Firwat gëtt um Haaptsite vun der Schierener Réimervilla net weider gegruewen?

Zanter ronn engem Joer ass zu Schieren um Haaptsite vun der Réimervilla net méi weider gegruewe ginn. Ob et dofir e bestëmmte Grond gëtt a wéi et mat weidere Projeten an Analysen ausgesäit, huet den Deputéierten André Bauler bei der Kulturministesch nogefrot.

Dat ganzt Joer 2021 ass um Haaptsite vun der Schierener Villa „op der Wieschen“ guer keng Aktivitéit gewiescht. Op fënnef anere Plazen zu Schieren ass wärend dësem Joer awer normal weider gegruewe ginn.

Effektiv, läit de Site ënnert dem Zelt um Haaptsite vun der Réimervilla nach genee d’selwecht do, wéi bei der leschter Ministeschvisitt.

Bei der Visitt vun de Ministesche fir Kultur an Ëmwelt haten déi zwou Dammen den Optrag ginn, e Konzept fir um Site vun der Wieschen eng nohalteg Valorisatioun no de Richtlinne vu Kultur an Ëmwelt auszeschaffen. Dëst fir éischtens de Musée ze entlaaschten, well do net méi vill Plaz ass, an zweetens fir och dem Norden, a speziell enger zukünfteger Nordstad, eng kulturell Attraktioun ze verschafen.

An deem Kader wollt ech der Madamm Kulturministesch folgend Froe stellen:

  1. Gëtt et e bestëmmte Grond firwat ausgerechent op där archeologesch wäertvollster Plaz wärend engem ganze Joer näischt geschitt ass ?
  2. Ass vum CNRA e konkrete Projet proposéiert oder virgeluecht gi fir eng nohalteg Valorisatioun no de Richtlinne vu Kultur an Ëmwelt auszeschaffen ?
  3. Wat ass de Status vun der zweeter Sendung vu Stécker vun der Wandmolerei, déi op Soissons geschéckt gi war.
  4. Gëtt et schonn éischt Konklusiounen zu der Analys vun den Iwwerreschter vu Fresken, déi 2017 op Soissons transferéiert gi waren?

Äntwert

De Site vun der Réimervilla zu Schieren ass, wéi den honorabelen Deputéierte richteg undeit, eng vun den archeologesch wäertvollste Plazen am Land, déi onbedéngt wärend den Ausgruewunge fachgerecht an intensiv betreit soll ginn. No personelle Wiessel am INRA (fréier CNRA), huet de Chantier am Haaptgebai eng Zäit gerout, déi aner eenzel Gruewungen an der pars rustica, op private Grondstécker, sinn awer weidergelaf an ofgeschloss ginn.

Et läit den Ament nach kee konkrete Projet um Dësch fir eng nohalteg Valorisatioun vum Site.

De Centre d‘Étude des Peintures Murales Romaines zu Soissons huet e Rapport technique an dräi Bänn virgeluecht, deen esouwuel déi éischt wéi och déi zweet Sendung Wandmolereie betrëfft. Doraus geet erfir, dass d’Dekoratioun vun de Säitewänn konnt rekonstituéiert ginn, souwéi déi véier Lunetten an den architektoneschen Opbau vum Kräizverwëllef vum Raum 10.

Dës weidere si Resultater vun der chemescher Zesummesetzung an dem Opbau vun der Speis vun de Wandmolereie vum Raum 10 virgeluecht ginn. D’Analyse vun de benotzte Faarfpigmenter erlabe Réckschlëss iwwert d’Handelsbezéiungen vun deemols.

Donieft si natierlech Berichter iwwert d’Restauratiounsaarbechten entstanen, déi wichteg si fir och an Zukunft ze wëssen, wéi ee mat deene restauréierte Fresken ëmgoe kann a muss.

Aktuell si mir an der Phase 2 vun der Stabiliséierung vun de Wandmolereien aus dem Raum 10 vu Schieren.

Mëttlerweil sinn och Wandmolereifragmenter aus dem Raum 25 an dem Raum 17 op Soissons gaange fir zesummegesat ze ginn. Am Verglach mat de Wandmolereifragmenter déi bis elo aus de Reim 25 an 17 gebuerge goufen, schéngt de Raum 10 deen ze sinn, dee verhältnisméisseg am prächtegsten ausgemoolt war.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéini gi Gesondheetsbilanë beim Hausdokter agefouert ?

De Koalitiounsaccord vun der Regierung gesäit d’Aféierung vu reegelméissege Gesondheetsbilanen ab 30 Joer vir. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot wéi wäit d’Ëmsetzung vun dëser Initiative ass, ob spezifesch Formatioune fir d’Dokteren en place gesat wäerte ginn, an ob an deem Kader den DSP genotzt wäert ginn.

weiderliesen...

MILA Nofolleger

An der Sëtzung vun der Schoulkommissioun vum 17. Juni 2025 gouf ugekënnegt, datt d’Alphabetiséierungsprogramm MILA ausgeet an duerch e neie Schoulprogramm ersat gëtt. Nëmmen nach ronn 20 % vun de Kanner schaffen domat, an ëmmer méi Enseignanten setzen op aner Léiermëttel. Eis Deputéiert Gilles Baum a Barbara Agostino froen de Bildungsminister no den Haaptneierungen am neie Programm, senger Aféierung an de geplangte Formatiounscoursen fir d’Enseignanten.

weiderliesen...

D’Kooperatioun tëscht dem LNS an de private Laboratoiren an d’Automatisatioun am LNS

D’Analyse vu Biopsien spillt eng entscheedend Roll beim Erkennen vu schwéiere Krankheeten wéi dem Kriibs. Trotz Verbesserunge bleiwen d’Waardezäiten am LNS héich, besonnesch an der Onkologie, Gynäkologie an Dermatologie – eng psychologesch Belaaschtung fir Patienten. Eid Deputéiert Mandy Minella an Dr. Gérard Schockmel froen d’Gesondheetsministesch, wéi eng Schrëtt fir méi Automatisatioun, Digitaliséierung a méiglech Zesummenaarbechte mat privaten Laboratoiren virgesi sinn.

weiderliesen...

Administrativ Belaaschtung am Grondschoulunterrecht

Trotz der Vereinfachung vun der administrativer Aarbescht an de Grondschoulen duerch de Bildungsministère, gëtt vu Gewerkschafte betount, datt d’Bürokratie fir d’Enseignanten éischter zougeholl hätt. Wéi gesäit d’Realitéit aus, a wéi kann d’kënschtlech Intelligenz hei eng Roll spillen? Eng parlamentaresch Fro vun eisen Deputéierten Gilles Baum a Barbara Agostino sicht no Äntwerten.

weiderliesen...