D’DP ass méi wéi eng gewéinlech Partei. Mir sinn eng grouss Famill, déi mat dir nach e Stéck gewuess ass. Member an der DP ze sinn, d.h. sech kënnen anzebréngen, ze diskutéieren an aktiv d’Zukunft mat ze gestalten. Mir freeën eis schonn op dech a wëllen dech kenneléieren. Et ass eis wichteg, dass vill Leit sech politesch engagéieren, fir dass mir d’Zukunft vum Land zesumme plangen an organiséiere kënnen – am Sënn vun all de Bierger hei am Land. Dofir organiséiere mir reegelméisseg e virtuelle Meet & Greet, bei deem mir matenee schwätzen an eis besser kenne léieren. Als Member kriss du ëmmer e Mail, fir dech fir den nächste Meet & Greet unzemellen.
© 2022 Demokratesch Partei – Dateschutz