, virun allem am Kontext vun der aktueller Pandemie?
24 November 2020
D'Europäesch Kommissioun huet dëse November annoncéiert, datt de Cannabidiol (CBD) als Betäubungsmëttel agestuft kéint ginn. Als Konsequenz wiere Produiten mat natierlechem CBD an der EU domadder verbueden. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gusty Graas hunn der Gesondheetsministesch dozou e puer Froe gestallt.
19 November 2020
Ee Start-up aus dem Beräich vun der medezinescher Technologie huet ee neie séieren PCR-Test entwéckelt. Dësen Test kann a Klinicken an a Praxissen agesat ginn. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob dësen Test och zu Lëtzebuerg disponibel wäert sinn.
13 November 2020
D'Méiglechkeet vun engem wierksame Vaccin géint de Covid-19 gëtt ëmmer méi grouss. Ma et stelle sech nach Froen, ënnert Anerem zu der Lagerung an dem Transport vum Impfstoff. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot.