Famill a Beruff nach besser ënnert een Hutt kréien

Léif Nolauschterinnen, léif Nolauschterer,

Méi Zäit fir Famill an Hobbyen an e gudden Equiliber tëscht Aarbecht a Privatliewe sinn haut ëmmer méi wichteg fir d’Leit..

An de leschten zwou Legislaturperioden huet d’DP ëmfaassend Reforme fir eng besser Balance vun Aarbechts- a Privatliewen duerchgesat: D‘Verlängerung vum Pappecongé vun 2 op 10 Deeg, d‘Eropsetze vum Mammecongé vun 8 op 12 Wochen an natierlech d‘Flexibiliséierung vum Congé parental. Net ze vergiessen d’Aféierung vun der gratis Kannerbetreiung an d‘Promotioun vum Teletravail, fir den Alldag an d’Aarbecht besser ënnert een Hutt ze kréien.

An dës Efforte wäerten och déi nächst Jore weidergefouert ginn. Wéi e bloe Fuedem zitt sech d’Thema vun der Work-Life-Balance nämlech duerch den neie Koalitiounsaccord. Konkret soll dobäi un dräi Schrauwe gedréit ginn: Congé Parental, Kannerbetreiung an Aarbechtszäit.

Am Dialog mat de Sozialpartner gëtt eng Erweiderung vum Congé parental vu bis zu 3 Méint ugestrieft. Och de Mammecongé soll weider flexibiliséiert ginn. Ausserdeem soll d’Recht op Baby-Jore vun 2 op 3 Joer erhéicht ginn an een temporäert Recht op Deelzäit fir Eltere mat Kanner ënner 13 Joer ausgehandelt ginn.

Bis 2030 wäerten d’Capacitéite vun de Maison-relaisen eropgesat ginn, fir all Kand eng Plaz an enger Betreiungsstruktur ze garantéieren.

Beim Teletravail geet d’Regierung elo nach e Schratt méi wäit a favoriséiert ee legale Kader fir de Modell vum Remote-Working – also der Méiglechkeet, fir vun enger anerer Plaz wéi doheem oder vum Büro aus ze schaffen.

An a punkto Digitaliséierung gëtt d’Recht op Deconnectioun gestäerkt, fir kloer festzeleeën, wéini eng Persoun muss erreechbar sinn a wéini net.

D’Aarbechtszäitopdeelung soll kënne fräi tëscht Salarié an Employeur negociéiert ginn. An deem Kader wäert d’Regierung mat de Sozialpartner iwwer d’Aféierung vun enger Joresaarbechtszäit diskutéieren an d‘Zäitspuerkonten am Privatsecteur fërderen.

Zäit mat eise Léifsten ze verbréngen ass immens wichteg. Dowéinst brauche mir eng zäitgeméiss Politik, déi op d’Besoine vun den Elteren ageet. Fir d’DP gëtt et an der Diskussioun ëm d’Work-Life-Balance also keen „entweder oder“. Mir wäerten eis dofir asetzen, dass jiddereen d’Méiglechkeet huet, säi Familljeliewen a seng Karriär ënnert een Hutt ze kréien.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eng Beheënnertekaart fir ganz Europa

An der Tribune Libre um Radio schwätzt d’Jana Degrott iwwer d’Aféierung vun enger europawäiter Behënnertekaart. Fir d’Europakandidatin an DP-Conseillère vu Steesel ass et héich Zäit, datt d’EU de Leit mat enger Behënnerung déi nämmlecht Rechter an all de 27 Memberstaaten accordéiert.

weiderliesen...

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...