Inklusiv Spillplazen

Am Kader vum „Zuch vun der Demokratie“ hunn d’Schoulkanner Froen zu Spillgeräter fir Kanner mat ageschränkter Mobilitéit gestallt. Eis Deputéiert Mandy Minella freet no Zuelen iwwer inklusiv Ausrüstungen an de Schoulhäff, ënnerstëtzt de Schüler-Virschlag fir méi Accessibilitéit a wëll wëssen, ob et schonn Initiativen a Richtung inklusiv Spillplazen gëtt.

Fro

„ An Kader vum „Zuch vun der Demokratie“, deen dëst Joer den 11. November an der Chamber stattfond huet, goufe Froen iwwert Spillgeräter fir Kanner mat ageschränkter Mobilitéit an de Schoulhäff zu Lëtzebuerg gestallt.

An deem Kader wollt ech dem Här Inneminister an dem Här Minister fir d’Famill, fir d’Solidaritéit, fir d’Zesummeliewen a fir den Accueil follgend Froe stellen:

  • Ginn et bei de respektiven Ministèren Zuelen doriwwer, wéi vill Gemenge behënnertegerecht Spillgeräter an hire Schoulhäff installéiert hunn?
  • Wéi gesinn d’Häre Minister de Virschlag vun de Schoulkanner, dat d’Gemenge mëttelfristeg all d’Schoulhäff zu Lëtzebuerg mat Spillgeräter ausstatten, déi fir Kanner mat ageschränkter Mobilitéit gëeegent sinn?
  • Ginn et an dësem Kontext schonn Initiativen, déi sech mam Ausbau vun inklusive Spillplazen an de Schoulhäff befaassen?“

Äntwert

D‘Inklusioun vun alle Mënschen stellt en elementare Grondsaz an eng iewescht politesch Prioritéit fir d‘Regierung duer. All Kand soll, onofhängeg vun enger eventueller Beanträchtegung, vu klengem un d’Méiglechkeet kréien, sech beschtméiglech ze entfalen an un den Aktivitéite vum gesellschaftleche Liewen deelzehuelen. Mam Accessibilitéitsgesetz vun 2022 huet Lëtzebuerg e wichtege Schratt a Richtung vun enger barrierefräier Gesellschaft gemaach, andeems e klore gesetzleche Kader geschaf gouf, deen d’Accessibilitéit vu fir d’Ëffentlechkeet zougängleche Plazen reegelt a promouvéiert.

Och wann d’Spillplazen net ënner d’Applikatioun vum Accessiblitéisgesetz falen, spillt d’Sensibiliséierung fir eng méi inklusiv Gesellschaft ze schafen eng zentral Roll an der Aarbecht vun der Regierung, a schreift sech an an d’Efforten zur Ëmsetzung vun der UN-Konventioun fir d’Rechter vu Mënsche mat enger Behënnerung. Och an Zukunft wäert d’Regierung hir Efforte weider verstäerken, fir déi ënnerschittlech Acteuren hisichtlech där Thematik z’informéieren, ze sensibiliséierung a bei der Ëmsetzung vu konkrete Mesuren z‘ënnerstëtzen.

Stand haut gëtt et keng national Statistiken iwwer d’Unzuel vun accessibele Spillplazen an de Gemengen. Onofhängeg dovun, sinn a bleiwen d’Gemengen ganz wichteg Partner bei der Fërderung vun der Barrierefräiheet an d’Regierung wäert sech weiderhin an enker Kollaboratioun mat den ënnerschittleche Partner dofir asetzen, d’Accessibilitéit an alle Beräicher weider ze stäerken.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi laang ass d’Waardezäit an der « Travel Clinic » ?

Bei Reesen a méi tropesch Regioune kann een sech an der “Travel Clinic” vum CHL beroden a géint verschidde Krankheeten impfe loossen. D’Waardezäiten an dëser Klinick sollen den Ament awer nawell laang sinn.
D’DP-Deputéiert Dr Gérard Schockmel a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Patienten an de leschten 10 Joer an der “Travel Clinic” empfaange goufen, wéi d’Waardezäiten sech an dëser Period entwéckelt hunn an ob et net sënnvoll wier online ee Rendez-vous huelen ze kënnen, esouwéi dat fir vill aner Servicer vum CHL méiglech ass.

weiderliesen...

Wéi kann een de Beruff vum Aide-soignant revaloriséieren ?

De Manktem u Fleegepersonal gehéiert zu de gréissten Erausfuerderunge vun dëser Regierung. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum wollten an deem Kontext vun der Gesondheetsministesch ënnert anerem wëssen, wéi vill Aides-soignanten aktuell am Land schaffen, wéi vill de Beruff an de leschte Jore gewiesselt hunn a wéi eng Mesüren d’Regierung ze huele gedenkt fir de Beruff nees méi attraktiv ze maachen.

weiderliesen...

Medezinesch Transferten an d’Ausland

Zënter dem 1. Juni 2025 mussen d’Dokteren en neie Formulaire ausfëllen, wann si ee Patient fir Soinen an d’Ausland schécke wëllen. Den Dokter muss elo obligatoresch uginn, ob d’Prestatiounen zu Lëtzebuerg an engem “akzeptabelen Delai” ugebuede kënne ginn, oder net. Kräizt den Dokter un, datt d’Prestatiounen eigentlech och zu Lëtzebuerg ugebuede kéinte ginn, da gëtt d’Demande fir den Transfert automatesch refuséiert.
Den DP-Deputéierten Dr Gérard Schockmel huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob déi reng Reduzéierung op den “akzeptabelen Delai”, ouni d’Qualitéit vun de Soinen ze berécksiichtegen, net zu onberechtegte Refuse féiere kéint, an den neie Formulaire Dokteren net dozou zwénge kéint falsch Deklaratiounen ze maache fir hirem Patient déi beschtméiglechst Soinen ze garantéieren.

weiderliesen...