Funktionell an zäitgeméiss Sportinfrastrukturen

Fir eng erfollegräich Ausféierung vum Sport schafe funktionell an zäitgeméiss Infrastrukturen d'Basis. An dem Kontext, hunn DP Deputéierte Claude Lamberty a Carole Hartmann beim Sportminister nogefrot wéi et mam Ausbau an Developpement vu Sportsinfrastrukturen uechtert Land ausgesäit.

De Sport huet duerch déi kierperlech Aktivitéit positiv Auswierkungen op d’Gesondheet an ass domat e wichtegen Deel vun engem equilibréierten Alldag. Donieft ginn d‘Perséinlechkeet, d’Responsabilitéit an och den Teamgeescht gestäerkt, a besonnesch fir d’Kreativitéit, d’Selbstvertrauen an déi sozial Bindunge bei de Kanner ass de Sport vu grousser Bedeitung. Net ze vergiessen ass och, dass Integratioun an Inclusioun duerch de Sport erliichtert kënne ginn.

Fir eng erfollegräich Ausféierung vum Sport schafe funktionell an zäitgeméiss Infrastrukturen d’Basis. An deem Kontext, ass den Ausbau an Developpement vun enger Panoplie vu Sportsinfrastrukturen, déi dem Populatiounswuesstem vun deene leschte Jore Rechnung dréit, onëmgänglech.

An deem Kader wollte mir der Madamm Inneministesch an dem Här Sportsminister folgend Froe stellen:

  1. Kënn Dir eis matdeele fir wéi vill Sportinfrastrukturen (Sportzenteren, Sportshalen, Multisporten, Schwämmen, Fussballterrainen, etc.) am Joer 2021 Subside vun de Gemengen ugefrot goufen?
  2. Wéi vill vun dësen Demandë gouf Rechnung gedroen ?
  3. Wat sinn déi eenzel, a wat ass den totale Montant den d‘Gemengen als Subside fir d‘Joer 2021 accordéiert kruten?
  4. Fir wéi vill Sportinfrastrukture goufe vun 2015-2020, pro Joer opgedeelt, Subside vun de Gemengen ugefrot?
  5. Gëtt et e globaalt Dokument dat all déi méiglech finanziell Ënnerstëtzunge fir Sportinfrastrukture virgesäit?
  6. Wann net, sidd Dir gewëllt fir de Gemengen, e „Guide pratique Subsiden“ mat de méigleche Montanten oder de Prozentsätz, de Konditiounen an der Kontaktpersoun zur Verfügung ze stellen?
  7. Deel Dir eis Meenung, dass et opportun wier, e Portal mat enger nationaler Kartographie an d’Liewen ze ruffen op där all ëffentlech Sportinfrastrukturen uechtert d‘Land, déi fir de Public zougänglech sinn, festgehale ginn? Wann net, firwat net?

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wier eng Sensibiliséierungscampagne géint Allergië sënnvoll ?

Ëmmer méi Leit entwéckelen Allergien, op Liewensmëttel, Pollen oder Milben. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi sech d’Zuel un Allergiker an de leschten zéng Joer entwéckelt huet, ob eng Sensibiliséierungscampagne lancéiert sollt ginn, a wéini déi annoncéiert Pollen-App fir déi betraffe Leit disponibel wäert sinn.

weiderliesen...

Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin

Eisem Land feelt et un Aarbechtsdokteren. De Koalitiounsprogramm gesäit dowéinst eng Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin vir. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Aarbechtsdokteren aktuell hei am Land schaffen, wéi d’Altersstruktur vum Beruffsstand ausgesäit a wéi d’Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin kéint ausgesinn?

weiderliesen...