D’DP ass e klore Gewënner vun de Chamberwalen, mat engem Plus vun 2 Sëtz a prozentualem Zouwuess an alle Bezierker.





Source: elections.lu
D’DP ass e klore Gewënner vun de Chamberwalen, mat engem Plus vun 2 Sëtz a prozentualem Zouwuess an alle Bezierker.





Source: elections.lu

D’DP war wéi all Joer op Ouschterméindeg um Rendez-vous op der Stater Éimaischen, fir déi traditionell blo Eeër ze verdeelen.

Den Educatiounsminister Claude Meisch huet den Nationalen Aktiounsplang fir d’Inklusioun an der Grondschoul presentéiert. Dee soll méi effikass, méi séier a méi cibléiert funktionéieren, fir dass all Kand seng Plaz fënnt, an och d’Elteren an d’Enseignanten déi néideg Ënnerstëtzung kréien.

De 25. Mäerz hat d‘DP-Fraktioun een interessanten Echange mat der ALEBA. Et goung ëm d’Nohaltegkeet vun eisem Pensiounssystem, de wirtschaftleche Wuesstem an d’Attraktivitéit vun eisem Standuert.

Den Dënschdeg, 24. Mäerz 2026 war den DP-Bezierkskongress Zentrum. Viru gutt 120 Memberen am Bouneweger Kulturzentrum huet d’Stater Députée-maire Lydie Polfer d’Wichtegkeet vum stäerkste Bezierk vun der Partei ervirgehuewen.