D’DP setzt op ënnerschiddlech Formater fir seng Memberen iwwer déi politesch Aktualitéit a Liewen an der Partei um Lafenden ze halen.
DP Magazin
Den DP-Magazin bidd Reportagen iwwert déi politesch Aktualitéit, spannend Geschichten aus dem Liewe vun der Partei an interessant Rubricke mat eise politesche Gesiichter.
Du hues Froen, Remarken oder Virschléi zur politescher Aktualitéit? “An d’Blot gefrot” ass de Live-Q&A vun der DP-Fraktioun mat iech. Hei kanns du am Kader vun engem Livestream direkt mat den DP-Ministeren a Deputéierten schwätzen. Schéckt eis deng Meenung. Mir äntwere garantéiert.