Konsumenteschutz

Konsumenteschutz

Konsumenteschutz: Rechter vun de Verbraucher stäerken

D’DP setzt sech fir e staarke Konsumenteschutz an. De Verbraucher soll bei senge Kafdecisioune beschtens informéiert sinn, och an zemol, wat d’Nohaltegkeet ugeet. Besonnesch an de Beräicher vun der allgemenger Produktsécherheet (Haushaltsapparater, Spiller, Liewesmëttel, …) wëlle mir méi schaarf Kontrollen an d’Transparenz vu Servicer (Crédits à la consommation, Reesen, Locatioun, …) verbesseren. Mir wëllen d’Aufgaben an d’Zoustännegkeete vum Verbraucherschutzministère dofir erweideren an déi international Kollaboratioun fir de Verbraucherschutz stäerken.

Nei Entwécklungen, wéi déi kënschtlech Intelligenz, stellen de Konsumenteschutz virun nei Erausfuerderungen. Als DP wäerte mir eis deem Challenge stellen.

An der leschter Legislaturperiod si schonn eng Partie Mesurë fir méi e staarke Konsumenteschutz geholl ginn. Dozou gehéieren d’Ëmsetzung vun der EU-Direktiv iwwer eng legal Konformitéisgarantie fir digitale Content a Servicer, d’Omnibus-Richtlinn, déi ë.a. méi streng Sanktiounen an ee Referenzpräis bei Reduktiounen/Solde virgesäit an och d’Aféierung vun enger Charte Chèques-cadeaux.

D’Sécherheet vun de Liewensmëttel an d’Lutte géint de Bedruch mat Liewensmëttel gehéieren zu den ieweschte Prioritéite vum neutrale Verbraucherschutz. Déi 2022 gegrënnten ALVA (Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire) regroupéiert e groussen Deel vun de Kontrollorganer vun der Liewensmëttelketten. Fir méi Effikassitéit sollen och aner Servicer, z.B. d’Laboen, zentraliséiert ginn.

Besonnesch Spillgezei an Elektroapparater aus Drëttlänner mussen ëmmer méi streng kontrolléiert ginn (ë.a. d’CE-Norm). Den ILNAS (Institut luxembourgeois de la normalisation, de l’accreditation, de la sécurité et qualité des produits et services) soll gestäerkt ginn. Campagnë sollen d’Verbraucherrechter verbesseren.

Een Observatoire de la consommatioun soll mat der Auswäertung vun anonymiséierte Verbraucherdaten (ë.a. am Liewensmëttelberäich) fir méi Kloerheet a fir méi Transparenz suergen. Domadder soll fir méi Kohärenz tëschent den effektiven Erwaardunge vun de Verbraucher an de Kontingente vun de Produzente geschafe ginn. D’DP engagéiert sech esou, een nohaltege Konsum ze fërderen.

Fir d’Produktiounskäschte vu Wueren (z.B. Liewensmëttel) bei engem gläiche Präis ze reduzéieren, maachen d’Produzenten dacks manner Wuer an déi nämmlecht Verpackung. D’DP wëll mat de Verbraucherzentrale kucken, wat een dogéint op nationalem an internationalem Niveau ënnerhuele kann.

D’EU-Kommissioun huet dëst Joer eng Propositioun fir gemeinsam Reegelen, fir d’Fërderung vun der Reparatur vu Wueren ugeholl. Dat soll de Konsument finanziell entlaaschten, fir den europäeschen Green Deal, ënnert anerem duerch manner Offall z’ënnerstëtzen. D’DP wäert all Beméiungen ënnerstëtzen, déi d’Durabilitéit vu Wuere verbessert. Mat einfache Reparature wëlle mir géint d’Wegwerfgesellschaft virgoen.

Mir wëllen dofir och kucken, ob e finanziellen Incent fir Reparaturen op nationaler Basis Sënn mécht. D’Käschte géingen duerch e staatleche Reparatur-Bonus reduzéiert. Esou kéinte mir d’Reparature reell stimuléieren, lokal a regional Betriber fërderen an am Sënn vun der Kreeslafwirtschaft agéieren.

Déi nei EU-Direktiv iwwer Plaintes collectives fir e bessere Schutz vum allgemengen Interessi vun de Verbraucher, gëlt vum 25. Juni 2023 un. D’DP ass dofir, datt d’Konsumenten an Zukunft mat Sammelplainte méi einfach zu hirem Recht komme kënnen. Dat Instrument soll ënnerstëtzt a méi einfach ginn. E wichtegen Aspekt dobäi ass d’Conciliatioun, fir zesummen en Accord ze fannen.

Mir wëllen d’Verbraucherrechter vereinfachen. Z.B. duerch Smart Contracts, déi ë.a. eng automatesch Entschiedegung bei ze spéide Liwwerunge virgesinn. Op Basis vun der Blockchain stäerkt dat d’Rechter vun de Clienten.

D’EU-Kommissioun huet en Annulatiouns-Button fir Internetkontrakter oder Ventes à distance proposéiert. Domadder solle sougenannten dark patterns evitéiert, an d’Annulatioun vu Kontrakter esou einfach ewéi méiglech gemaach ginn. De Konsument soll bei Online-Akeef och méi liicht vu sengem Recht op Revocatioun bannent zwou Woche Gebrauch maache kënnen. D’DP wäert sech un den europäesche Virgaben orientéieren an esou een Annulatiouns-Button ënnerstëtzen. Ausserdeem soll no der Annulatioun mat dësem Knapp direkt en Accusé de réception und de Client geschéckt ginn, fir ze verhënneren, datt hie méi laang ewéi néideg un de Fournisseur gebonnen bleift.

Allgemeng wëll d’DP kucken, wéi wäit méi kuerz Kënnegungsfriste Sënn maachen, wann de Kontrakt sech automatesch verlängert.

Reklamatioune bei wäite Reesen hunn an de leschte Joren zougeholl (z.B. bei Annulatiounen oder Retarden). Passagéier sollen hir Uspréch op Entschiedegungen op alle Fall mellen. Mir wëllen eis weider fir d’Rechter vun de Passagéier asetzen. Mir setzen eis fir en effikassen Traitement vun den Dossieren an.

D’DP wäert d’Konsumenteschutz-Organisatiounen (z.B. d’ULC, Union luxembourgeoise des consommateurs an de CEC, Centre européen des consommateurs) am Sënn vun engem moderne Verbraucherschutz ënnerstëtzen.

Fir d’DP ass et wichteg, datt de Verbraucher besser informéiert gëtt, z.B. iwwert de Surendettement. Dobäi geet et dorëm, Kanner a Jugendlechen eng ekonomesch Conscience ze vermëttelen: z.B. an de Beräicher Finanzen, nohaltege Konsum oder Verbraucherrecht.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp