An den Ateliere vun der DP ass Plaz fir Iddien an Talenter. Mir setzen op déi politesch Entfalung an op Participatioun. An deene reegelméissege Workshoppen a Formatioune wëlle mir zesummen iwwer politesch Themen diskutéieren, Positiounen ausschaffen an Erfarungen austauschen.
Du hues Loscht matzemaachen? Da kuck dir eis Offeren un a mell dech an deenen Atelieren, déi dir zousoen.
Mir freeën eis op deng Participatioun!
Carole Hartmann
Presidentin
Eric Thill
Generalsekretär
07
February, 2026
Saturday
24 September 2022
An engem Futurelab iwwer Klima, Ëmwelt a Mobilitéit hunn eng ettlech DP-Membere ganz pragmatesch doriwwer diskutéiert, wéi ee gutt Iddien ëmsetzt a wéi ee wichteg Froen an deene Beräicher um Terrain behandelt. Och bei dësem Thema wäerten d’Äntwerten an d’Propose vun de Memberen hir Repercussiounen am Kaderprogramm vun der DP fir d’Gemengewalen hunn.
16 August 2022
Zanter dem 24. Februar ass nees Krich an Europa an d’Energie ass zu enger Waff an deem Krich ginn: Et gëtt manner Energie a se gëtt méi deier. An engem FutureLab fir Gemengemandataire si Beispiller a Modeller entwéckelt ginn, wéi een op kommunalem Niveau mat dëser Realitéit ëmgeet.
15 May 2022
Wat mécht eng gutt Gemengepolitik aus? Dat si virop emol eng gutt iwwerluechte Finanzpolitik an Transparenz an alle Beräicher an och eng zäitgeméiss Digitaliséierung. Méi ewéi 50 Leit si sech um Enn vum FutureLab zu Nidderaanwen iwwer ganz konkret Virschléi fir d’Gemengepolitik eens ginn.
05 March 2022
An engem anere FutureLab hunn d’Stater Députée-Maire Lydie Polfer an den Deputéierten a Beetebuerger Schäffe Gusty Graas – Auteur vun engem Buch iwwert d’Lëtzebuerger Kommunalverfassung – an enger Masterclass d’Komplexitéit an déi domadder verbonnen Erausfuerderunge bei der Gerance vun enger Gemeng virgestallt.
20 November 2021
Deplianten a Flyere wäerten och an Zukunft hir Roll an der kommunaler Kommunalpolitik spillen. Ma d’Roll vun de soziale Medien an der Kommunikatioun ass antëscht extrem wichteg ginn. An engem weidere FutureLab ass doriwwer diskutéiert ginn, wéi een déi sozial Medien och an de kommende Walcampagne gebrauche kann.