26 May 2025
D’Nominatioun vum Gerson Rodrigues an d’national Futtballselektioun, trotz enger Confirmatioun vun enger Prisongsstrof mat Sursis wéinst kierperlecher Gewalt a Beleidegungen, suergt fir Kritik. Eis Deputéiert Mandy Minella a Corinne Cahen stellen dem Sportsminister eng Rei Froen iwwer d’Roll vu sportleche Virbiller, déi Verantwortung vun ëffentlech ënnerstëtzten Institutiounen an d’Noutwendegkeet vun...
23 May 2025
Nom Héichwaasser am Summer 2023 gouf d’SportFabrik zu Déifferdeng, wou och de LIHPS sengem Sëtz huet, zum Deel beschiedegt an d’Geräter mussten ausgelagert ginn. Eis Deputéiert Mandy Minella freet no der aktueller Funktiounsfäegkeet vum Gebai, dem Ausmooss vum Schued an de Mesuren, déi fir zukünfteg Schutz geholl goufen.
22 May 2025
Fir e séchert Ëmfeld am Sport z’erhalen, schafft de Sportsminister un engem nationale Plang fir de „Safeguarding“, also dem Schutz vu Kanner a vulnerabele Persounen géint Gewalt a Mëssbrauch. Eis Deputéiert Mandy Minella mécht de Punkt iwwer den aktuellen Dossier a freet no der Ulafstell bei der ALAD, méigleche Statistiken, Formatiounen an Sensibiliséierungscampagnen.
21 May 2025
Fir der laanger Waardezäit bei der Analyse vu Biopsien entgéint ze wierken, huet den LNS, deen hei ee Monopol huet, eng Rei Mesüren en place gesat. D’DP-Deputéiert Mandy Minella an Dr Gérard Schockmel hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi een Impakt dës Mesüren op d’Waardezäiten haten an ob net awer eng gréisser Zesummenaarbecht mat Privatlaboen envisagéiert sollt gi fir d’Delaie weider ze...
02 April 2025
Beim COSL-Kongress huet de Sportsminister net nëmmen d’Maison des Sports op der Cloche d’Or ugekënnegt, mee och en Ausbau vun der Coque ugeschwat, wéinst der héijer Nofro vu Verbänn. Eis Deputéiert Carole Hartmann a Mandy Minella froen no konkreten Ausbaupläng, engem eventuelle Mix aus Sport a Kultur, an dem Zäitplang vum Projet.
12 February 2025
D’Gemengen hunn d’Aufgab Jodpëllen ze stockéieren an un hir Residenten ze verdeelen. D’DP-Deputéiert Mandy Minella huet bei de concernéierte Ministeren nogefrot, wéi de Stockage vu Jodpëllen aktuell ausgesäit, ob all Resident Jodpëlle proposéiert kritt an ob nees eng Sensibiliséierungscampagne lancéiert sollt ginn.
04 December 2024
Am Kader vum „Zuch vun der Demokratie“ hunn d’Schoulkanner Froen zu Spillgeräter fir Kanner mat ageschränkter Mobilitéit gestallt. Eis Deputéiert Mandy Minella freet no Zuelen iwwer inklusiv Ausrüstungen an de Schoulhäff, ënnerstëtzt de Schüler-Virschlag fir méi Accessibilitéit a wëll wëssen, ob et schonn Initiativen a Richtung inklusiv Spillplazen gëtt.
27 November 2024
Den nationale Kriibsregëster erlaabt d’Entwécklung vu Kriibserkrankungen besser nozevollzéien an d’Effikassitéit vun Traitementer z’evaluéieren. D’DP-Deputéiert Mandy Minella an Dr Gérard Schockmel hunn d’Fro un d’Gesondheetsministesch geriicht, ob net weider Regëster fir gréisser Krankheeten en place gesat sollte ginn, virop fir cardio-neuro-vaskulär-Erkrankungen, déi zu den Haaptdoudesursaachen hei...
17 October 2024
Rezent koum et an engem Lëtzebuerger Lycée zu enger Interventioun vun der Police. Eng verdächteg Persoun war am Ëmfeld vum Lycée gesi ginn, wouropshin en Amokalarm ausgeléist ginn ass. Wéi ginn d’Schoulen an d’Lycéeën an esou engem Fall vir? Wat sinn d’Reegelen an d’Moyene Sécherheets- a Schutzmesuren déi an esou engem Fall zum Asaz kommen? Wéi gëtt d’Léierpersonal op esou Fäll preparéiert? Eis Deputéiert...
21 June 2024
Schwanger Salariéen, kënne virum Congé de maternité eng bezuelten Aarbechtsdispens ufroen, wann si z.B. aus gesondheetleche Grënn net schaffe kënnen. Independanteën hunn dës Méiglechkeet net, wat sech negativ op de Recalcul vun hirer Indemnitéit fir de Mammecongé auswierke kann. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Mandy Minella wollte vun den zoustännege Ministere wëssen, ob eng remuneréiert Dispens...
05 June 2024
Einsamkeet gëtt zu engem ëmmer méi grousse gesellschaftleche Problem. Enger Etüd no wieren eleng an Däitschland Millioune Leit betraff. D’DP-Deputéiert André Bauler a Mandy Minella hu beim Familljeminister nogefrot wéi hien d’Problematik vun der Einsamkeet zu Lëtzebuerg gesäit a wéi eng Mesüren de Ministère hëlt fir do dergéint virzegoen.
26 April 2024
D’Gesondheetsproblemer bei de Kanner klammen an den Accès zu Pediatere gëtt ëmmer méi schwiereg. D’DP-Deputéiert Mandy Minella a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesüre virgesi sinn fir d’Situatioun ze verbesseren, ob eng national Strategie fir d’Gesondheet vun de Kanner envisagéiert gëtt an ob een nationale Coordinateur fir d’Kannergesondheet agesat sollt ginn.
01 March 2024
Beim “Safeguarding” am Sport geet et drëms fir Kanner a Jugendlecher ze schütze fir dass si sech wuel fillen a kengem physeschen, mentalen oder sexuelle Mëssbrauch, oder „grooming“ ausgesat sinn. Dem Koalitiounsprogramm no soll d‘ALAD (Agence Luxembourgeoise Antidopage) sech an Zukunft mat dem Thema befaassen an als National Agence fir d’Integritéit vum Sport agéieren. D’DP Deputéiert Mandy Minella...