Opnam vu amerikanesche Fuerscher zu Lëtzebuerg am Kontext vun de Budgetskierzungen an den USA

Kéint Lëtzebuerg vun de massiven amerikanesche Budgetskierzunge profitéieren? Frankräich a Däitschland wëllen amerikanesch Fuerscher uspriechen – kéint Lëtzebuerg matzéien? Eng parlamentaresch Fro un d’Fuerschungsministesch vun eisen Deputéierten Gérard Schockmel a Barbara Agostino geet dëser Strategie no: Ass d’Land prett, amerikanesch Talenter opzehuelen, an op wéi engen Domänen?

Fro

„Laut engem Artikel vum 9. Mäerz 2025 hätt Frankräich seng Fuerschungsinstituter opgefuerdert ze préiwen, ob ee Fuerscher aus den USA kéint ophuelen, déi sech wéinst radikale Budgetskierzungen an den USA aktuell d’Fro no hirer Zukunft an den USA stellen. D’Universitéit Aix-Marseille hätt rezent schonn annoncéiert, ee Programm op d’Been ze stellen, fir Fuerscher aus den USA opzehuelen. Och an Däitschland géing een sech Hoffnung maachen, fir amerikanesch Fuerscher an d’Bundesrepublik ze lacken.

An deem Kader wollte mir der Madamm Ministesch fir d’Fuerschung an d’Héichschoul follgend Froe stellen:

  • Envisagéiert d’Madamm Ministesch d’Opnam vun amerikanesche Fuerscher, déi sech eventuell d’Fro no hirer berufflecher Zukunft an den USA stellen?
  • Sinn Gespréicher mat Fuerchungsinstituter oder der Universitéit zu Lëtzebuerg geplangt?
  • Ginn et Fuerschungsgebitter, fir déi Lëtzebuerg eng Präferenz hätt, wat d’Ophuele vu qualifizéierte Fuerscher ugeet?“

Äntwert

Eis Fuerschungslandschaft zu Lëtzebuerg ass ganz international ausgeriicht, an d’Attraktioun vun internationalen Talenter an der Fuerschung ass eng strategesch Prioritéit. An deem Kontext hu mir eis eng Rei Instrumenter ginn, fir international Fuerscher, onofhängeg vum Land wou si hierkommen, unzezéien an ze integréieren.

Ervirzesträichen sinn hei an éischter Linn d’Programmer PEARL an ATTRACT vum nationale Fuerschungsfong FNR. PEARL huet zum Zil, etabléiert international Fuerscher a strategesch wichtege Fuerschungberäicher unzezéien, wärend ATTRACT viséiert, villverspriechend jonk Fuerscher op

Lëtzebuerg ze zéien, fir hei eng Fuerschungsekipp opzebauen. Béid Instrumenter riichte sech u Fuerscher an de Beräicher vun de strategesche Fuerschungsprioritéiten, déi d’Regierung am Kader vun der nationaler Fuerschungs- an Innovatiounsstrategie definéiert huet an déi, wéi vum Regierungsprogramm virgesinn, reegelméisseg wäerten aktualiséiert gi fir neien Entwécklunge Rechnung ze droen. 

Béid Instrumenter sinn 2024 extern evaluéiert ginn, an d’Resultater vun dëser Evaluatioun hu gewisen, dass et sech ëm wichteg Outilen handelt fir de Lëtzebuerger Fuerschungsekosystem geziilt ze stäerken. D’Regierung wäert dës Instrumenter mat punktuellen Upassungen an Zukunft weiderféieren.

Mat Research Luxembourg hunn eis ëffentlech Fuerschunginstitutiounen eng Plattform fir sech zesummen international ze promouvéieren. De Fuerschungs- an Héichschoulministère schafft zudeem aktiv am interministerielle Kommitee fir Talent attraction mat, wou am Kader vun de lafenden Initiativen, notamment der Ausschaffung vun engem nationale Portal fir d’Attraktioun vun Talenter, och de Volet vun der Fuerschung mat afléisst. 

Generell wëll Lëtzebuerg sech als oppenen an attraktive Fuerschungsstanduert positionéieren an Talenter aus der ganzer Welt, och aus de Vereenegte Staaten, unzéien fir d’Diversitéit an d’Qualitéit vun eiser Fuerschunglandschaft ze stäerken, ouni eng cibléiert Strategie ze verfollege fir Fuerschungskompetenzen aus engem spezifesche Land ofzezéien.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Administrativ Belaaschtung am Grondschoulunterrecht

Trotz der Vereinfachung vun der administrativer Aarbescht an de Grondschoulen duerch de Bildungsministère, gëtt vu Gewerkschafte betount, datt d’Bürokratie fir d’Enseignanten éischter zougeholl hätt. Wéi gesäit d’Realitéit aus, a wéi kann d’kënschtlech Intelligenz hei eng Roll spillen? Eng parlamentaresch Fro vun eisen Deputéierten Gilles Baum a Barbara Agostino sicht no Äntwerten.

weiderliesen...

Zweeten Intervenant an A-EBS am Cycle 1 vum Grondschoulunterrecht

Fir eng besser pedagogesch Differenzéierung a méi Chancë vu Ufank un ze garantéieren, gesäit de Koalitiounsprogramm en zweeten Intervenant am Cycle 1 vir. Och am Kader vum Projet Alpha kéint dësen Intervenant eng wichteg Roll spillen, besonnesch bei der phonetescher Virbereedung vun de Kanner. Zousätzlech si sougenannte A-EBS geplangt, déi d’Enseignanten ënnerstëtze sollen. Eis Deputéiert Gilles Baum a Barbara Agostino hu beim Educatiounsminister nogefrot, wéi wäit dës Initiativen fortgeschratt sinn a wéi de Kalenner ausgesäit.

weiderliesen...

Wéi vill Persoune leiden un Anorexie ?

Nieft dem Iwwergewiicht ass och d’Anorexie ee Problem an eiser Gesellschaft. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot, wéi vill Anorexie-Patienten zu Lëtzebuerg hu missen hospitaliséiert ginn, wéi laang den Traitement an der Moyenne dauert a wéi sech d’Käschte vun den Traitementer an de leschten 10 Joer entwéckelt hunn.

weiderliesen...