Kaffispaus Episod 5

Kaffispaus Episode 5

Rassismus – „The time for silence is over”

D’Monica Semedo huet den Derek Wilson op eng Kaffispaus invitéiert, fir iwwert d’Lutte géint de Rassimus ze schwätzen, déi och zu Lëtzebuerg erëm méi an de gesellschaftspolitische Mëttelpunkt gestallt gi muss.

Fir ee Problem léisen ze kënnen, muss ee sech fir d’éischt agestoen, datt dëse Problem existéiert. Ëmmer méi Leit erzielen hir Geschichten, erzielen vun hirer Realitéit a maache weltwäit mat Biller dorobber opmierksam, datt Rassimus an Diskriminatioun fir vill Mënschen een Deel vum Alldag sinn. 

Et ass elo wichteg, fir weider iwwert dëse Sujet ze schwätzen a richteg doriwwer ze kommunizéieren, fir Viruerteeler – déi dacks onbewosst verankert sinn – opzebriechen. D’Gesellschaft muss dobäi esou sensibiliséiert ginn, datt d’Leit sech net aggresséiert fillen. Fir d’Monica Semedo an den Derek Wilson ass et wichteg, datt mir eis neméi géigesäiteg beschëllegen, mee zesummen a konstruktiv no Léisunge sichen.  

Am Gespréich koumen och d’Bedeitung vun der Chancëgläichheet an der Schoul an d’Roll vum Sport am Kampf géint de Rassismus, esou wéi d’Diskriminatioun, zur Sprooch.

https://youtu.be/2Wt85DUW55w

Teilen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weitere News

Kaffispaus Episode 4

Kaffispaus Folge 4

Der Minister für Mittelstand und Tourismus Lex Delles hat sich zusammen mit Frau Carole Ewert, Inhaberin eines Hotels in Vianden, über Tourismus in Luxemburg an die Auswirkungen der Covid Pandemie auf den Sektor unterhalten.

weiterlesen...