asile animaux

Gëtt d’Déiereschutzgesetz adequat ëmgesat?

Gëtt dat aktuellt Déiereschutzgesetz net adequat ëmgesat a wéi ass d’Situatioun an den Déierenasyler ? Dës a weider Froe stellen d’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas dem zoustännege Landwirtschaftsminister.

„ An der Press hu rezent Vertrieder vun diversen Déiereschutzorganisatioune behaapt, datt d’Déiereschutzgesetz vun 2018 zwar gutt wier, mä datt et net géing zefriddestellend ëmgesat ginn.

Des weidere goufe mer gewuer, datt déi véier Déierenasyler, déi de Moment am Land funktionéieren, iwwerlaascht wieren. Fir méi Plaz zur Verfügung ze hunn, wiere bestehend Gebailechkeeten den aktuelle Besoinen ugepasst ginn. Et bräicht een awer zousätzlech an adequat Infrastrukturen, besonnesch am Norde vum Land, wou et, mat Ausnam vu Privatinitiativen, iwwerhaapt keng Opfankstrukture géif ginn. Gleeft een den Déiereschützer, sou misst op d’mannst eng Opfangstatioun amenagéiert ginn.

An deem Zesummenhang wollte mir dem Här Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung folgend Froe stellen:

  1. Deelt den Här Minister d’Opfaassung vun den Déiereschützer, datt dat aktuellt Déiereschutzgesetz net adequat ëmgesat gëtt?
  2. Ass den Här Minister am Detail iwwer d’Situatioun an den Asyler informéiert a kann hien d’Bedürfnisser quantifizéieren?
  3. Ass de Landwirtschaftsministère bereet fir zesumme mat den Organisatiounen an de Gemengen eng weider Opfankstruktur am Norde vum Land ze fannen, fir sou op déi sëllegen Demanden ze äntweren?“

Äntwert

  1. Deelt den Här Minister d’Opfaassung vun den Déiereschützer, datt dat aktuellt Déiereschutzgesetz net adequat ëmgesat gëtt?

D’Déiereschutzgesetz vum 27. Juni 2018 gesäit eng ganz Partie Moossnamen a Restriktioune vir, déi et virun dem Gesetz net gouf, mat dem Ziel, d’Déierewuel hei am Land ze verbesseren. All Dag sinn dofir d’Fonctionnaire vun deene verschiddenen zoustännege Verwaltungen am Asaz fir d’Gesetz am Sënn vum Déierewuel ëmzesetzen.

  • Ass den Här Minister am Detail iwwer d’Situatioun an den Asyler informéiert a kann hien d’Bedürfnisser quantifizéieren?

Den Här Minister ass sech der Problematik vun den, virun allem am Summer, iwwerfëllten Asyler bewosst. Nei Asyler kënnen déi aktuell Situatioun entspanen, wäerten awer keng laangfristeg Léisung si fir den Afflux an d’Asyler ze stoppen. Eng gewëssen Eegeverantwortung vun de Bierger ass noutwenneg, fir de Problem léisen ze kënnen.

  • Ass de Landwirtschaftsministère bereet fir zesumme mat den Organisatiounen an de Gemengen eng weider Opfankstruktur am Norde vum Land ze fannen, fir sou op déi sëllegen Demanden ze äntweren?

De Landwirtschaftsministère ass bereet, Demandë fir een neien Asyl hei am Land ze ënnerstëtzen, sou wéi dat och an der Vergaangenheet ëmmer de Fall war.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi laang ass d’Waardezäit an der « Travel Clinic » ?

Bei Reesen a méi tropesch Regioune kann een sech an der “Travel Clinic” vum CHL beroden a géint verschidde Krankheeten impfe loossen. D’Waardezäiten an dëser Klinick sollen den Ament awer nawell laang sinn.
D’DP-Deputéiert Dr Gérard Schockmel a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Patienten an de leschten 10 Joer an der “Travel Clinic” empfaange goufen, wéi d’Waardezäiten sech an dëser Period entwéckelt hunn an ob et net sënnvoll wier online ee Rendez-vous huelen ze kënnen, esouwéi dat fir vill aner Servicer vum CHL méiglech ass.

weiderliesen...

Wéi kann een de Beruff vum Aide-soignant revaloriséieren ?

De Manktem u Fleegepersonal gehéiert zu de gréissten Erausfuerderunge vun dëser Regierung. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum wollten an deem Kontext vun der Gesondheetsministesch ënnert anerem wëssen, wéi vill Aides-soignanten aktuell am Land schaffen, wéi vill de Beruff an de leschte Jore gewiesselt hunn a wéi eng Mesüren d’Regierung ze huele gedenkt fir de Beruff nees méi attraktiv ze maachen.

weiderliesen...

Medezinesch Transferten an d’Ausland

Zënter dem 1. Juni 2025 mussen d’Dokteren en neie Formulaire ausfëllen, wann si ee Patient fir Soinen an d’Ausland schécke wëllen. Den Dokter muss elo obligatoresch uginn, ob d’Prestatiounen zu Lëtzebuerg an engem “akzeptabelen Delai” ugebuede kënne ginn, oder net. Kräizt den Dokter un, datt d’Prestatiounen eigentlech och zu Lëtzebuerg ugebuede kéinte ginn, da gëtt d’Demande fir den Transfert automatesch refuséiert.
Den DP-Deputéierten Dr Gérard Schockmel huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob déi reng Reduzéierung op den “akzeptabelen Delai”, ouni d’Qualitéit vun de Soinen ze berécksiichtegen, net zu onberechtegte Refuse féiere kéint, an den neie Formulaire Dokteren net dozou zwénge kéint falsch Deklaratiounen ze maache fir hirem Patient déi beschtméiglechst Soinen ze garantéieren.

weiderliesen...

Wéi vill Doktere schaffen am Norde vum Land ?

Am Norde vum Land mussen d’Bierger oft wäit Deplacementer a Kaf huele fir an eng Klinick oder eng Maison médicale ze kommen.
D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hunn d’Gesondheetsministesch ënnert anerem gefrot, wéi vill Generalisten a Spezialisten am Norde vum Land schaffen, wéi d’Altersstruktur bei den Dokteren ass a wéini eng zweet Maison médicale am Norden opgemaacht kéint ginn.

weiderliesen...