Nationalen Inklusiounsplang: Den digitalen Zuch net verpassen

Op doheem oder ënnerwee, vill vun iech wäerten dëse Bäitrag um Handy, um Tablett oder um PC nolauschteren. D‘digital Kommunikatioun ass fir déi meescht vun eis, aus eisem Alldag net méi ewech ze denken. An dësen Trend zum Digitalen entwéckelt sech ëmmer weider.

Mir mussen also duerfir suergen, datt all d‘Bierger un der digitaler Kommunikatioun deelhuele kënnen, a kee vergiess gëtt. Genau dat ass d’Zil vum neien Nationalen Aktiounsplang zur digitaler Inclusioun, dee bis an d‘Joer 2030 geet. Mam Aktiounsplang soll erreecht ginn, datt jiddwereen agebonne gëtt, vun den digitale Méiglechkeete profitéiere kann, a sech sécher an autonom an der digitaler Welt beweegt.

Op moies fréi, an der Mëttesstonn, owes spéit, oder de Weekend, déi digital Kommunikatioun kennt keng Ëffnungszäiten an ass jidderzäit méiglech – esou wéi et engem am beschte passt.

Oft brauch een sech dann net méi ze deplacéieren, fir eng Verwaltung wärend de Büroszäiten op ze sichen.

Déi digital Vernetzung erméiglecht awer och de Kontakt mat de Banken, den online Geschäfter, der Santé, dem Aarbechtsmaart, der Weiderbildung. Déi digital Medie verbannen d’Mënschen, bidden Zougang zu Gruppen, oder och d’Méiglechkeet fir e Partner ze fannen. Déi digital Vernetzung ass besonnesch wichteg fir Leit, déi net oder manner mobil sinn, oder eng Behënnerung hunn.

Den Aktiounsplang suergt awer och dofir, datt et weiderhin analog Alternativen zum Digitale gëtt. Well och dat gehéiert zu der gesellschaftlecher Inclusioun, datt jiddereen – onofhängeg vu sengen digitale Kompetenzen – matgeholl gëtt, a weess, datt en dozou gehéiert. Eis Welt hëlt den digitalen Zuch, oder besser den digitalen TGV fir an d’Zukunft. Mam nationalen Aktiounsplang zur digitaler Inclusioun suergen d’Regierung an d’Majoritéit dofir, datt kee Mënsch zu Lëtzebuerg dësen TGV verpasse muss.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Geziilt Inklusioun an der Grondschoul

Den Educatiounsminister Claude Meisch huet den Nationalen Aktiounsplang fir d’Inklusioun an der Grondschoul presentéiert. Dee soll méi effikass, méi séier a méi cibléiert funktionéieren, fir dass all Kand seng Plaz fënnt, an och d’Elteren an d’Enseignanten déi néideg Ënnerstëtzung kréien.

weiderliesen...

Entrevue mat der ALEBA

De 25. Mäerz hat d‘DP-Fraktioun een interessanten Echange mat der ALEBA. Et goung ëm d’Nohaltegkeet vun eisem Pensiounssystem, de wirtschaftleche Wuesstem an d’Attraktivitéit vun eisem Standuert.

weiderliesen...