Gratis Daarmkriibs Tester – wat bréngen se wierklech ? 

Am Mäerz steet de Kampf géint den Daarmkriibs am Mëttelpunkt vun enger Preventiounscampagnevum Gesondheetsministère. All zwee Joer ginn Invitatiounen u Persoune geschéckt fir e gratis Depistage. Mee ginn dës och genotzt? Ons Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hunn nogefrot.

„Am Mäerz steet de Kampf géint den Daarmkriibs am Mëttelpunkt vun enger Preventiounscampagne vum Gesondheetsministère. Souginn all zwee Joer Invitatiounen u Persounen tëschent 55 a 74 Joergeschéckt. 

De Radio 100,7 huet kierzlech informéiert, datt zu Lëtzebuerg den Daarmkriibs déi zweetheefegst Doudesursaach duerch Kriibs ass. Gëtt dësen awer fréi genuch entdeckt, da kann een en an 90% vun de Fäll heelen. Den Depistage spillt deemno eng wichteg Roll. Leider ass d’Participatioun um organiséierte Screening Programm nach niddreg, betount de Gesondheetsministère, mee si géing awer lues a lues klammen.

An deem Kader wollte mir der Madamm Ministesch fir Gesondheet a Sozialversécherung folgend Froe stellen:

  • Wéi vill Leit hunn zanter 2018 um organiséierte Screening Programm vum Ministère a Saachen Daarmkriibs deelgeholl? Wéi vill Prozent vun de verschéckten Invitatioune goufe mat enger Demande fir en Test ze maache beäntwert?
  • Wéi vill Prozent vun de realiséierten Tester ware positiv a konnten deemno op en Daarmkriibs hi schléissen?
  • Wéi wëllt de Gesondheetsministère de betraffene Public an noer Zukunft nach méi staark sensibiliséiere fir um organiséierte Screening Programm, dee jo gratis ass, deelzehuelen?

Wéi sinn d’Käschte vum organiséierte Screening Programm zanter 2018 evoluéiert? “

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Missten d’Urgencen fir Kanner am Norden ausgebaut ginn?

Och Kanner mat klenge Blessuren ginn oft aus dem Norden bis an d’Kannerklinik an der Stad geschéckt. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, firwat déi pädiatresch Urgencen vum CHdN net 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg an der Woch garantéiert kënne ginn a wéi vill Kanner aus dem Norden an d’Kannerklinik geschéckt ginn.

weiderliesen...

Wéi kann d’Gesondheet vun de Kanner verbessert ginn ?

D’Gesondheetsproblemer bei de Kanner klammen an den Accès zu Pediatere gëtt ëmmer méi schwiereg. D’DP-Deputéiert Mandy Minella a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesüre virgesi sinn fir d’Situatioun ze verbesseren, ob eng national Strategie fir d’Gesondheet vun de Kanner envisagéiert gëtt an ob een nationale Coordinateur fir d’Kannergesondheet agesat sollt ginn.

weiderliesen...

Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

weiderliesen...