• Kategorien

  • Politiker

  • Politesch Themen

Eng Vereinfachung vun der Agreatioun vun importéierte Gefierer?
Der DP-Deputéiert Barbara Agostino ass zu Ouere komm, dass et a ville Fäll zu Schwieregkeete kënnt, wann een en importéiert Gefier zu Lëtzebuerg wëll umellen. Dowéinst wollt si wëssen, op wéi eng Manéier d'Prozedur vereinfacht kéint ginn.
weiderliesen...
Wéi soll d'Verkéierssécherheet vun der Vëlospist PC1 op der Kockelscheier verbessert ginn?
D'DP-Deputéiert Corinne Cahen huet bei der Ministesch fir Mobilitéit Yuriko Backes nogefrot, wéi d'Verkéierssécherheet fir Vëlosfuerer um PC1 op der Kockelscheier verbessert ka ginn a wéi et mam Astandsetze vun den nationale Vëlospisten am Land ausgesäit.
weiderliesen...
Eng Passerell fir d'Gare Cents-Hamm besser mat Hamm ze verbannen?
Duerch eng Bréck fir Foussgänger a Vëlosfuerer tëscht der Gare Cents-Hamm an Hamm kéint den ëffentlechen Transport fir vill Leit déi zu Hamm schaffen oder do an d'Schoul ginn, méi intressant respektiv den Trajet däitlech méi sécher gemaach ginn. D'DP-Deputéiert Corinne Cahen huet dowéinst bei der Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten Yuriko Backes nogefrot, ob de Bau vun esou enger Passerell...
weiderliesen...
Mobilitéit
Mobilitéit : d’Infrastrukturen den Besoinen upassen Fir d’DP sollen d’Biergerinnen an d’Bierger bequeem, zouverlässeg a séier vun A op B kommen, egal ob mam ëffentlechen Transport, mam Vëlo, mam Auto oder mat enger Kombinatioun aus verschiddene Verkéiersmëttel. Dofir muss eng attraktiv Offer vum Bus a vun der Bunn garantéiert sinn, déi genee esou gutt ass ewéi den individuellen Transport. Zu Lëtzebuerg...
weiderliesen...
Wéini gëtt d'Rue Clairefontaine zu Dikrech erneiert?
D'Aarbechten un der Rue Clairefontaine zu Dikrech hätte viraussiichtlech 2021 ufänke sollen. Well dat awer net geschitt ass, huet den DP-Deputéierten André Bauler beim zoustännege Minister nogefrot wou d'Prozedur de Moment drun ass a wéini d'Aarbechten un der Strooss ufänke kéinten.
weiderliesen...
Sollt de Stroossebelag vun der Bréck op der B7 net erneiert ginn?
Nodeems d'B7 tëschent Schieren an Angelduerf ausgebessert gouf, wollt den DP-Deputéierten André Bauler vum zoustännege Minister wëssen, ob net virgesinn ass och de Stroossebelag vun der Bréck vun der B7 z'erneieren?
weiderliesen...
Wou ass de Projet vun enger direkter Verbindung tëscht dem Härebierg an dem Fridhaff drun?
Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot, wou de Projet vun enger direkter Stroosseverbindung tëscht dem Härebierg an dem Fridhaff dru wier.
weiderliesen...
Wéi ginn d'Aarbechten un der Transversale de Clervaux virun?
Den DP-Deputéierten André Bauler wollt vum Minister fir ëffentlech Aarbechte wëssen, wéi d'Aarbechten un der Transversale de Clervaux viruginn.
weiderliesen...
Wéini sollen d'Aarbechten un der N7 ufänken?
D'Chamber huet virun engem Joer dofir gestëmmt, d'N7 tëscht dem Fridhaff a Wäiswampech ze reamenagéieren. Den DP-Deputéierten André Bauler wollt wëssen, wéini d'Aarbechte sollen ufänken.
weiderliesen...
Firwat ass et net méiglech, seng Autosplack einfach sou ze änneren?
D'DP-Deputéiert Gilles Baum a Barbara Agostino wollte vum Mobilitéitsminister wëssen, firwat ee seng Autosplack net einfach sou op Wonsch ännere kann.
weiderliesen...
Ass eng Erneierung vun der Strooss CR 306 virgesinn?
Tëscht Groussbus a Gréiwels gouf d'Strooss fir op Baaschtnech provisoresch gefléckt. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot, ob eng Erneierung vun dësem Streckenofschnëtt virgesinn ass, a wann deem sou wier, wat de Käschtepunkt vun den Aarbechte wier.
weiderliesen...
Streckeradaren an den Tunnellen vun der A7
An den Tunnellen vun der A7 sinn zanter e puer Méint Streckeradaren operationell. Den DP-Deputéierten André Bauler wollt vum zoustännege Minister ënnert anerem wëssen, wéi vill Gefierer bis elo geblëtzt goufen a wéi eng Maximalgeschwindegkeet gemooss gouf.
weiderliesen...
Dierf eng Coproprietéit Elektroautoen am Parking vun enger Residenzen verbidden?
Dem DP-Deputéierte Gusty Graas ass zu Ouere komm, dass eng Assemblée générale vun enger Koproprietéit e Verbuet fir Elektroautoen am Parking vun der Residence decidéiert huet, dat well anscheinend eng erhéichte Brandgefor vun esou Gefierer géif ausgoen. Well dëst awer net beluecht ass an esou e Verbuet engem Iwwergang op eng nohalteg Mobilitéit am Wee steet, huet de Gusty Graas dowéinst nogefrot, ob...
weiderliesen...
Wéi steet et ëm d'Buslinn K45?
Den Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot, wéi et ëm d’Buslinn K45 steet. Wat ka gemaach ginn, dass de Bus zur Zäit ass? Kënnen d’Schüler aus dem Nordstad-Lycée och vun dëser Linn profitéieren?
weiderliesen...
Ass virgesinn d'Buslinn K45 vum Schülertransport ofzeschafen?
Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, dass d'Buslinn K45 vum Schülertransport ofgeschaf soll ginn, quitt dass dës gutt ausgelascht wier. Aus deem Grond wollt hie vum Mobilitéitsminister wëssen, ob dat tatsächlech de Fall ass.
weiderliesen...
Wäerten d'Führerschäinsexamen am Éislek nach just an der Nordstad ofgehale ginn?
Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, dass de Führerschäinsexamen am Nordbezierk nach just an der Nordstad ofgehale soll ginn. Dowéinst wollt hie vum zoustännege Minister wëssen, ob dëst tatsächlech sou virgesinn ass.
weiderliesen...
Wou sinn d'Aarbechten un der Vëlospist PC35 drun?
D'DP-Deputéiert Max Hahn a Frank Colabianchi wollte vum zoustännege Minister wëssen, wou d'Aarbechten un der nationaler Vëlospist PC35 dru sinn.
weiderliesen...
Soll d'Ënnerféierung vum PN7 wéi geplangt ëmgesat ginn?
No méi wéi 10 Joer, wou d'Gleiser um Niveau vum PN7 tëscht Leideleng a Märel zou sinn, sollen d'Aarbechte fir eng Ënnerféierung deemnächst ufänken. Well dës awer fir den Autosverkéier gespaart soll sinn, wollten d'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn wëssen, ob déi Ausgaben nach gerechtfäerdegt wieren.
weiderliesen...
Firwat ass den Helleg-Geescht-Parking nach ëmmer net fir de Public op?
Den DP-Deputéierte Carole Hartmann a Claude Lamberty ass zu Ouere komm, dass nach ëmmer keng Ausschreiwung fir en Exploitant vum Helleg-Geescht-Parking ze fanne gemaach ginn ass. Dowéinst hu si beim zoustännege Minister nogefrot, ob dat sou ass a wat d'Grënn heifir sinn.
weiderliesen...
Wéi eng Sécherheetesmesurë goufen déi lescht Joer op der Nordstreck geholl?
Nodeems sech Fielsen iwwer dem Tunnel vu Bierden lassgeléist hunn, huet den DP-Deputéierten André Bauler nogefrot, wéi eng Stabiliséierungsmoossnamen déi lescht Joer duerchgefouert gi sinn.
weiderliesen...
Nach ëmmer Problemer mam Mobibus?
Den DP-Deputéierte Max Hahn a Claude Lamberty ass zu Ouere komm, dass et nach ëmmer Problemer mam Mobibus gëtt, dat nodeems si schonns am September dem zoustännege Minister eng Fro zum Thema gestallt haten.
weiderliesen...
Firwat gouf den CR359 deelweis gespaart fir Bussen do parken ze loossen?
Viru kuerzem ass e Stéck vum CR359 tëscht Ierpeldeng-Sauer an Ettelbréck op enger Säit gespaart ginn, fir dës Streck als Busparking ze notzen. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot, wat d'Grënn heifir sinn a wéi laang dëst soll daueren.
weiderliesen...
Firwat gëtt et nach ëmmer keng Verbesserung bei de Korrespondenzen tëscht Bus an Zuch am Norden?
Well et zënter längerer Zäit Problemer mat de Korrespondenzen tëscht dem Zuch aus der Stad an dem Bus 134 op Eschduerf gëtt, a sech d'Situatioun nach ëmmer net gebessert huet, huet den DP-Deputéierten André Bauler nogefrot, wat de Minister gedenkt an deem Dossier z'ënnerhuelen.
weiderliesen...
Verspéidungen am Schülertransport wéinst Chantier um CR334: Wat ass virgesinn, fir d'Situatioun ze verbesseren?
Well de CR334 tëscht Clief a Boxer momentan wéinst engem Chantier gespaart ass, mussen d'Schoulbusser fir an de Clierfer Lycée en Ëmwee fueren, mam Resultat, dass vill Schüler all Dag ze spéit kommen. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot, wat virgesinn ass fir d'Situatioun ze verbesseren.
weiderliesen...
Iwwerfëllte Busser op der Linn 136
Well d'Busser op der Linn 136 moies komplett iwwerfëllt sinn, huet den DP-Deputéierten André Bauler nogefrot, ob net méi grouss Busser agesat kéinte ginn.
weiderliesen...
Fir eng Zukunft, an där mir eis all erëmfannen
An der Tribune Libre um Radio huet eis Secrétaire-adjointe Anne Daems dës Woch iwwert déi grouss Prinzippie geschwat, mat där d’DP an déi nächste Gemengwale vum 11. Juni geet.
weiderliesen...
Verbesserung vun der Verkéierssécherheet op der N12 tëscht Groussbus an Hierheck?
Well et op der N12 tëscht Groussbus an Hierheck reegelméisseg zu Accidenter kënnt, huet den DP-Deputéierten André Bauler gefrot, wat virgesinn ass, fir d'Verkéierssécherheet ze verbesseren.
weiderliesen...
Ass e Busarrêt fir d'Linn 170 an der Aktivitéitszon ZANO um Fridhaff virgesinn?
Den DP-Deputéierten André Bauler wollt wëssen, ob geplangt ass en Arrêt fir d'Buslinn 170 an der Aktivitéitszon ZANO um Fridhaff anzeriichten.
weiderliesen...
Wéini wäerten d'Aarbechte fir d'N27A frësch ze maachen ofgeschloss kënne ginn?
Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot, wéini d'Aarbechte fir d'N27A frësch ze maachen, ofgeschloss wäerte kënne ginn.
weiderliesen...
Wéi ginn d'Aarbechten um Tunnel Schieburg virun?
Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot wou d'Aarbechten um Tunnel Schieburg dru wieren an op de viséierten Zäitplang agehale wäerte kënne ginn.
weiderliesen...
Wat ass geplangt fir déi geféierlech Kräizung zu Räichel z'entschäerfen?
Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot, ob et Pläng gi fir déi geféierlech Kräizung zu Räichel z'entschäerfen.
weiderliesen...
Wat gëtt géint d'Kaméidibelästegung duerch de Findel ënnerholl?
Zënter dass an der Pandemie d'Startprozedur fir Fligeren, déi a Richtung Süde fléien, geännert gouf, sinn d'Uertschaften ëstlech vum Findel enger méi staarker Kaméidisbelästegung ausgesat. D'DP-Deputéiert Claude Lamberty a Max Hahn hunn nogefrot, wat dogéint ënnerholl gëtt.
weiderliesen...
Wéini ginn d'Tunnelradaren op der A7 schaarf gestallt?
Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot, wéini d'Tunnelradaren op der A7 schaarf gestallt géife ginn a wéi vill Chauffere wärend der Testphas bis elo geblëtzt goufen.
weiderliesen...
Wéi geet et mat den Aarbechten un der Bréck bei der Giewelsmille virun?
Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot, wéi et mat den Aarbechten un der Bréck bei der Giewelsmille virugeet a wéini se fäerdeg solle sinn.
weiderliesen...
Wéi ass geplangt d'Verkéierssécherheet op der N7 zu Maarnech ze verbesseren?
Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot wat geplangt ass fir d'Verkéierssécherheet op der N7 zu Maarnech ze verbesseren.
weiderliesen...
Wat geschitt mam Hangar am Ausgang vun Iechternach?
Am Ausgang vun Iechternach läit een Hangar vun der Administration des Ponts et Chaussées, deen am Ablack awer net am Gebrauch ze si schéngt. Potentiell kéint dës Fläch och fir aner Projete wéi beispillsweis Wunnraum genotzt ginn. Eis Deputéiert Carole Hartmann huet nogefrot, wat d’Pläng fir dës Plaz an Zukunft sinn.
weiderliesen...
Iwwerfëllte Busser op der Linn 146: Wat gëtt gemaach fir d'Situatioun ze verbesseren?
Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, dass rezent d'Busser op der Linn 146 moies därmoossen iwwerfëllt waren, dass Schüler hu misse stoe gelooss ginn. Aus deem Grond huet hien nogefrot, wat virgesinn ass fir d'Situatioun ze verbesseren.
weiderliesen...
Si weider Accèse fir d’Cité Manertchen geplangt?
D’Wunngebitt ‚Cité Manertchen‘ soll iwwer e Projet vum Fonds du logement considerabel ausgebaut ginn. Den Ament besteet en Accès den iwwer d’Nationalstrooss CR 139 féiert. E Fousswee gëtt et net, net fir an d’Industrie-Zone, a net fir an d’Cité Manertchen. Och Vëlosweeër sinn ugeduecht. Eis Deputéiert Carole Hartmann huet sech beim Ministère no weideren Detailer renseignéiert.
weiderliesen...
Wat ass virgesinn, fir d'Busverbindungen tëscht der Nordstad an Holztem a Konstem ze verbesseren?
Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot, wat virgesinn ass fir d'Busverbindungen tëscht der Nordstad an Holztem a Konstem ze verbesseren.
weiderliesen...
Froen zum neie P&R zu Steeën
No der rezenter Annonce, dass zu Steeën en neie P&R soll gebaut ginn, huet den DP-Deputéierten André Bauler weider Detailer zu dësem Projet gefrot.
weiderliesen...
Ass virgesinn, d'Haaptstrooss zu Boxer frëschzemaachen?
Well d'Haaptstrooss zu Boxer an engem schlechten Zoustand ass, huet den DP-Deputéierten André Bauler nogefrot, ob net geplangt wier dës frëschzemaachen.
weiderliesen...
Vitessreduktioun op der Contournementsbréck vun der B7
Wat ass déi genee Ursaach vun der Vitessreduktioun op der Contournementsbréck vun der B7 ? Dës an nach aner Froen huet den DP Deputéierten André Bauler un de Mobilitéitsminister gestallt.
weiderliesen...
Wat kaschten d’Radaren op der N7?
Op der N7 tëscht der Lëpschterdellt an der Closdellt stinn de Moment op kuerzer Distanz zwee Radaren, ee fixen an ee mobillen. Wéi vill Automobiliste goufen ewell do geblëtzt a wat hunn d‘Reparaturen um fixe Radar kascht. Eisen Deputéierten André Bauler huet sech ëmfrot.
weiderliesen...
Wéi verlafen d’Aarbechten un der Entlaaschtungsstrooss zu Iechternach?
D’Aarbechten un der Entlaaschtungsstrooss zu Iechternach sollten am Oktober 2022 ufänken. Eis Deputéiert Carole Hartmann huet sech ëmfrot, ob dës Aarbechte wéi geplangt verlafen, a wat den Impakt op de Stroosseverkéier an der Regioun wäert sinn.
weiderliesen...
Wéini gëtt d’Vëlospist tëschent Miedernach a Reisduerf fäerdeggestallt?
« Depuis des années la réalisation de la piste cyclable entre Medernach et Reisdorf semble traîner. Cette piste relierait, entre autres, les localités de Larochette et de Diekirch. Dans ce contexte j’aimerais poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre de la Mobilité et des Travaux publics : Monsieur le Ministre peut-il informer sur la mise en œuvre de ce projet ? Où en est sa planification...
weiderliesen...
Wéini gëtt d'Eller Bréck renovéiert?
Opgrond vum schlechten Zoustand vun der Bréck zu Ell ass zënter laangem geplangt, dës Bréck ze renovéieren respektiv komplett ze erneieren. Wëll deen Dossier awer net richteg virunzegoe schéngt, huet den DP-Deputéierten André Bauler nogefrot, wou d'Aarbechten dru sinn.
weiderliesen...
Problemer beim Mobibus
Vu dass et anscheinend Problemer beim Mobibus, dem Transport vu Persoune mat enger Behënnerung, gëtt, huet den DP-Deputéierte Max Hahn nogefrot, wéi de Minister d'Situatioun verbessere wëll.
weiderliesen...
Firwat sinn an der Lescht méi dacks Zich op der Nordstreck ausgefall?
Well an der Lescht méi dacks Zich op der Nordstreck ausgefall sinn, besonnesch wärend de Stousszäiten, huet den DP-Deputéierten André Bauler nogefrot, wat d'Grënn heifir sinn.

Well an der Lescht méi dacks Zich op der Nordstreck ausgefall sinn, huet den DP-Deputéierten André Bauler nogefrot, wat d'Grënn heifir sinn.
weiderliesen...
Firwat fuere verschidden Zich net méi op der Nordstreck?
Entgéint dem offiziellen Horaire fiert tëscht Kautebaach an der Stad am Moment just all Stonn en Zuch, amplaz all hallef Stonn. Well dëst fir d'Leit aus der Géigend Schwieregkeete mat sech bréngt fir an d'Schoul op der d'Schaff ze kommen, huet den DP-Deputéierten André Bauler nogefrot, wat de Gronn heifir ass a wat virgesinn ass fir d'Situatioun ze verbesseren.
weiderliesen...
Wéini gëtt déi al N7 tëscht dem Këppenhaff an dem Fridhaff frësch gemaach?
Well déi al N7 tëscht dem Këppenhaff an dem Fridhaff an engem schlechten Zoustand ass, huet den DP-Deputéierten André Bauler nogefrot, wéini dëse Streckenofschnëtt frësch gemaach gëtt.
weiderliesen...
Wat ass virgesinn, fir de Schülertransport tëscht Buerschent an Dikrech ze verbesseren?
Mat der Reform vum Busreseau am ländleche Raum hunn d'Schüler vu Buerschent Schwieregkeete mat Zäiten op Dikrech an d'Lycéeën ze kommen. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot, wéi d'Situatioun verbessert soll ginn.
weiderliesen...
Zouenen Zuchtunnel op der Nordstreck: Wat gëtt ënnerholl fir d'Auswierkungen op d'Passagéier ze minimiséieren?
Nodeems den Tunnel Kautebaach zesummegefall ass, sinn d'Passagéier déi op den Zuch ugewise sinn fir op d'Aarbecht ze fueren, mat gewësse Schieregkeete konfrontéiert. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot, wat geplangt ass fir d'Auswierkunge vun dësem Virfall op d'Mobilitéit am Norde sou kleng wéi méiglech ze halen.
weiderliesen...
Wéini gëtt d'N25 tëscht Kautebaach a Wooltz frëschgemaach?
Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot, wéini d'N25 tëscht Kautebaach a Wooltz, déi an engem schlechten Zoustand ass, frëschgemaach soll ginn.
weiderliesen...
Wéi vill ginn d’Noutfall Bornen op den Autobunne genotzt?
D’Noutfall Telefonen erlaben engem am Fall vun engem Accident op der Autobunn mat de néidege Servicer a Kontrakt ze trieden an Hëllef unzefroen. Haut des Daags gräifen awer ëmmer méi Leit op hiren eegenen Handy zeréck. Wéi vill ginn dës Bornen nach genotzt, a wat kascht hiren Ënnerhalt. Eis Deputéiert Claude Lamberty a Max Hahn hu beim zoustännege Ministère nogefrot.
weiderliesen...
Gemeng Rammerech: Froen no der Restrukturéierung vum RGTR
Firwat hu verschidden Uertschaften vun der Gemeng Rammerech nom neie Fuerplang vum 17. Juli 2022 keng direkt Ubannung méi u Rammerech fir do d‘Korrespondenz op Woltz, Ettelbréck an an d’Stad ze garantéieren? A firwat fiert d‘Ligne 141 net méi duerch Holtz a Pärel. Eisen Deputéierten André Bauler huet sech zu deem Sujet beim Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten renseignéiert.
weiderliesen...
Transportproblemer um Rhäin
Bis wéini riskéiere keng Schëffer méi op der Musel fueren ze kënnen a riskéieren mir mat den Transportproblemer um Rhäin Enkpäss oder souguer e Stop bei der Liwwerung vu Petrolsprodukter oder anere Wueren ze kréien ? Dës an nach weider Froen goufen vun eisem Deputéierten André Bauler un den Här Wirtschaftsminister an d‘Madamm Minister fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung gestallt.
weiderliesen...
Wéi huet sech de Secteur vun de Busfirmen zu Lëtzebuerg an de leschte Joer entwéckelt?
An de leschte Joren ass et zu enger Rei Fusiounen am Secteur vun de Busfirmen zu Lëtzebuerg komm, soudass et haut e puer grouss Betriber gëtt, déi de Secteur dominéieren. Aus deem Grond wollt den DP-Deputéierten André Bauler wëssen, wéi sech de Secteur an de leschte Joren entwéckelt huet.
weiderliesen...
Wéi geet et mat verschiddene Chantieren am Mëllerdall virun?
Zënter Méint ginn et am Mëllerdall zwee Chantieren, déi net schénge virunzegoen. D'DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hunn nogefrot, wou dës Chantieren dru sinn a wéini se solle fäerdeg ginn.
weiderliesen...
Problemer mat de Korrespondenzen tëscht Bus an Zuch am Eislek
Well dem DP-Deputéierten André Bauler zu Ouere koum, dass et Problemer mat de Korrespondenzen tëscht verschiddene Busser an Zich am Norde gëtt, huet hie beim zoustännege Minister nogefrot, wéi d'Situatioun verbessert soll ginn.
weiderliesen...
Wéini gëtt d'N10 tëscht Reisduerf an Héischdref frësch gemaach?
Zënter Joren ass d'N10 tëscht Reisduerf an Héischdref an engem schlechten Zoustand. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot, wéini d'Strooss frëschgemaach gëtt.
weiderliesen...
Wat ass den Impakt vun der Hëtzt op Transportinfrastrukturen?
Wéinst der Hëtzt dëse Summer konnten ënner anerem an England op verschiddene Strecken zäitweileg keng Zich méi fueren, well d’Gleisen sech verformt haten. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty hunn nogefrot, ob dat och schonn zu Lëtzebuerg de Fall war a wat ënnerholl gëtt fir dëst z'evitéieren.
weiderliesen...
Wat ass geplangt, fir d'Verkéierssécherheet op der Léier ze verbesseren?
Op der Léier tëscht der Hierheck a Groussbus kënnt et ëmmer nees zu geféierleche Situatiounen. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot, wat geplangt ass fir d'Verkéierssécherheet op där Plaz ze verbesseren.
weiderliesen...
Wéini gëtt den CR319 tëscht Woltz a Wanseler gefléckt?
Virun engem Joer hat staarke Reen dozou gefouert, dass um CR319 tëscht Woltz a Wanseler eng Säit vun der Strooss gerutscht ass. Well sech zënterhir näischt gedo huet, huet den DP-Deputéierten André Bauler nogefrot, wéi et ëm deen Dossier steet a wéini d'Aarbechte ufänke sollen.
weiderliesen...
Wéi soll déi annoncéiert Taxi-Plattform vum Ministère ausgesinn?
De Mobilitéitsminister huet viru kuerzem d’Schafe vun enger Plattform annoncéiert, déi änlech wéi Uber soll fonctionéieren. Den DP-deputéierte Max Hahn huet nogefrot, wéi dës Plattform soll ausgesinn a wéini se operationell soll sinn.
weiderliesen...
En neie Belag op der N15 am Heischentergronn?
Well de Stroossebelag vun der N15 am Heischentergronn an engem schlechten Zoustand ass, huet den DP-Deputéierten André Bauler nogefrot, ob net virgesi wier dësen ze erneieren.
weiderliesen...
Wat gëtt géint d'Kaméidisbelästegung duerch Motorrieder ënnerholl?
D'Belästegung duerch de Kaméidi vu friséierte Motorrieder ass ëmmer nees en Thema, besonnesch wärend der gudder Joreszäit. Den DP-Deputéierten André Bauler wollt wëssen, wat d'Police dogéint ënnerhëlt.
weiderliesen...
Wéini sinn d'Usträichaarbechten un der Rouder Bréck fäerdeg?
D'Usträichaarbechten un der Rouder Bréck sollten u sech d'lescht Joer am Fréijoer fäerdeg sinn, dat nodeems se schonn eng Kéier ënnerbrach gi waren, well d'Firma faillite gemaach hat. D'DP-Deputéierte Max Hahn a Claude Lamberty hunn dowéinst nogefrot, wou d'Aarbechten dru sinn a wéini se solle fäerdeg ginn.
weiderliesen...
Wéini sollen d'Streckeradaren an den Tunnelen op der A7 installéiert ginn?
Nodeems de Mobilitéitsminister op enger Pressekonferenz annoncéiert hat, dass op der A7 an allen Tunnele Streckeradare sollen installéiert ginn, wollt den DP-Deputéierte Max Hahn wëssen, fir wéini dëst soll geschéien a wat de Käschtepunkt dovu wäert sinn.
weiderliesen...
Wéi huet sech den Télétravail an de leschten zwee Joer op den Trafic ausgewierkt?
Lisst sech en Impakt vum Télétravail op den Trafic op Basis vun Zielunge feststellen? Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot.
weiderliesen...
Handysradaren och zu Lëtzebuerg?
Zu Tréier an zu Mainz huet d'Police e Pilotprojet vun engem mobillen Handysradar lancéiert. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hunn nogefrot, ob dëse Radar net och zu Lëtzebuerg agesat kéint ginn.
weiderliesen...
Asaz vun Assistenten fir deelweis automatiséiert Fueren op eise Stroossen?
An Däitschland krut rezent e Autosconstructeur d'Erlabnis, säi System vum automatiséierte Fueren am Stroosseverkéier ënner spezifesche Bedéngungen anzesetzen. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet nogefrot, ob dëse System och zu Lëtzebuerg erlaabt wier, a wéi d'Regierung mat dësen technologeschen Entwécklungen ëmgoe wëll.
weiderliesen...
Wéi hunn d'Passagéierzuelen am ëffentlechen Transport wärend dem leschte Joer evoluéiert?
Wéi eng Auswierkung huet déi aktuell Präisdeierecht op d'Passagéierzuel beim ëffentlechen Transport? D'DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn hu beim zoustännege Minister nogefrot.
weiderliesen...
Wéi eng Mesurë fir d'Iwwerlaaschtung vum Tram zu de Spëtzenzäiten ze reduzéieren?
Dem DP-Deputéierte Max Hahn ass zu Ouere komm, dass den Tram zu de Stousszäite komplett iwwerfëllt wier. An deem Kader wollt hie wëssen, wat geplangt ass, fir d'Situatioun ze verbesseren.
weiderliesen...
Wéi geet et mat der Vëlospist PC22 tëscht Dikrech a Veiane virun?
Den Ausbau vun der Vëlospist PC22 schéngt virun allem wéinst Terrainen, déi feelen, net virun ze goen. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dowéinst nogefrot, wou deen Dossier drun ass.
weiderliesen...
Schlechten Zoustand vum CR346 tëscht Schieren a Schrondweiler
Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, dass den CR346 tëscht Schieren a Schrondweiler an engem schlechten Zoustand wier. Aus deem Grond huet hien beim zoustännege Minister nogefrot, ob net virgesi wier, dës Strooss frëschzemaachen.
weiderliesen...
Wéi geet et mam P&R zu Waasserbëlleg bei der Gare virun?
Et ass den DP-Deputéierte Carole Hartmann a Max Hahn zu Ouere komm, dass de Projet vum neie P&R zu Waasserbëlleg bei der Gare vun den CFL wéinst der Präisexplosioun ë.a. vum Material virleefeg gestoppt gi wier, an nei geplangt soll ginn. Aus deem Grond hu si beim zoustännege Minister weider Detailler gefrot.
weiderliesen...
Wou sinn d'Projeten vun zwou bidirektionale Busspueren drun?
De Mobilitéitsministère hat ugekënnegt, op zwou Plazen am Land eng bidirektional Busspuer ze schafen, op där de Bus moies an déi eng an owes an déi aner Richtung fuere kann. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet nogefrot, wou déi zwee Projeten drun sinn.
weiderliesen...
Ass virgesinn, de Feldwee tëscht Waarken a Bierden als Parksträifen ze amenagéieren?
Den ale Wee, nieft dem CR348 tëscht Waarken a Bierden ass an engem schlechten Zoustand, kéint awer nach als Parksträife fir Leit déi do spadséiere ginn, genotzt ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot.
weiderliesen...
Erneierung vun der N15 zu Nidderfeelen
D‘N15 duerch Nidderfeelen soll 2022 deelweis erneiert ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dem zoustännege Minister e puer Froen zu dësem Chantier gestallt.
weiderliesen...
Firwat fiert keen Zuch méi vu Beetebuerg op Chengdu?
Ausser engem éischten Testzuch wier anscheinend keen aneren Zuch méi tëscht Beetebuerg an der chinesescher Stad Chengdu gefuer. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet nogefrot, firwat dat sou ass, a wat d'Regierung wëlles huet, z'ënnerhuelen.
weiderliesen...
Problemer mat verschiddenen RGTR-Buslinnen am Norden
Duerch d'Ofschafe respektiv d'Ëmorganisatioun vu verschiddene Buslinnen am Norden schéngt et zu Schwieregkeeten am Schülertransport komm ze sinn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot, wat de Minister ënnerhuele wëll.
weiderliesen...
Firwat si verschidde Buslinnen am Norden, op déi och Schüler ugewise sinn, ofgeschaf ginn?
Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, dass zënter dem Dezember 2021 eng Partie Buslinnen am Norden net méi fueren, wouvun och vill Schüler betraff wieren. Dowéinst huet hien nogefrot, wat de Grond dofir ass a wat de Minister ënnerhuele wëll, fir d'Situatioun ze verbesseren.
weiderliesen...
Wéi ginn d'Aarbechten um Contournement vun House virun?
Nodeems d'Finanzéierungsgesetz fir de Contournement Housen de leschte Summer an der Chamber gestëmmt gouf, huet den DP-Deputéierten André Bauler nogefrot, wou d'Aarbechten dru sinn.
weiderliesen...
Reamenagement vum Parking um Schinker?
Vu dass de Parking um Schinker aktuell an engem schlechten Zoustand ass, huet den DP-Deputéierten André Bauler nogefrot, wat virgesinn ass fir déi Plaz ze reamenagéieren.
weiderliesen...
Net autoriséiert Ewechmaache vun Hecke laanscht eng Autobunn
Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet nogefrot, wéi et ka sinn, dass de Staat Hecken op engem Terrain, deen enger Gemeng gehéiert, ouni ze froen einfach ewechmécht.
weiderliesen...
Huet de Verbuet vun Ecocombien en Impakt op d'Kompetitivitéit vum Lëtzebuerger Standuert?
Ecocombien oder Gigaliner, laang Camione mat enger Längt vu bis zu 25 Meter, sinn a ville Länner erlaabt, just zu Lëtzebuerg net. D'DP-Deputéiert Gilles Baum an André Bauler hunn nogefrot, ob dëst net e kompetitiven Nodeel fir eis Wirtschaft duerstellt.
weiderliesen...
Sinn nom Reamenagement vun der N12 am Préizerdaul weider Reparaturaarbechte néideg?
No der Erneierung vun der N12 am Préizerdaul an de leschte Joren, stellt sech raus dass dës Strooss op verschiddene Plazen trotzdeem an engem schlechten Zoustand ass. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dowéinst nogefrot, ob virgesinn ass, op dëse Plazen zousätzlech Reparaturaarbechten duerchféieren ze loossen.
weiderliesen...
De Luuchtepotto als Luedstatioun fir Elektroautoen?
Ënner anerem an Dortmund gëtt un engem System geschafft, bei deem en den Elektroauto un der Stroosseluucht opluede kann. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hunn nogefrot, ob dat keng Iddi wier, fir och zu Lëtzebuerg ëmzesetzen.
weiderliesen...
Kaméidisradare wéi a Frankräich och zu Lëtzebuerg?
Zënter kuerzem ass a Frankräich e Kaméidisradar am Asaz fir géint den iwwerméissege Kaméidi vu friséierte Motorrieder virzegoen; weiderer si scho geplangt. D'DP-Deputéiert Gusty Graas an André Bauler hunn nogefrot, ob sou Radaren och zu Lëtzebuerg virgesi sinn.
weiderliesen...
Sinn nei P&R am Réimecher Kanton geplangt?
Aus dem Minister senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro geet ervir, dass keng zousätzlech P&R am Réimecher Kanton geplangt wieren. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann huet doropshin nogehaakt, wat d'Grënn dofir sinn.
weiderliesen...
Wéi steet et ëm den Ënnerhalt vun de staatleche Vëlospisten, besonnesch am Wanter?
Blieder, Bulli oder soss Knascht op de Vëlospisten stelle grad am Wanter e Sécherheetsrisiko fir Vëlosfuerer duer. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet dowéinst nogefrot, wéi et ëm den Ënnerhalt vun de staatleche Vëlospiste steet.
weiderliesen...
Wat sinn d'Grënn fir d'Heefung vun den technesche Problemer beim Tram?
Wéi et schéngt, hu sech d'technesch Problemer beim Tram an der Lescht geheeft. D'DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn hunn dowéinst beim Minister nogefrot fir weider Informatiounen ze kréien.
weiderliesen...
Wéini ginn d'Héichwaasserschied un enger Mauer zu Veiane gefléckt?
Duerch d'Héichwaasser vum Juli ass zu Veianen eng Mauer, déi eng Strooss stäipt, agefall. Den DP-Deputéierten André Bauler wollt wëssen, wéini dëse Schued gefléckt gëtt.
weiderliesen...
Wéini kënnt déi geplangten Entlaaschtungsstrooss zu Iechternach?
D'Aarbechten um éischten Deel vum Iechternacher Bypass kéinte laut Ministère Enn 2021 ufänken. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann huet dowéinst nogefrot, wou de Projet drun ass a wéini d'Aarbechten tatsächlech ufänke sollen.
weiderliesen...
Geféierlech Manöver am Verkéier um Fridhaff
Reegelméisseg kënnt et zu geféierleche Manöver um Fridhaff, wa Chauffeuren d'Op- an Offaartbretellen notze fir de Stau op der N7 ze ëmfueren. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dowéinst nogefrot, ob d'Police an deem Kader net méi Kontrolle misst maachen.
weiderliesen...
Wisou geet de Chantier op der Maulesmillen net virun?
Zanter enger gewësser Zäit schéngt de Chantier op der Maulesmillen net virun ze goen. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot, wat d'Ursaachen heifir sinn.
weiderliesen...
Firwat dëst Joer keng Sensibiliséierungscampagne "Gitt siichtbar"?
An der däischterer Joreszäit ass et wichteg, dass Foussgänger a Vëlosfuerer gutt ze gesi sinn, fir de Risiko vun engem Accident ze reduzéieren. Déi lescht Jore gouf dowéinst eng Sensibiliséierungscampagne an deem Sënn organiséiert. Well déi dëst Joer awer wéi et schéngt ausfält, hunn d'DP-Deputéiert Max Hahn an André Bauler nogefrot, wat d'Grënn heifir sinn.
weiderliesen...
Wéi steet et ëm de geplangeten "Observatoire de la mobilité"?
De Koalitiounsaccord gesäit d'Schafe vun engem "Observatoire de la mobilité" vir. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet nogefrot, wou dee Projet drun ass.
weiderliesen...
Firwat ass d'Strooss tëscht Bäerdref an der Vugelsmillen nach ëmmer gespaart?
Bäi den Iwwerschwemmunge vum Juli 2021 ass d'Strooss tëscht Bäerdref an der Vugelsmillen staark beschiedegt ginn. D’Deputéiert Carole Hartmann freet beim Mobilitéits- an Transportminister wéi d’Reparaturaarbechte viru ginn.
weiderliesen...
Wat ass geplangt, fir déi geféierlech Kräizung zu Flatzbour ze entschäerfen?
Ëmmer nees kënnt et zu Accidenter op enger Kräizung zu Flatzbour. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dowéinst nogefrot, wat virgesinn ass, fir d'Plaz méi sécher ze maachen.
weiderliesen...
Wat ass de Sënn an Zweck vun der Kamera, déi tëscht Biissen a Viichten opgestallt gouf?
Tëscht Biissen a Viichten ass eng Kamera laanscht d'Strooss opgestallt ginn, dowéinst huet den DP-Deputéierten André Bauler nogefrot, wat et mat där Kamera op sech huet.
weiderliesen...
Entschäerfung vun enger geféierlecher Kräizung bei Steeën?
Ëmmer nees kënnt et zu schroen Accidenter op enger Kräizung bei Steeën. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dofir beim zoustännege Minister nogefrot, wat geplangt ass, fir dës Plaz méi sécher ze gestalten.
weiderliesen...
Brauch déi nei Akerbauschoul méi Parkplazen?
Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, dass wéinst dem Manktem u Parkplaze bei der neier Akerbauschoul vill Leit sech musse laanscht N14 stellen, wat ëmmer nees zu geféierleche Situatioune féiert. Den André Bauler huet dowéinst beim Minister nogefrot, ob net geplangt wier, de Parking beim LTA ze vergréisseren.
weiderliesen...
Ginn et Problemer mat de Busser beim Clierfer Lycée?
Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, dass et Problemer beim Clierfer Lycée géif ginn, wat d'Busser an d'Parkméiglechkeete betrëfft. Dowéinst huet hie beim zoustännege Minister nogefrot, wat genee de Problem ass a wéi dee behuewe kéint ginn.
weiderliesen...
Wéini soll d'Zuchbarrière bei der Dikrecher Gare verschwannen?
De Mobilitéitsminister hat virun engem Joer an Aussiicht gestallt, dass de Beräich virun der Dikrecher Gare komplett reamenagéiert gëtt, inklusiv dem Verschwanne vun der Zuchbarrière an dem Schafe vun engem Pôle d'échange. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dowéinst nogefrot, wéi wäit d'Etüde sinn a wéini mat den Aarbechten ugefaang ka ginn.
weiderliesen...
Goudronéierung mat Rollsplitt: Ginn et keng Alternativen?
Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, dass eng sëllege Gefierer an der Géigend vu Kietscht duerch Rollsplitt beschiedegt goufen, nodeems d'Strooss frësch gemaach gi war. Dowéinst huet hie beim zoustännege Minister nogefrot, ob et keng Alternative géif ginn, wa P&Ch eng Strooss frësch maachen, fir de Schued z'evitéieren, deen duerch Rollsplitt entstoe kann.
weiderliesen...
Ass et sënnvoll, de Bau vum Contournement vun Ëlwen eventuell no vir ze verréckelen?
Den DP-Deputéierten André Bauler wollt vum zoustännege Minister wëssen, wéi den Trafic duerch Ëlwen an de leschte Joren evoluéiert huet, an ob et deemno wéi net sënnvoll wier, de Bau vum Contournement virzezéien.
weiderliesen...
RGTR-Reform : Wat ënnerhëlt de Ministère fir dass d’Buslinnen 110 an 111 rëm méi attraktiv ginn?
Déi nei Buslinnen 110 an 111, sou wéi se am Kader vun der RGTR-Reform festgehale goufen, si fir vill Leit net méi intressant genuch fir den Auto stoen ze loossen, dat héiert een ëmmer nees aus der Regioun. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet dowéinst beim zoustännege Minister nogefrot, wat geplangt ass, fir dës Linne rëm méi attraktiv ze maachen.
weiderliesen...
Firwat huele vu Joer zu Joer manner Gemengen un der Europäescher Mobilitéitswoch deel?
Déi Europäesch Mobilitéitswoch soll d'Leit zu méi nohaltege Mobilitéitsforme wéi dem Auto sensibiliséieren. Well awer vu Joer zu Joer manner Gemengen un dëser Initiativ deelhuelen, huet den DP-Deputéierte Gusty Graas beim zoustännege Minister nogefrot, wourunner dat läit a wéi een den Trend ëmgedréint kéint kréien.
weiderliesen...
En neie Panneau op der A7 fir méi Reklamm fir d'Éislek ze maachen?
Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot, ob et méiglech wier, en neie Panneau op der A7 opzestellen, fir méi Reklamm fir d'Éislek, seng Landschaften a Schlässer, ze maachen.
weiderliesen...
Wéi kann een de Verkéier zu Saeul Meeschter ginn?
Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot wéi den Trafic sech zanter 2017 zu Saeul entwéckelt huet a wat fir Mesure geplangt si fir d’Situatioun ze verbesseren.
weiderliesen...
Wechmaache vun engem Eisebunnstunnel zu Rëmeleng: Wat ass den Impakt op d'Natur?
Zu Rëmeleng wëll d'CFL en historeschen Eisebunnstunnel opmaachen, d.h. de Buedem iwwer dem Tunnel ofdroen, fir d'Streck ze moderniséieren. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hunn nogefrot, wat fir en Impakt op d'Natur dës Aarbechten hunn.
weiderliesen...
Fluoreszent Markéierungen op den Autobunne fir eng besser Verkéierssécherheet?
An Holland ass virun e puer Joer e Pilotprojet gestart ginn, bei deem d'Markéierungen op der Autobunn mat Faarf, déi liicht, opgedroe goufe fir d'Verkéierssécherheet ze verbesseren. Wat ass d'Konklusioun vun deem Projet? Wier dëst och eng Iddi fir zu Lëtzebuerg ëmzesetzen? D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hu beim zoustännege Minister nogefrot.
weiderliesen...
Photovoltaik-Anlagen laanscht d'Autobunnen?
De Koalitiounsaccord gesäit vir, dass eidel Flächen laanscht d'Autobunnen an Zuchgleiser genotzt kéinte ginn, fir PV-Anlagen opzeriichten. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hunn nogefrot, wéi eng konkret Projeten et an deem Beräich bis ewell gëtt.
weiderliesen...
Zousätzlech Schallschutzmesuren op der N7 tëscht Dikrech an Ettelbréck?
Beim Reamenagement vun der N7 tëscht Dikrech an Ettelbréck war proposéiert ginn, zousätzlech Schallschutzmoossnamen op der Héicht vun der Cité Longchamps en Place ze setzen, z.B. a Form vun Hecken. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dowéinst nogefrot, ob nach ëmmer virgesi wier, dës Moossnamen ëmzesetzen a wa jo, bis wéini dat sollt geschéien.
weiderliesen...
Gleiseradare fir méi Sécherheet bei den Zuchbarrièren?
Wiere Gleiseradaren eng Iddi fir sou Accidenter wéi deen, dee rezent bei der Barrière zu Bartreng geschitt ass z'evitéieren? An Däitschland ginn et schonn op verschiddene Plazen sou Apparater, déi den Zuch warnen, wann eppes op de Schinnen steet. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet beim zoustännege Minister nogefrot a wollt iwwerdeems wëssen, wéi d'CFL mat dem Ersetze vu Barrièren duerch Ënnerféierunge...
weiderliesen...
Eng besser Signalisatioun a Kontroll fir geféierlech Situatiounen am Kader vum Chantier zu Dikrech z'evitéieren?
Den DP-Deputéierten André Bauler huet déi zoustännege Ministeren op déi geféierlech Verkéierssituatioun zu Dikrech higewisen a wollt wëssen, wat geplangt wier fir d'Situatioun z'entschäerfen.
weiderliesen...
Kënnt et zu Retarde bei der Ausliwwerung vun den neien Zich fir d'CFL?
D'DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn hu beim zoustännege Minister nogefrot ob et wéinst der Pandemie zu Retarde bei Liwwerung vun den neien Zich fir d'CFL kënnt, déi 2018 bestallt gi waren.
weiderliesen...
Stad Lëtzebuerg: Méi Plaz fir d’Mënschen
Déi douce Mobilitéit weiderbréngen, de Mënsche méi Plaz am ëffentleche Raum ginn, d’Stad nach méi attraktiv maachen: Scho virun der Pandemie ass um Knuedler vill doru geschafft ginn, ma Covid huet ouni Zweiwel gehollef, fir Projeten nach méi séier ëmzesetzen.
weiderliesen...
Grousse Chantier am Zentrum vun Dikrech
Viru kuerzem ass am Zentrum vun Dikrech e grousse Chantier ugefaange ginn, dee viraussiichtlech bis Enn des Joers wäert daueren. Vu déi grouss Perturbatioune vum Trafic huet den DP-Deputéierten André Bauler beim zoustännege Minister nogefrot, wat virgesinn ass fir de Chantier sou séier et geet iwwer d'Bün ze bréngen an den negativen Impakt sou kleng wéi méiglech ze halen.
weiderliesen...
Autorisatioun vu Gigaliner zu Lëtzebuerg fir manner CO2-Ausstouss am Transportsecteur?
Dem Direkter vum Lëtzebuerger Logistikcluster no wiere Camione vu 25 Meter eng Méiglechkeet, d'Emissioune vum Secteur erofzesetzen. Allgemeng géif den Transportsecteur awer riskéieren, d'Klimaziler ze verfeelen. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Gusty Graas hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob Gigaliner an Zukunft zu Lëtzebuerg erlaabt kéinte ginn a wéi eng Iwwerleeungen et ginn, fir dem Secteur...
weiderliesen...
E P&R um Hareler Poteau?
Aktuell géif et Diskussioune ginn fir e P&R um Hareler Poteau ze schafen. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot, ob dëse scho méi dozou soe kéint.
weiderliesen...
Wat sinn der CFL hir Pläng fir déi historesch Lokomotiv 5519?
D'Lokomotiv 5519 ass déi lescht lëtzebuergesch Damplokomotiv, déi nach operationell ass. Allerdéngs dierf se net méi op dem Lëtzebuerger Schinnennetz fueren, well se net mam ETCS Sécherheetssystem equipéiert ass. Och hir véier "Wegmann"-Waggonen dierfen aus Sécherheetsgrënn net méi fueren. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet dowéinst bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wat d'Pläng fir d'Lokomotiv...
weiderliesen...
Eng Widderhuelung vum Vëlosummer dëst Joer?
Nom Succès vum Vëlosummer 2020 wollt den DP-Deputéierte Max Hahn vun den zoustännege Ministere wëssen, ob schonn Detailer fir d'Editioun vun dësem Joer gewosst sinn.
weiderliesen...
Verknaschtung vun der Syr duerch de Findel
Virun allem am Wanter kënnt et ëmmer nees zu Verknaschtunge vun der Syr, déi op d'Entäise vun de Fligeren um Findel zréckzeféieren sinn. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet nogefrot, op et Analyse gëtt, wéi staark d'Syr doduerch belaascht ass, a wat ënnerholl gëtt, fir d'Situatioun ze verbesseren.
weiderliesen...
Exzessiv Vitess op der N7 tëscht Dikrech an Housen
D’Nationale 7 ass bekannt dofir datt deelweis immens séier gefuer gëtt. Elo rezent koum et méi dacks vir, datt tëscht dem Rond-Point Fridhaff an dem Rond-Point Housen immens gerannt gëtt. Dëst ass besonnesch bei Camionnetten opgefall déi owes a Richtung Belsch Grenz ënnerwee sinn. An deem Kader huet eisen Deputéierten André Bauler bei den zoustännege Ministeren nogefrot wéi vill Accidenter et an de...
weiderliesen...
Neie Vëloswee tëscht Walfer an Dummeldeng: Firwat net op der ganzer Streck?
Tëscht Walfer an Dummeldeng soll bis d'nächst Joer ee vum Stroosseverkéier getrennte Vëloswee gebaut ginn. Leider gëtt deen awer nëmmen 1 Kilometer laang, dat geféierlech Stéck duerch d'Kromm Längte mussen d'Vëlosfuerer weider op der Strooss fueren. Den DP-Deputéierte Guy Arendt huet beim zoustännege Minister nogefrot, firwat dat sou ass an ob net och virgesinn ass, fir de Rescht vum Wee bis op Walfer...
weiderliesen...
Zousätzleche Lärmschutz laanscht d'Autobunnen?
Am Aktiounsplang géint de Kaméidi bei grousse Verkéiersachsen ass a priori näischt virgesi fir de Lärmschutz laanscht d'A1 ze verstäerken. Der DP-Deputéiert Carole Hartmann ass awer zu Ouere komm, dass awer vill Leit, déi an der Géigend wunnen, sech weider Mesure géife wënschen. Dowéinst huet d'Carole Hartmann bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, ob net awer weider Mesure méiglech wieren.
weiderliesen...
Ännerung vum Code de la route: Manner Visibilitéit fir Vëlosfuerer
Vill Vëlosfuerer hunn eng Luucht um Vëlo, déi blénkt, fir dass ee se besser op der Strooss gesäit a wëll se sech sou méi sécher spieren. Well de Mobilitéitsminister sou Luuchte verbidde wëll, hunn d’DP-Deputéiert Max Hahn an André Bauler nogefrot, wéi et zu där Decisioun komm ass an ob d’Vëlosinteresseverbänn am Virfeld no hirer Meenung dozou gefrot gi sinn.
weiderliesen...
Fërderung vu Lëtzebuerger Produiten duerch staatlech Firmen?
Et ass den DP-Deputéierte Gilles Baum a Carole Hartmann zougedroe ginn, dass d'Luxair franséische Schampes op hire Flich zerwéiere géif. Déi zwee Ost-Deputéiert hunn dowéinst bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob et net sënnvoll wier Lëtzebuerger Cremant a Wäiner iwwer Firmen, wou de Staat Haaptaktionär ass, ze fërderen?
weiderliesen...
Wéi geet et mam Contournement Ettelbréck-Feelen virun?
Well et anscheinend net richteg viru geet mat de Planungen um Contournement Ettelbréck-Feelen, ënnert anerem och well nëmmen e klenge Budget fir Studie virgesi wier, huet den DP-Deputéierten André Bauler beim zoustännege Minister nogefrot, wat de Stand der Dinge an deem Dossier ass.
weiderliesen...
Firwat kënnen d’Zuch-Horaire net an de Gemengen-Appen integréiert ginn?
Verschidde Gemengen uechtert Land hunn eng mobil App lancéiert, wou een nieft dem Offall - a Manifestatiounskalenner och d‘Horaire vum ëffentlechen Transport an deene jeeweilege Gemenge ka consultéieren. An deem Kontext, hunn D'DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty beim zoustännege Minister nogefrot, firwat d’Zuch-Horaire den Ament net kënnen an dësen Appen integréiert ginn.
weiderliesen...
Wunnengen an Zuchstatiounen?
Op verschiddene Plaze ginn et scho Wunnengen an Zuchstatiounen. Mee wéi gesäit et generell am Land mat sou Projeten aus? Gëtt et do nach Loft no uewen? Wat ass geplangt? D'DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn hu weider Informatioune vum zoustännege Minister gefrot.
weiderliesen...
Arrêt Maulesmillen: Eng Iddi fir den Tourismus am Summer ze fërderen?
Nodeems d'Aarbechten um PC1 am Norde vum Land deemnächst sollen ufänken, freet den DP-Deputéierten André Bauler beim zoustännege Minister no, ob et net eng Iddi wier, am Summer nees um Arrêt Maulesmillen stoen ze bleiwen, fir den Tourismus an der Géigend ze fërderen.
weiderliesen...
Projet MMUST: Besser Organisatioun vun der Mobilitéit an der Groussregioun
Mam Projet "modèle multimodal et scénarios de mobilité transfrontaliers" (MMUST) sollen d'Verkéiersflëss an der Grenzregioun analyséiert gi fir d'Mobilitéit besser z’organiséieren. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet beim zoustännege Minister nogefrot, wéi wäit d'Aarbechten um Projet sinn an ob schonn en Tëschebilan gezu ka ginn.
weiderliesen...
Wéi wäit si mer mam autonome Fueren zu Lëtzebuerg?
Déi däitsch Regierung wëll an Zukunft op verschiddene Plazen am Land erlaben, dass vollautomatesch Gefierer ganz normal am Stroosseverkéier dierfe fueren, wou de Chauffer just an engem Noutfall muss agräifen. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet dowéinst beim zoustännege Minister nogefrot, wéi wäit mer hei zu Lëtzebuerg an deem Beräich sinn.
weiderliesen...
Nees méi Wuerentransport iwwer d'Strooss wéinst der Pandemie?
Ass nees méi Wuerentransport vun der Schinn op d'Strooss verluecht ginn an der Pandemie? Dem DP-Deputéierte Max Hahn ass zu Ouere komm, d'CFL Cargo hätt op mannst ee gréissere Client verluer, well de Camion an der Pandemie méi intressant wéi den Zuch wier. Hien huet beim zoustännege Minister nogefrot, ob dat tatsächlech sou ass a wat d'Regierung wëlles huet fir deem Trend entgéint ze steieren.
weiderliesen...
Moderniséierung vum CITA?
Laut Koalitiounsaccord soll de CITA enger Analys ënnerzunn an den techneschen Entwécklungen ugepasst ginn. Och soll allgemeng eng informatesch Strategie ausgeschafft ginn, fir d'Verkéiersfluxe besser ze leeden an d'Chauffere besser z'informéieren. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet nogefrot, wou d'Aarbechten dru sinn.
weiderliesen...
Méi Verkéierssécherheet duerch Handysradaren oder -dronen?
D'Oflenkung duerch den Handy stellt ëmmer méi e grousse Risiko am Verkéier duer. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet dowéinst bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wat se dogéint wëllen ënnerhuelen, an ob geplangt wier, wéi an anere Länner, speziell Radaren oder souguer Dronen anzesetze fir ze kontrolléieren, ob d'Leit sech un de Code de la route halen.
weiderliesen...
Wéi wäit ass déi geplangten national P&R-Strategie?
De Koalitiounsaccord gesäit d'Ausschaffe vun enger « stratégie nationale de stationnement et parking-relais (P&R) » vir. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet beim zoustännege Minister nogefrot, wéi wäit een domadder ass a wéini dës Strategie ka presentéiert ginn.
weiderliesen...
Firwat dauert et sou laang bis dass d'Leit d'Primm fir e Vëlo oder Elektro-Auto ausbezuelt kréien?
Den DP-Deputéierte Carole Hartmann a Max Hahn ass zu Ouere komm, dass et ënner Ëmstänn ganz laang dauert bis dass d'Leit d'Primm "Clever Fueren" och tatsächlech ausbezuelt kréien. Si hunn dowéinst bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, firwat dat sou ass a wat kann ënnerholl ginn, fir dës Delaien ze reduzéieren.
weiderliesen...
Wéi geet et viru mat der neier Verbindungsstrooss Fridhaff-Häerebierg?
De Projet sollt eigentlech Enn vum leschte Joer ufänken, ma et huet sech bis elo nach näischt gedoen. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot, wou de Projet drun ass.
weiderliesen...
Kënnt et zu weideren Upassunge bei der Buslinn 555?
No den Ännerunge vum Busplang vum 13. Dezember hunn eng Rei Linnen am Norde missten nach emol ugepasst ginn, well et zu Schwieregkeete komm ass, zemol beim Schülertransport. Well awer keng Adaptatioune bei der Buslinn 555 virgeholl goufen, quitt dass et och hei eng Rei Problemer gëtt, huet den DP-Deputéierten André Bauler nach emol beim zoustännege Minister nogefrot.
weiderliesen...
Ännerungen um Busplang: Problemer beim Schoultransport
Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, dass et am Kader vum neie Busplang zu Schwieregkeete beim Schülertransport wäert kommen, speziell wat d'Linn 545 Heischent-Ettelbréck betrëfft. Tatsächlech kéimen nom neie Plang d'Schüler entweder vill ze fréi oder ze spéit an d'Schoul. Den André Bauler huet dowéinst beim zoustännege Minister nogefrot.
weiderliesen...
Eng Navette tëscht dem Grenzparking Sterpenech an der Klengbettener Gare?
Fir de Beruffstrafic tëscht der Belsch a Lëtzebuerg ze verbesseren hu rezent zwee wallounesch Deputéiert proposéiert eng Busnavette tëscht dem Grenzparking zu Sterpenech an der Klengbettener Gare z'organiséieren. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet beim zoustännege Minister nogefrot, wat dësen dovunner hält.
weiderliesen...
Wéi steet et ëm den Iechternacher Bypass?
Schonn zënter op mannst 2013 ass e Bypass zu Iechternach virgesinn, fir den Duerchgangsverkéier ëmzeleeden. Laut Koalitiounsaccord hätten d'Aarbechten virun Enn 2020 sollten ufänken. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann huet beim zoustännege Minister nogefrot, wéi de Stand der Dinge an deem Dossier ass a wéini d'Aarbechte sollen ulafen. Donieft wollt hatt och wëssen, wéi wäit en anere Projet fir d'Verkéierssituatioun...
weiderliesen...
Wéi steet et ëm de Respekt vun der Maskeflicht am ëffentlechen Transport?
Zënter dem Abrëll besteet d'Maskeflicht am ëffentlechen Transport. Den DP-Deputéierte Max Hahn wollt vum zoustännege Minister wëssen, ob de Respekt vun där Reegel kontrolléiert gëtt a wat d'Resultat vun dëse Kontrollen ass.
weiderliesen...
Weider Informatiounen zur neier Nordstad-Jugendherberg
Am Kader vum Reamenagement vun der Ettelbrécker Gare soll och eng nei Jugendherberg gebaut ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei den zoustännege Ministere nogefrot, fir weider Informatiounen dozou ze kréien.
weiderliesen...
Mobil Radaren am Norde vum Land
Iwwer déi lescht Méint stoungen op zwou Strecken am Norde mobil Radaren, dëst tëscht Méchela an Ierpeldeng-Sauer, souwéi tëscht Ettelbréck a Feelen an tëscht Bidscht a Schumannseck. Eisen Deputéierten André Bauler huet dem Här Minister fir bannenzeg Sécherheet e puer Froen zu deene Radare gestallt.
weiderliesen...
Wéini gëtt d'Vëlospist PC35 fäerdeg gestallt?
Wéi et schéngt, géif nach just e klengen Deel feelen, da kéint d'Vëlospist PC35 fäerdeg gestallt ginn. Domadder géif et eng duerchgehend Vëlosverbindung aus dem Raum Suessem a Käerjeng, iwwer d'Gemengen Dippech a Bartreng bis op Mamer an an d'Stad ginn. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Frank Colabianchi hu beim zoustännege Minister nogefrot, fir wéini dës Aarbechten ofgeschloss kéinte ginn.