Kann en Déierendokter en Hausdéier zeréckhalen?

Als Besëtzer vun engem Hausdéier sollt een och d’Méiglechkeeten hunn nom Déier ze kucken. Bei Rechnungen déi net virgesi waren, kann et munchmol sinn, dass e Client dës net direkt ka bezuelen. Dierf en Déierendokter an esou engem Fall d’Déier zeréckbehalen? Eisen Deputéierte Gusty Gras huet nogefrot.

« An der Äntwert op d‘parlamentaresch Fro Nr. 4907 vun 2021 war matgedeelt ginn, datt zu Lëtzebuerg kee ‚Vétérinaire pour tous‘ wéi en am Frankräich existéiert, virgesi wier. Persounen, déi Problemer hätte fir den Traitement vun hirem Déier opzekommen, kréichen och net mat Subventioune gehollef. Virop gouf sech op Déiereschutzassociatioune beruff, déi zum Deel vum Ministère subventionéiert wieren.

Bei munchen Déierendoktercabineten oder Klinicken, schéngt et awer virzekommen, datt wann de Besëtzer d’Rechnung vu sengem Déier net ka bezuelen, de Veterinär d’Déier zeréckbehale géif. Dëst géif dann op eege Käschten traitéiert,an de Veterinär géif dono decidéiere wat mam Déier geschitt. Notamment, géifen dës Déieren an Asyler ënnerbruecht ginn.

Kierzlech Reaktiounen aus dem Secteur vum Déiereschutz hunn op déi schwiereg Situatiounen an den Asyler a bei den Organisatiounen higewisen. D’Äntwerten op rezent parlamentaresch Froen erklären, datt Persounen iwwer d’Besoinen an d’Käschte vun engem Hausdéier solle weider sensibiliséiert ginn.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung folgend Froe stellen:

  • Contrairement zu de reegelméissege Käschten, kann eng Noutfalloperatioun un engem Déier eng eemoleg méi héich Rechnung mat sech bréngen. Dierf e Vétérinaire en Hausdéier zeréckhalen oder weidervermëttelen am Fall wou dës net direkt ka bezuelt ginn?
  • Ass dës Praxis dem Minister bekannt ?
  • Wa jo, wéi vill där Fäll gouf et iwwert déi lescht 10 Joer zu Lëtzebuerg ?
  • Wéi problematesch gesäit den Här Minister dës Praxis am Kontext vun der aktueller Situatioun vun den Asyler an änlechen Etablissementer?

Wou kënnen d’Besëtzer vun dësen Hausdéieren punktuell Hëllef ufroen ? »

Äntwert

Contrairement zu de reegelméissege Käschten, kann eng Noutfalloperatioun un engem Déier eng eemoleg méi héich Rechnung mat sech bréngen. Dierf e Vétérinaire en Hausdéier zeréckhalen oder weidervermëttelen am Fall wou dës net direkt ka bezuelt ginn?

Am Fall vun enger Operatioun op engem Déier déi méi héich Käschten ervir rifft, huet de Besëtzer vum Déier e Recht op en Devis vun den Käschten bevir en seng Zoustëmmung zur Behandlung gëtt. Falls de Besëtzer der Behandlung zoustëmmt an no dëser d‘Rechnung net bezilt däerf de Vétérinaire dat behandelt Déier zeréck halen bis d‘Behandlung’s Käschten bezuelt sinn respektiv en Bezuelung’s Modus arrangéiert ass. Hien däerf d‘Deier awer an kengen Ëmstänn weider vermëttelen et sief dann den Besëtzer huet säin schrëftlechen Accord iwwert de Wee vun enger Verzichtung’s Erklärung hei zou ofginn. Anerefalls huet de Vétérinaire d‘Pflicht seech em dat Déier ze këmmeren bis et erëm zeréck bei säin Besëtzer geet.

Ass dës Praxis dem Minister bekannt? Wa jo, wéi vill där Fäll gouf et iwwert déi lescht 10 Joer zu Lëtzebuerg?

Esou eng Praxis vun Vermëttelen vun Deieren duerch Vétérinairen well d‘Behandlungskäschten net bezuelt sinn ass dem Minister net bekannt.

Wéi problematesch gesäit den Här Minister dës Praxis am Kontext vun der aktueller Situatioun vun den Asyler an änlechen Etablissementer?

Falls et esou eng Praxis géif ginn wier déi problematesch well d’Déierenasyler schonn iwwerfëllt sinn mat Déieren déi duerch hier Besëtzer ausgesat respektiv se ofginn hunn well des hier Responsabilitéit géigeniwwer den Déieren net wëllen wouer huelen.

Wou kënnen d‘Besëtzer vun dësen Hausdéieren punktuell Hëllef ufroen ?

An punktuellen Situatiounen kennen d‘Besëtzer vun Hausdéieren sech un Déiereschutz Organisatiounen wenden déi deelweis bereet sinn verschidden Onkäschten fir Vétérinaire’s Behandlung ze iwwerhuelen. Et sief och nach bemierkt dass et privat Assurancen gin déi géint d’Bezuelen vun enger Prime en Deel vun den Veterinärskäschten rembourséieren.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi kann d’Gesondheet vun de Kanner verbessert ginn ?

D’Gesondheetsproblemer bei de Kanner klammen an den Accès zu Pediatere gëtt ëmmer méi schwiereg. D’DP-Deputéiert Mandy Minella a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesüre virgesi sinn fir d’Situatioun ze verbesseren, ob eng national Strategie fir d’Gesondheet vun de Kanner envisagéiert gëtt an ob een nationale Coordinateur fir d’Kannergesondheet agesat sollt ginn.

weiderliesen...

Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

weiderliesen...

Gëtt een zweete PET-CT ugeschaaft?

Déi fréier Gesondheetsministesch hat matgedeelt, datt eventuell een zweete PET-CT ugeschaaft kéint ginn, fir d’Waardezäit fir d’Patienten ze verkierzen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der aktueller Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Uschafung vun dësem zweete PET-CT drun ass, ob dësen Apparat eventuell an d’Spidol zu Ettelbréck kéint kommen a wéi sech d’Zuel vun de Behandlungen an de leschten 10 Joer an deem Beräich entwéckelt hunn.

weiderliesen...