Noen Osten/Energie: Entwécklung am A behalen

Léif Nolauschterinnen, léif Nolauschterer,

Geet et iech wéi mir? Knapps mengt een déi international Situatioun hätt sech op d’mannst eng Grëtz berouegt, da kënnt boufdeg déi nächsten Hiobsbotschaft.

D’Attacken op den Iran haten sech zwar ugedeit, ma d’Ausmooss vun den Ugrëff vun den USA a vun Israel ass dach iwwerraschend.

An enger éischter Phas ass et eiser Regierung mam Xavier Bettel an der Yuriko Backes drëms gaangen, fir déi Honnerte Lëtzebuerger am Noen Osten ze rapatriéieren. Mission accomplie, kann ech just soen.

Et muss een ënnersträichen, wéi grouss d’Gefor vun engem Flächebrand ass. Déi iranesch Géigenattacken op US-Militärbasen an der Géigend hunn dat däitlech gemaach.

D’Hamas-, d’Hesbollah- an d’Huthi-Milizen am Jemen hu sech, wéi erwaart, op d’Säit vum Iran geschloen. Vun Europa kënnt bis elo keng gemeinsam Positioun. D’DP ass der Meenung, datt d’EU sech méi aktiv aschalte misst a sech dobäi besonnesch op Diplomatie & Deseskalatioun konzentréiere sollt. 

Wéi geet et elo virun? Och wann d’Informatiounen aus dem Iran moer sinn, muss ee bedenken, datt d’Liquidatioun vu ville Féierungsperséinlechkeete wuel de Leadership geschwächt huet, ma d’Strukture vum Staat Iran weider funktionéieren.

An den Iran weess, wéi een dem Rescht vun der Welt – virop den USA an der EU – wéi deet. Nämlech duerch eng ganz oder deelweis Blockad vun der Mieresstrooss vun Hormus. D’Hausse vun de Pëtrolspräisser ass eng direkt Konsequenz, déi d’Wirtschaft weltwäit betrëfft. Just als Rappel: Ee Fënneftel vum weltwäite Pëtrolsflux geet duerch d’Strooss vun Hormus!

Zanter dem russeschen Amarsch a d’Ukrain wësse mer och zu Lëtzebuerg, wat dat heescht. Substantiell Haussen um Pëtrol an um Gas. Wat alt erëm mam Risiko vun engem Wirtschaftsréckgang an eventuell mat engem Unzéie vun der Inflatioun ka verknäppt sinn. Nom Ugrëff vum Putin hat eis Regierung jo Mesurë geholl, fir d’Energiekäschten hei am Land däitlech ënnert der europäescher Moyenne ze halen.

Well eis Regierung mam Ressortminister Lex Delles hir Hausaufgabe gemaach huet, sinn den Ament op d’mannst keng kuerzfristeg Auswierkunge beim Stroum a beim Gas ze fäerten. D’Stroumpräisser ginn duerch en 150-Milliounen-Euro-Mechanismus viru ganz héije Picke protegéiert. Beim Gas ginn d’Akeef iwwer dräi Joer gestreckt, fir d’Schwankungen auszegläichen.

Léif Nolauschterinnen, léif Nolauschterer,

d’Situatioun gesäit den Ament net roseg aus, a kee weess, wou et genee higeet. D’Lëtzebuerger Regierung bleift bei hirer Positioun, datt Diplomatie muss viru Krich goen. Wat d’Energiepräisser ugeet, bleift si um quivive a wäert d’Situatioun genee am A behalen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Tripartite: Am Geescht vum Dialog

An der Tribune Libre vun der DP schwätzt d’Parteipresidentin Carole Hartmann haut iwwer d’Noutwennegkeet vun enger Tripartite, déi d’lescht Woch annoncéiert gouf. Fir d’Députée-Maire vun Iechternach ass dat de richtege Wee, op deem d’Regierung an d’Sozialpartner Léisungen kënne fannen, fir déi aktuell Kris zesummen ze meeschteren.

weiderliesen...

Networking mat Schwong

Jonk Demokraten an DP-Memberen ënner 35 Joer hu sech am Strike um Houwald bei engem Patt an engem gudde Maufel besser kennegeléiert a bei Bowling, Darts a Co. eng flott Zäit zesumme verbruecht.

weiderliesen...

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ënner anerem ëm d’Lutte géint d’Iwwerschëldung, déi ugekënnegt Tripartite an an d’Problemer am Schoulwiesen.

weiderliesen...