Liewen zu Lëtzebuerg muss bezuelbar bleiwen

Léif Nolauschterinnen, léif Nolauschterer,

Wann een haut iwwer Politik schwätzt, da geet et net ëm grouss Wierder oder schéin Iddien um Pabeier. Et geet ëm d’Liewe vun de Leit. Ëm hiren Alldag. Ëm d’Fro, ob eng Famill um Enn vum Mount nach Loft huet – oder net.

De grousse Mesurëpak vun der Regierung läit elo um Dësch. An eleng fir d’Familljen an d’Kannerbetreiung ginn all Joer ronn 550 Milliounen Euro investéiert. Familljepolitik ass fir d’DP keng Randnotiz, mee eng Prioritéit.

Mat den DP-Ministere Claude Meisch a Max Hahn goufe Moossnamen ausgeschafft, déi genee do usetzen, wou et am meeschte brennt: bei de Kanner, bei den Elteren, bei de Familljen. An all hirer Diversitéit. Well d’Realitéit vun de Familljen haut ass net méi déi vu virun 30 Joer.

Fir mech ass dat besonnesch wichteg. Well ech weess, wat et heescht, Verantwortung ze droen, Ekippen ze féieren, Famill a Beruff ënnert een Hutt ze kréien. A well ech weess: et sinn dacks déi kleng finanziell Entlaaschtungen, déi am Alldag e groussen Ënnerscheed maachen.

Eng modern, kannerfrëndlech Politik à la DP bedeit en Abattement vu 5.400 Euro d’Joer fir all Kand ënner dräi Joer. Et bedeit eng Erhéijung vum Kannergeld ëm 45 Euro d’Joer fir Kanner bis 12 Joer, an ëm 60 Euro fir déi iwwer 12 Joer. Dat si keng Symbolmoossnamen, mee reell Verbesserungen.

Eng modern Familljepolitik bedeit och eenheetlech a méi gënschteg Präisser an der Kannerbetreiung. D’Reform vum Chèque-service entlaascht d’Elteren ëm 79 Milliounen Euro d’Joer. Zousätzlech ginn d’Allocation de rentrée scolaire, d’Allocation spéciale supplémentaire an d’Allocation de naissance indexéiert – well d’Liewe gëtt net méi bëlleg.

Mat der Reform vum Chèque-service accueil maache mir den Zougang zu Crèchen a Maison-relaisë méi gerecht a méi bezuelbar. Dat ass och e kloert Bekenntnis géint d’Kanneraarmut. Fir Famillje mat engem Akommes bis 3,5-mol de Mindestloun sinn déi éischt 24 Stonne Kannerbetreiung gratis. Zousätzlech ginn et geziilte Bäihëllefe vu bis zu 3.000 Euro d’Joer fir Kanner aus Famillje mat klenge Revenuen.

Kannerbetreiung ass haut net méi just eng Garderie. Et ass an engems Bildung, Chancëgläichheet a Sozialpolitik. Et erlaabt béiden Elteren, aktiv um Aarbechtsmarché ze bleiwen, eng Carrière opzebauen an och un hir Altersversuergung ze denken.

A well sozial Gerechtegkeet net beim Kand ophält, gesäit de Pak och eng Primm fir eeler Leit mat klenge Revenue vir – bis zu 2.400 Euro d’Joer. Fir bedürfteg Leit a Famillje gëtt den Accès zu finanziellen Hëllefe vereinfacht an deels automatiséiert. Manner Bürokratie, méi Effizienz, méi Sécherheet.

Léif Nolauschterinnen, léif Nolauschterer,

D’DP steet voll a ganz hannert dëse Mesuren. Well mir dru gleewen, datt e staarkt Land nëmme mat staarke Famillje funktionéiert. Well mir wëllen, datt d’Liewen zu Lëtzebuerg bezuelbar bleift. A well mir Verantwortung iwwerhuelen – net just fir haut, mee virun allem fir muer.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

An d’Zukunft vun de Mënschen investéieren

D’DP-Ministere Claude Meisch a Max Hahn hunn de 6. Januar 2026 e breetgefächerte Mesurëpak presentéiert, mat deem besonnesch Familljen a Kanner iwwer déi nächst Jore geziilt entlaascht ginn. Donieft gi Mënschen, déi et am meeschte brauchen, konkret a wierksam ënnerstëtzt.

weiderliesen...

Paradigmewiessel an der Lutte géint d’Aarmut

An der Tribune Libre vun der DP um Radio hunn eis Deputéiert Mandy Minella a Gilles Baum iwwer den Aktiounsplang fir d’Preventioun an d’Lutte géint d’Aarmut zu Lëtzebuerg geschwat: Eng Initiativ vun der DP, déi et bis elo net hei am Land gouf, an déi e Paradigmewiessel am Kampf géint d’Aarmut duerstellt.

weiderliesen...

Nohalteg Energie ass absolut noutwendeg

A senger Tribune Libre um Radio schwätzt de Buergermeeschter vu Mäerzeg, Mike Poiré, iwwer d’Noutwendegkeet vun enger konsequenter Klimapolitik, déi d’Land mat nohalteger Energie versuergt. Fir de President vun der DP Norde mussen dofir och d’Effikassitéit vun der Technik an d’Prozedure verbessert ginn.

weiderliesen...

Eng modern Steierreform, déi eiser Zäit entsprécht

A senger Tribune Libre um Radio schwätzt eisen Deputéierten a Stater Schäffe Patrick Goldschmidt iwwert déi geplangte Reform vun de Steierklassen zu Lëtzebuerg. Eng laang Fuerderung vun der DP, déi de Lëtzebuerger Steiersystem moderniséiert an der Manéier entsprécht, wéi d’Leit an eiser Gesellschaft haut zesummeliewen.

weiderliesen...