Staat an ëffentlechen Déngscht

Staat a Fonction publique

Staat a Fonction publique: Performanten Déngscht um Bierger sécherstellen

De Lëtzebuerger Modell zeechent sech zanter jeehier duerch e modernen an effikassen ëffentlechen Déngscht aus. Kompetent a motivéiert Beamte sinn dobäi d’Basis; dat huet sech nach eemol kloer wärend der Coronakris gewisen. D’DP setzt sech weider fir eng Moderniséierung an Digitaliséierung vum ëffentlechen Déngscht an. Dobäi leeë mir extra grousse Wäert ob Proximitéit zum Bierger, op Transparenz an op Effikassitéit. Eist Zil ass et, dass Lëtzebuerg déi modernsten an digitaalste Verwaltung an Europa huet.

D’Beamtereform vun 2015 huet grouss Verännerungen a verschiddene Beräicher (Gehälter&Carrièren a Recrutement&Personalgestioun) mat sech bruecht. Carrièrë sinn un Diplomer an Ofschlosszensuren ausgeriicht ginn, nei Carrièrë sinn entstanen, anerer sinn an enger gemeinsamer Gehältertabell zesummegeluecht ginn. An de leschte Joren huet den DP-geféierte Ressortministère nei Reformen gemaach, fir d’Attraktivitéit vum Service public ze verbesseren. Mat spezifeschen Image-Campagnen ass op d’Villfältegkeet vun de Carrièren hingewise ginn. Weider sinn d’Stagë verkierzt, d’Gehälter ugepasst, d’Aus- a Weiderbildunge moderniséiert an déi ënnescht Carrièrë fir Beamten a Salariéen harmoniséiert ginn. Och d’Experienz aus der Privatwirtschaft gëtt elo méi staark consideréiert.

Ënnert dem Lead vum DP-geféierte Ministère fir den ëffentlechen Déngscht, konnt d’Regierung an de Joren 2021 an 2022 all Kéier en neit, responsabelt Gehälterofkommes mat der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP ofschléissen. De leschten Accord, mat enger Lafzäit vun zwee Joer, gesäit fir dëst Joer eng Hausse vu fënnef Prozent fir déi éischt 100 Gehälterpunkte vir. Dat entsprécht den Ament 111 Euro de Mount. Besonnesch Staatsbeamte mat enger méi niddereger Pai, déi am meeschten ënnert dem Kafkraaftverloscht wéinst der Inflatioun leiden, kommen déi fënnef Prozent zegutt. Vun 2024 un gëtt et eng generell Hausse vum Punktewäert vun 1,95 Prozent.

De Sozialdialog ass e wichtege Faktor vum Lëtzebuerger Erfollegsmodell – och an der Fonction publique. Eisen ëffentlechen Déngscht huet an der Covid-Kris eemol méi seng Systemrelevanz bewisen an e groussen Deel dozou bäigedroen, datt eist Land relativ gutt duerch d’Pandemie komm ass. Dofir sollten och an Zukunft – wann d’Staatskeesen dat erlaben – korrekt Tarifaccorde für Staatsbeamten, Employéen an Aarbechter verhandelt ginn.

Den Teletravail fir déi ëffentlech Verwaltung soll gesetzlech gereegelt ginn. Dofir soll och d’Okommes, dat tëschent der Regierung an de Sozialpartner beschloss ginn ass, schëtzeg ëmgesat ginn. D’DP ass der Meenung, datt och d’Reegele fir d’Grenzgänger mussen e legale Kader kréien. D’Kaderbedingunge ronderëm d’Sozialversécherungs- an d’Steierrecht, besonnesch d’Suspensioun vun der Dispositioun iwwer d’Duebelbesteierung, sollen ausgeschafft a gesetzlech verankert ginn.

D’DP steet fir Innovatioun a Flexibilitéit. Den Teletravail soll de Leit méi Flexibilitéit bei der Organisatioun vun hirer Aarbecht a vun hirer Fräizäit bidden. D’Reegele vum Homeoffice solle gesetzlech fixéiert ginn an och kloer Kaderbestëmmungen definéieren. Dat gëllt zemol fir Famillen, déi net am selwechte Stot liewen.

Just elo am Homeoffice besteet d’Gefor, fir onreegelméisseg oder méi laang ze schaffen. A well d’Leit gutt erreechbar sinn, besteet de Risiko, och an der Fräizäit wéinst der Aarbecht kontaktéiert ze ginn. D’DP steet kloer hannert dem Prinzip vum Recht op Deconnectioun.

Fraen op méi héije Poste sinn am ëffentlechen Déngscht nach ëmmer ënner-representéiert. D’DP wäert kucken, op wat déi Diskrepanz zeréckzeféieren ass, an eng gläichberechtegt Vertriedung vun de Fraen an der Fonction publique ënnerstëtzen.

D’Digitaliséierung huet an de leschte Joren duerch d’Pandemie enorm u Bedeitung gewonn, an ass net méi aus dem ëffentlechen Déngscht ewechzedenken. Duerch nei Technologien, eng besser Ausbildung a Formatioun vun de Staatsbeamten, d’Schafe vun enger Digital Academy a vun engem GovTechLab ass vill erreecht ginn. Dat hunn international Kommissioune Lëtzebuerg attestéiert an eist Land läit am Benchmark vun eGovernment den Ament op der drëtter Plaz ënnert 35 europäesche Länner.

D’DP setzt sech dofir an, dass an Zukunft alle administrativ Prozesser am Land ditital méiglech ginn; fir d’Bierger a fir d’Entreprisen. D’Prozedure sollten einfach a verständlech sinn, fir datt och Leit ouni gréisser digitaalt Wësse maximal dovunner profitéiere kënnen.

Déi kënschtlech Intelligenz (KI) gëtt ëmmer méi wichteg an och de Staat huet éischt Experienze mat Pilotprojete gemaach. Dobäi ass et wichteg, dass dat an engem passende Kader geschitt an d’Initiativ vun Experte begleet gëtt. Besonnesch bei de sougenannten Chatbots, déi de Leit Erkläerungen an Informatioune liwweren, verspriechen déi nei Technologien eng wäertvoll Ënnerstëtzung.

D’Aarbecht an de Verwaltunge soll nach besser vernetzt ginn. Ënnert de Konditioune vum Dateschutz soll et méiglech sinn, Dokumenter tëschent den eenzelen Administratiounen ze deelen, fir onnéideg Deplacementer z’evitéieren. Follow-up-Referenznummere fir administrativ Prozedure sollen de Bierger an de Betriber hëllefen, fir zu all Ament ze wëssen, wou hir Dossieren dru sinn.

Fir dat alles z’erreechen, soll méi an d’Infrastrukturen investéiert ginn. Och déi technesch Kapazitéite vun de Leit am ëffentlechen Déngscht solle weider verbessert ginn. Mat der progressiver Digitaliséierung ass och d’Weiderbildung e wichtegen Eckpeiler, fir déi Entwécklung z’ënnerstëtzen. D’DP wëll dofir déi fachlech Kompetenze vum Personal weiderentwéckelen an d’Leit mat den néidege Moyenen equipéieren, fir hir Arbecht am Déngscht vun der Allgemengheet maachen ze kënnen.

Cf. Kapitel Digitaliséierung a Medien

Cf. Kapitel Digitaliséierung a Medien

Normal Guichete sollen och an Zukunft bestoe bleiwen, wou d’Leit bei hiren administrativen Dossieren/Prozedure gehollef kréien. D’Guichete sollen an all de Géigende vum Land sinn.

D’DP wëll d’Iwwerstonnen och am ëffentlechen Déngscht exoneréieren – esou wéi an der Privatwirtschaft.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp