Geschützte Patrimoine am PAG

D'Gemenge kënnen a sollen hire schützenswäerte Patrimoine an de PAG androen. De Service vu Sites et Monuments huet hier Recommandatiounen un d'Gemenge weiderginn, ma net all Gemeng geet deene Recommandatiounen no. Elo ass e Ranking publizéiert ginn, deen d'Madamm Inneministesch an engem rezenten RTL Interview zur Sprooch bréngt. Zu deem Sujet huet den Deputéierten André Bauler e puer Froen un d'Madamm Inneministesch an un d'Madamm Kulturministesch gestallt.

« An engem rezenten Interview op RTL huet d’Madamm Inneministesch eng Lëscht an d’Kamera gehalen, op där d’Gemengen der Rei no klasséiert gi wat hiren Engagement am Denkmalschutz ugeet. Dëse Ranking baséiert op de Recommandatioune vu Sites et monuments an der Unzuel vu Gebaier, déi vun de Gemengen tatsächlech an de PAGen agedroe sinn.

An deem Kontext wollt ech der Madamm Inneministesch an der Madamm Kulturministesch folgend Froe stellen:

  1. Wat sinn déi verschidde Kategorië vu Monumenter, déi an de Bebauungspläng klasséiert gi sinn? Gehéieren dozou och Dréchemaueren, Skulpturen, Träch, Prëssiounskapellen, an aner Monumenter?
  2. Wéi gëtt den Engagement vun den eenzele Gemenge gemooss; no wéi enge Krittären ass dee Ranking, vun deem d’Madamm Inneministesch geschwat huet, opgestallt ginn?
  3. Wéi gesäit d’Sensibiliséierungsaarbecht vun der Regierung a Saachen Denkmalschutz vis-à-vis vun de Gemengen aus? Gëtt et eng Zesummenaarbecht mam Syvicol a Form vun engem praktesche Guide mat Rotschléi a Proposen („Leitfaden“) fir d’Schäffen- a Gemengeréit? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

D’Participatioune vum Staat

De liberalen Deputéierten André Bauler huet de Finanzminister gefrot wéi eng Participatiounen de lëtzebuerger Staat huet, wéi sech dës iwwer d’Zäit verännert hunn an wéi eng Stratégie dohannert stécht.

weiderliesen...

Keen Accès zu biologesche Resultater vun der LëtzHBM-Etüd ?

Bei der Etüd « LëtzHBM » vum LNS gi biologesch Prouwen an Ëmweltprouwen erhuewe fir d’Präsenz vu chemesche Substanzen doheem bei Privatpersoune festzestellen. D’Resultater vun de biologesche Prouwe ginn, anescht wéi vun den Ëmweltprouwe, ginn de Participanten net systematesch kommunizéiert.
Den DP-Deputéierten Dr Gérard Schockmel huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot firwat dës Resultater net matgedeelt ginn an ob dat konform zum Dateschutzreglement ass.

weiderliesen...