Kaffispaus Episod 5

Kaffispaus Episod 5

Rassismus – „The time for silence is over”

D’Monica Semedo huet den Derek Wilson op eng Kaffispaus invitéiert, fir iwwert d’Lutte géint de Rassimus ze schwätzen, déi och zu Lëtzebuerg erëm méi an de gesellschaftspolitische Mëttelpunkt gestallt gi muss. 

Fir ee Problem léisen ze kënnen, muss ee sech fir d’éischt agestoen, datt dëse Problem existéiert. Ëmmer méi Leit erzielen hir Geschichten, erzielen vun hirer Realitéit a maache weltwäit mat Biller dorobber opmierksam, datt Rassimus an Diskriminatioun fir vill Mënschen een Deel vum Alldag sinn. 

Et ass elo wichteg, fir weider iwwert dëse Sujet ze schwätzen a richteg doriwwer ze kommunizéieren, fir Viruerteeler – déi dacks onbewosst verankert sinn – opzebriechen. D’Gesellschaft muss dobäi esou sensibiliséiert ginn, datt d’Leit sech net aggresséiert fillen. Fir d’Monica Semedo an den Derek Wilson ass et wichteg, datt mir eis neméi géigesäiteg beschëllegen, mee zesummen a konstruktiv no Léisunge sichen.  

Am Gespréich koumen och d’Bedeitung vun der Chancëgläichheet an der Schoul an d’Roll vum Sport am Kampf géint de Rassismus, esou wéi d’Diskriminatioun, zur Sprooch.

Click on the button to load the content from open.spotify.com.

Load content

YouTube

By loading the video, you agree to YouTube's privacy policy.
Learn more

Load video

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Kaffispaus Episod 4

Kaffispaus Episod 4

De Minister fir Mëttelstand an Tourismus Lex Delles huet sech zesummen mat der Madamm Carole Ewert, Proprietär vun engem Hotel zu Vianden iwwer den Tourismus zu Lëtzebuerg an d’Auswierkunge vun der Corona Pandemie op de Secteur ënnerhalen.

weiderliesen...