Fleeschkonsum zu Lëtzebuerg

Wärend de Joreskonsum vu Fleesch am Joer 2023 an Däitschland ëm 430 Gramm erof gaangen ass, huet ee beim Gefligel eng Hausse festgestallt. D’DP Deputéiert André Bauler a Luc Emering hunn d’Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau gefrot ob et änlech Statistike gi fir Lëtzebuerg, wei et mat der Fleeschproduktioun zu Lëtzebuerg ausgesäit, vu wou a wéi vill Fleesch mir importéieren a wéi sech d’Fleeschersatzprodukter entwéckelt hunn.

Fro

„An Däitschland huet d’”Bundesinformationszentrum Landwirtschaft” kierzlech matgedeelt, datt den duerchschnëttleche Joreskonsum vu Fleesch am Joer 2023 ëm 430 Gramm op 51,6 Kilogramm gefall ass. De gréisste Réckgang hätt et beim Rand- a Kalleffleesch ginn (-5%). Beim Gefligel huet den Informatiounszenter dogéint eng Hausse festgestallt (vun 12,2 op 13,1 Kilogramm).

An deem Zesummenhank wollte mir der Madamm Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau follgend Froe stellen:

1. Gëtt et an deem Kontext vergläichbar Statistike fir Lëtzebuerg?

2. Wéi huet sech d’Fleeschproduktioun hei am Land an de leschten 10 Joer entwéckelt? Wéi vill Fleesch, dat heiheem produzéiert gëtt, gëtt an d’Ausland exportéiert?

3. Aus wat fir engen EU-Länner an Iwwerséilänner importéiere mer Fleesch? Wat stellen dës Importer am gesamte Fleeschkonsum hei zu Lëtzebuerg duer?

4. Wéi hu sech d’Fleeschersatzprodukter am Verglach zum klassesche Fleeschkonsum entwéckelt?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Administrativ Belaaschtung am Grondschoulunterrecht

Trotz der Vereinfachung vun der administrativer Aarbescht an de Grondschoulen duerch de Bildungsministère, gëtt vu Gewerkschafte betount, datt d’Bürokratie fir d’Enseignanten éischter zougeholl hätt. Wéi gesäit d’Realitéit aus, a wéi kann d’kënschtlech Intelligenz hei eng Roll spillen? Eng parlamentaresch Fro vun eisen Deputéierten Gilles Baum a Barbara Agostino sicht no Äntwerten.

weiderliesen...

Zweeten Intervenant an A-EBS am Cycle 1 vum Grondschoulunterrecht

Fir eng besser pedagogesch Differenzéierung a méi Chancë vu Ufank un ze garantéieren, gesäit de Koalitiounsprogramm en zweeten Intervenant am Cycle 1 vir. Och am Kader vum Projet Alpha kéint dësen Intervenant eng wichteg Roll spillen, besonnesch bei der phonetescher Virbereedung vun de Kanner. Zousätzlech si sougenannte A-EBS geplangt, déi d’Enseignanten ënnerstëtze sollen. Eis Deputéiert Gilles Baum a Barbara Agostino hu beim Educatiounsminister nogefrot, wéi wäit dës Initiativen fortgeschratt sinn a wéi de Kalenner ausgesäit.

weiderliesen...

Wéi vill Persoune leiden un Anorexie ?

Nieft dem Iwwergewiicht ass och d’Anorexie ee Problem an eiser Gesellschaft. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot, wéi vill Anorexie-Patienten zu Lëtzebuerg hu missen hospitaliséiert ginn, wéi laang den Traitement an der Moyenne dauert a wéi sech d’Käschte vun den Traitementer an de leschten 10 Joer entwéckelt hunn.

weiderliesen...