Nei Ëmgeeungsstrooss vu Clierf – Transversale de Clervaux

Eisen Deputéierten, den André Bauler, huet d'Mobilitéitsministesch gefrot en éischte Bilan vun der neier Ëmgeeungsstrooss vu Clierf ze zéien a ob dës Solutioun et erlaabt huet d'Uertschaft Clierf ze entlaaschten.

Fro

Am Juli 2024 ass déi nei Ëmgeeungsstrooss vu Clierf, déi sou genannt “Transversale de Clervaux” opgaangen. Dës wichteg Verkéiersverbindung soll zu enger Entlaaschtung vum Trafic duerch d’Abteistad féieren.

An deem Kader wollte mir der Madamm Ministesch fir d’Mobilitéit a fir d‘Travaux publics follgend Froe stellen:

  • Wéi vill Gefierer si virun der Ouverture vun der Transversale dagdeeglech duerch Clierf gefuer?
  • Ass et méiglech fir do jee no Kategorie vu Gefier z’ënnerscheeden?
  • Wéi vill Gefierer fueren elo Dag fir Dag iwwer déi nei Transversale? Gëtt et do scho Miessungen? Ass et also méiglech fir d’Entlaaschtung vun der Uertschaft Clierf ze quantifizéieren?

Äntwert

Äntwert vun der Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten op d’parlamentaresch Fro n° 2070 vum 11. Mäerz 2025 vum Här Deputéierten André Bauler.

Den honorabelen Deputéierte stellt Froen zur Transversale vu Clierf an dem domat verbonnene Verkéiersopkommes op dëser neier Achs.

Ier d’Transversale vu Clierf opgaangen ass, war d’Nationalstrooss N18 – déi Maarnech mam Flouernumm Antoniushaff verbënnt – eng wichteg Verkéiersachs tëscht dem Nordwesten an dem Nordoste vum Land. Dës Strooss huet deemno och ee signifikant Verkéiersopkommes opgewisen, dat och am Zentrum vu Clierf.

Unhand vun den Donnéeën, déi der Stroossebauverwaltung zur Verfügung stinn, kann ee feststellen, dass den Zentrum vu Clierf an d’Ëmgéigend duerch d’Ouverture vun der neier Verkéiersachs staark entlaascht goufen.

D’Transversale ass an zwou Etappen opgaangen. Virun der Aweiung gouf et fir d’éischt eng partiell Ouverture, bei där den Uschloss tëscht dem Rond-point Reiler an dem alen CR339 fir de Verkéier opgaangen ass.

Am Zentrum vu Clierf goufen, virun der partieller Ouverture am September 2022, am Duerchschnëtt 5 917 Gefierer (538 Notzgefierer a 5 379 Autoen) gezielt. Tëscht der partieller an der kompletter Ouverture am Juli 2024 ass dësen Verkéier op 3 888 Gefierer (429 Notzgefierer an 3 459 Autoen) zeréckgaangen. No der kompletter Ouverture goufen nach 3 252 Gefierer (338 Notzgefierer an 2 914 Autoen) gezielt.[1]

Zousätzlech gëtt de Verkéier säit dem 21. Januar 2025 beim Rond-point zu Maarnech gezielt. Tëscht dem 21. Januar 2025 an dem 28. Februar 2025 goufen duerchschnëttlech 5 143 Gefierer pro Dag op der Transversale gezielt, dovu 526 Notzgefierer a 4 617 Autoen.

Eng statistesch relevant Ausso kann awer eréischt fréistens no méi wéi engem Joer getraff ginn. Trotzdeem kann een awer elo scho feststellen, dass d’Transversale säit der Ouverture ee groussen Undeel vum Verkéier opgeholl huet.

Fir eng nach méi detailléiert Evaluatioun vun der Situatioun kënnen och d’Zielunge beim Antoniushaff an op der Maulesmille mat a d’Betruecht gezu ginn.

Am Tableau heidrënner sinn nach eemol all di pertinent Donnéeë resuméiert:

 Virun der OuvertureTëscht der partieller an der kompletter OuvertureNo der kompletter Ouverture
Zentrum vu Clierf5 917 (538 N an 5 379 A)3 888 (429 N an 3 459 A)3 252 (338 N an 2 914 A)
Antoniushaff4 034 (419 N an 3 615 A)4 485 (464 N an 4 021 A)4 577 (429 N an 4 148 A)
Maulesmillen2 099 (243 N an 1 856 A)1 987 (173 N an 1 814 A)2 248 (173 N an 2 075 A)
Transversale//5 143 (426 N an 4 617 A)

N= Notzgefierer  A= Autoen – D’Zuele bezéie sech op de Verkéier an déi zwou Richtungen a just op d’Schaffdeeg.

Ofschléissend kann ee soen, dass déi generell Evolutioun vum Trafic iwwerall zougeholl huet, mee op den uewe genannte Plazen huet den Trafic am Verglach net zougeholl respektiv ass e méi oder manner konstant bliwwen.

Bis op den neie Compteur op der Transversale sinn déi Zuelen ëffentlech zougänglech a kënne vu jiddwerengem zu all Moment um “Portail des Travaux publics” agesi ginn

(https://travaux.public.lu/fr/infos-trafic/comptage.html).


[1] D’Zuele bezéien sech op de Verkéier an déi zwou Richtungen a just op d’Schaffdeeg.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi ass d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ?

Gesond an equilibréiert Iessen dréit noweislech zu engem besseren Heelungsprozess bäi a reduzéiert de Risiko vu Komplikatiounen. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann hunn an deem Kontext bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot wéi gutt d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ass, ob virun allem regional Produite verschafft ginn an ob virop bei méi vulnerabele Patienten opgepasst gëtt, datt si genuch iessen.

weiderliesen...

Méi Rechtssécherheet um Aarbechtsgeriicht ?

Wann ee Personalvertrieder, opgrond vu schwéierem Feelverhale suspendéiert gouf, kann een Employeur ufroen den Aarbechtskontrakt geriichtlech opléisen ze loossen, z.B. iwwert eng Demande reconventionnelle. Den DP-Deputéierte Corinne Cahen a Carole Hartmann gouf awer zougedroen, datt de President vum Aarbechtsgeriicht sech ëmmer nees weigere géifen dës Demanden unzehuelen. Dëst féiert zu Problemer bei der Ausübung vum Aarbechtsgesetz an zu rechtlechen a finanzielle Schwieregkeete fir den Employeur. D’DP-Deputéiert wollten dowéinst vum Aarbechtsminister wëssen, wéi hien den zoustännegen Artikel am Aarbechtsrecht interpretéiert, ob d’Weigerung vum President vum Aarbechtsgeriicht demandes reconventionnelles unzehuelen gesetzeskonform ass an ob eventuell fir méi Rechtssécherheet gesuergt misst ginn.

weiderliesen...

Sinn eis Spideeler op Cyberattacke preparéiert ?

Cyberattacken op Spideeler sinn an Europa keng Seelenheet. Aus dësem Grond huet d’EU een Aktiounsplang lancéiert fir d’Cybersécherheet am Gesondheetssecteur ze verbesseren. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet d’Gesondheetsministesch dozou befrot, wéi oft d’Spideeler hei am Land vu Cyberattacke viséiert waren, wéi gutt d’Spideeler a Simulatiounsübunge reagéiert hunn a wéi eng Recommandatiounen ausgeschafft goufen.

weiderliesen...

Wéi steet et ëm d’Zänngesondheet zu Lëtzebuerg ?

Aus enger däitscher Etüd geet ervir, datt Kariesproblemer an de leschte Joerzéngte staark zeréckgaange sinn. Parodontos wier do dergéint nach ëmmer eng Vollekskrankheet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi d’Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit, ob d’Preventiounspolitik misst ugepasst ginn a wéi d’Zuel un Zänndokteren sech hei am Land entwéckelt huet.

weiderliesen...